Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Ultramarin" vun der Ann-Christin Kumm
    Net grad déi lëschtegst Summerlecture, trotzdeem derwäert, der Ann-Christin Kumm hiren éischte Roman "Ultramarin" ze liesen, mengt d'Valerija Berdi. D'Buch ass am Hanser-Verlag eraus komm.
    5 min
  • EUYO – European Youth Orchestra
    EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Unioun. Joer fir Joer kommen aus 27 verschiddenen Natiounen Musekerinnen a Museker zesummen, fir ee Joer laang eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen. Am Jury an Conseil d’administration vum EUYO ass och den Joe Haas, responsabelen beim Lëtzebuerger Kulturministère fir d’Ënnerstëtzung vun Artisten.
    0 min
  • Pop-Rock-Rentrée zu Lëtzebuerg
    De Schluss vun de Congés annulés ass glaichzaiteg bal de Startschoss fir d'Rentrée... Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.
    6 min
  • Cornelius - Refractions
    De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur. Den Numm hat hien deemools un de Schimpans am originale Planet of the Apes Film vun 1968 ugeleent, a säin Duerchbrochsalbum “Fantasma” vun 1997 huet deemools Vergläicher mam Brian Wilson abruecht, esou kandlech-verspillten Tournure waren dorop ze fannen. De Marc Clement huet an den neisten Album vum Japaner erageläuschtert.
    0 min
  • Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer

    Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend – esou ass den neie Roman vum südkoreanesche Schrëftsteller Kim Ho-Yeon. Dofir ass och d‘Buch "Jae-yeons Reise ans Meer" e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch ass an däitscher iwwersetzung am Hanser-Verlag erauskomm.

    6 min
  • "La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon
    Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Den Ufank vun der Serie iwwer déi franséisch Rentrée littéraire mécht "La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon – eng Zort Agatha Christie Remake am Kontext vu männlecher Toxeschkeet.
    5 min
  • Smartglasses
    Smartglasses si Brëller, déi kleng Kameraen a Microen am Gestell hu mat deenen ee ganz einfach filmen an ophuele kann. De bekanntste Modell ass vu Meta: D‘Firma hanner Facebook, Instagram a WhatsApp. Meta gëtt elo kritiséiert, well dës Brëller ëmmer méi benotzt gi fir Leit heemlech ze filmen. Géint dës nei Tech-Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
    5 min
  • "Angel Down" vum Daniel Kraus
    Den Pulitzer Präis fir Fiktioun ass dëst Joer un e Buch gaangen, an deem sech Krichsliteratur a Science Fiction mateneen vermëschen. Et ass dem Daniel Kraus säi Buch "Angel Down". An dat huet hien an engem eenzege Saz geschriwwen.
    D‘Claire Barthelemy huet et fir eis gelies.
    0 min
  • "Transcription" vum Ben Lerner
    Well en Handy futti fiert, kann ee Mann säin Interview net an den uerdentleche Konditioune féieren. Wat wéi ee journalisteschen Albdram kléngt, féiert am Ben Lerner sengem kuerze Roman “Transcription” zu enger poetescher Meditatioun iwwer Memoire, Identitéit an d’Archivéiere vu Wëssen an enger Zäit, an där de Smartphone dacks d'Denken an d’Stockéiere fir eis iwwerhëlt. De Jeff Schinker huet de Roman fir eis gelies – an ass begeeschtert.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners