Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Zero Day" mam Robert De Niro
    Eng nei Polit-Thriller-Serie op Netflix. Dausende Mënsche stierwe wärend enger grousser Cyberattack op d'USA. Den Ex-President (Robert De Niro) gëtt aus der Pensioun geholl, fir no de Schëllegen ze sichen. D'Serie ass kompakt a gëtt vum Haaptacteur gedroen, och wa se mat Momenter de Mond ze vill voll hëlt. Den Yves Stephany huet “Zero Day” gekuckt.
    5 min
  • D'Bady Minck zu London

    Zu Leeds am Norde vun England weist eng Ausstellung Wierker vun däitsch-sproochegen Kënschtlerinnen aus der Nokrichszäit. Dobäi war ee Film vun der Lëtzebuergerin Bady Minck e grousse Renner bei de Jonken. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken.

    6 min
  • E Raum voller Klanglandschaften

    Aen zou an Oueren op - Lëtzebuerg ass dëst Joer mat dem Architekten - a Curateur-Trio Valentin Balsac, Alice Loumeau a Mike Fritsch - op der Architektur-Biennale zu Venedeg vertrueden. An hirem Projet “Sonic Investigations” sollen natierlech a kënschtlech Geräischer aus eiser Ëmwelt matenee verschmëlzen. Heifir hu si mam Soundkënschtler Ludwig Berger zesummegeschafft an hunn d’Dieren zu ganz neie Klangwelten opgemaach. De Joé Birchen wollt wëssen, wat fir si den Toun esou besonnesch mécht an huet eis ee Klangbeispill vum Projet matbruecht.

    8 min
  • "Our Last Dance"

    “Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.

    10 min
  • TUYS - Nei EP "◑◐◐" an 18. Gebuertsdag
    D'Diddelenger Indie-Band TUYS waren op flotte Plazen an deene leschte Joren. Fir d’éischt zesummen op Berlin geplënnert, duerno zeréckkomm an Two Steps Twice, hir Management a Produktiounsboîte gegrënnt. Si hunn ee Konzeptalbum verëffentlecht mat Reflexiounen iwwer eng Welt, déi sech binariséiert, originell Videoclippe realiséiert a sech erëm nei fonnt. Iwwer hir nei EP “◑◐◐” an den 18. Gebuertsdag vun der Band, deen den 2. Mee an de Rotondë gefeiert gëtt, schwätze mir mam Tun Biever.
    10 min
  • Lune de miel - Le baiser du sphynix
    Hongreg Haien, e mysteriéise Päiperlek aus dem alen Ägypten a Waffen- an Drogenhändler, dat sinn d'Ingredienten, déi de Basitien Vivès fir seng BD benotzt. E Wierk, dat den Nicolas Calmes jidderengem recommandéiere kann, deen eppes mat den “Indiana-Jones”-Filmer oder den “Uncharted”-Videospiller ufänke kann.
    5 min
  • International Classical Music Awards 2025

    D'Gala vun den International Classical Music Awards ass all Joer op enger anerer Plaz. 2022 war se an der Lëtzebuerger Philharmonie. Dëst Joer ass d'Gala an der Tonhalle Düsseldorf. Ënner de Gewënner ass 2025 mam Cellist Benjamin Kruithof och ee Lëtzebuerger. An der aktueller Saison als Rising Star an der Philharmonie opgetrueden, gëtt dee 26 Joer alen Cellist bei den ICMA mam Young Artist of the Year Award ausgezeechent. Lauschtert de Concert mat Moderatioune vum Lex Kauffmann a Christophe Mirkes iwwer de radio 100,7 oder online am Livestream iwwer de Site www.opus.radio.

    6 min
  • Generalprouf vun “F for Fake Light” am Casino
    Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d’selwecht ass? D’Kerstin Thalau huet d’Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d’Däischtert ze bréngen.
    11 min
  • Am Gespréich mam Filip Markiewicz
    De Sophokles an den Euripides ginn ni al, dofir sinn hir Geschichten ze universell - dat, well se dacks vu Gewalt a Vendetta, Léift, Jalousie a Familljentragedien a Kricher erzielen. Grond genuch fir de multidisziplinäre Kënschtler Filip Markiewicz eng ganz eege Versioun vun der Geschicht vun der Elektra, iergendwou tëschent Theater, Oper a Konschtinstallatioun, an de Studio vum Groussen Theater ze bréngen.
    16 min
  • Haarden, kompromisslose Punk
    D’Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband, déi sech duerch hir Live-Optrëtter an hir politesch Messagen en Numm gemaach hunn. E Mëttwoch (19.3.) spille si an de Rotonden. D’Claire Barthelemy huet mat hinne geschwat.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners