Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Concert, bei deem de Sologeiist an den Dirigent eng Persoun ass
    "Je suis sur scène comme dans la vie" - dat verréit eis de Renaud Capuçon an engem Gespréich. Beim Concert haut (27.3.) den Owend an der Philharmonie steet de franséische Geiist am Mëttelpunkt. Hien trëtt weltwäit op, an dat net nëmme mat senger Gei, mee och als Dirigent. Bei dësem Concert huet de Museker och déi zwou Kapen un.
    "Man muss jung sein um gute Dinge zu tun" - dat Zitat vum Goethe passt ganz gutt bei de Programm vum Concert, well all Wierker hunn de Beethoven, Mozart a Mendelssohn wärend hirer Jugend komponéiert.
    Dëse Concert iwwerdroe mir haut den Owend live um opus 100,7 a radio 100,7 (Donneschdeg, de 27. Mäerz) vun 19:30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vu Marie Schockmel a Maria Gutierrez moderéiert gëtt.
    D'Marie Schockmel huet sech zwee Deeg virum Concert am Backstage vun der Philharmonie mam Museker fir e Gespréich getraff, an deem hien nawell vill spannend Saache verroden huet.
    Programm:
    Ludwig van Beethoven: "Die Geschöpfe des Prometheus op.43": Ouverture
    Wolfgang A. Mozart: Concerto fir Gei Nr. 3 KV 216
    Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie Nr. 3 "Schottische"
    Interpreten:
    Lëtzebuerger Philharmoniker
    Renaud Capuçon, Direktioun & Gei
    7 min
  • Den 28.03. ass an der Escher Konschthal LEAP-Gala
    Muer den Owend gëtt an der Escher Konschthal de LEAP, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize, verginn. Dräi vun de véier Nominéierten hu mir Iech an de leschten Deeg, mat hiren Ausstellungsprojete fir de Präis, virgestallt. No Mike Bourscheid, Rozafa Elshan a Jil Lahr feelt just nach d‘Lynn Scheidweiler, Joergang 1994, ausgebilte Bünebildnerin a Kostümdesignerin. D‘Kerstin Thalau wollt vun der Lynn Scheidweiler ënner anerem wëssen, wat de LEAP fir si bedeit.
    7 min
  • Batteren Téi mat Peng!
    Greentea Peng, do denkt een un Dub, Neo-Soul a psychedeelesche Pop, déi sech wéi an enger haarder Kamell zesummen a Spiralen dréien. De Goût: gréngen Téi, kompromësslos vitaliséierend a bis elo ëmmer mat enger gudder Dosis Zocker. Dee feelt awer op der neier bal ganz, an dat strooft den Titel “Tell Dem It’s Sunny” - ee Saz, deen d’Aria Wells hirem Bëbee um Ufank vun der Plack seet - Ligen. Well Reen, verzerrte Gittar, äiskal Synthesizer a Welten, déi op Säit, déi Angscht maachen, vu psychedeelesch siche ginn, huele séier Iwwerhand.
    De Marc Clement huet d’Plack fir eis gelauschtert an ass am Studio, fir doriwwer ze schwätzen.
    8 min
  • Hot Milk
    Zesumme mat Schüler:innen aus der Klass 3e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass. Am Studio waren d'Irini Faskiotis, d'Lisa Welter an d'Guilia Goncalves.
    8 min
  • 100 Joer Pierre Boulez
    De Pierre Boulez ass eng Schlësselfigur vun der zäitgenëssescher Musek. Op engem 26. Mäerz 2025 wier de Komponist haut 100 Joer al ginn.
    Mir blécken zeréck op e Mënsch, dee fir eng Distanz tëschent senger Musek an dem Publikum gesuergt huet. Als Dirigent hat hien immens grousse Succès a konnt weltwäit grouss Orchestere leeden. Als Komponist huet de Boulez déi seriell Musek op en Héichpunkt bruecht a mat ville Reegelen a mathemateschen Usätz verännert. Mee verléiert d'Musek duerch esou vill Reegelen net hir Kreativitéit?
    Fannt et eraus an engem Gespréich tëschent dem Jean Thill a Lex Kauffmann vum opus 100,7.
    8 min
  • LEAP-Laureat: Mike Bourscheid
    D‘Konschtgeschicht: e renge Männerdomän? Werft een e Bléck op déi véier aktuell Nominéiert fir de LEAP, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize, schéngt dat net méi wierklech ze stëmmen; dorënner sinn nämlech 4 Dammen an een Här: de Multi-Media-Kënschtler a Performer Mike Bourscheid, 1984 zu Esch-Uelzecht gebuer, an domat och 10 Joer méi al wéi seng Matstreiderinnen. D‘Kerstin Thalau ass an der Escher Konschthal méi iwwer säin Ausstellungsprojet fir de LEAP gewuer ginn.
    6 min
  • Theaterpremière: "E kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit"
    De Pim Knaff, de Georges Mischo, de Xavier Bettel, d’Elise Schmit an de Jean Portante - am Guy Helminger sengem "kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit" kritt bal jiddwereen eng op den Deckel, déi heftegst Kritik gëllt awer dem Auteur selwer - wien och ëmmer hien ass. De Guy Helminger, oder en Alter Ego vun him, lieft am Kasemattentheater, bedrénkt sech mat schlechtem Wäin, wiedert géint Politik, d’Literaturzeen, Europa a Cancel Culture - an erënnert sech a kuerze Fragmenter u seng oder engem anere seng Vergaangenheet. Well wann all Autobiografie eng Ligen ass, kann ee souwisou soen, wat engem grad an de Sënn kënnt. Knapp dräi Stonne virun der ausverkaafter Première am Kasemattentheater empfänkt de Jeff Schinker d’Metteure en scène Liss Scholtes an de Schrëftsteller Guy Helminger am Studio.
    18 min
  • Went Up The Hill
    Zesumme mat Schüler:innen aus der Klass 3e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass. Am Studio waren d'Sissi Zitong Ao an d'Mikaela Zaneva.
    7 min
  • Neien Album mat ungarescher Musek fir Flütt
    An der Welt vun der klassescher Musekswelt ginn dacks Albumen opgeholl mat Musek vu Komponisten, déi net méi liewen. Bescht Beispiller sinn de Mozart oder de Bach. Op dem Markus Brönnimann sengem neien Album ass Musek ze héiere vun engem Komponist, deen aktuell 99 Joer huet an ëmmer nach weider Musek schreift. Et ass de György Kurtág aus Ungarn.
    De Markus Brönnimann, deen ënner anerem zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker ass, spillt net eleng op dëser Produktioun, mee mat dobäi si weider 8 Museker:inne vu Lëtzebuerg an aus der Géigend.
    De Sonndeg 30. Mäerz ass de Release-Concert vum Album am CAPE zu Ettelbréck. Do trëtt de Markus Brönnimann mat der Kammerata Luxembourg op an um Programm steet nieft der Albummusek ënner anerem och nach eng eege Kompositioun vum Flüttist.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Markus Brönnimann ënner anerem, datt hien och scho mam ungaresche Komponist a Kontakt war.
    14 min
  • BD-Ausstellung zu Bréissel
    D’Welt vun de BDen ass immens villsäiteg. Wou se soss vun de Superhelden dominéiert gouf, si Comicken elo och als journalistesche Medium beléift. Ee Musée zu Bréissel taucht an d’Geschicht vum Genre an huet dobäi och puer europäesch Indie Bijouen erausgesicht. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners