Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Liestipp: Anne Weber - Annette, ein Heldinnenepos
    Am Moment ass d‘Verfilmung vum Homer senger “Odyssee” e grousse Sujet. D‘Valerija Berdi huet Iech eng ganz aner Helden-, oder besser gesot Heldinnen-Geschicht ze proposéieren. Kee Film, mee e Buch. Der däitscher Schrëftstellerin Anne Weber hiert Wierk: "Annette, ein Heldinnenepos". Eng Odyssee vun enger anerer Zort.
    D'Buch koum am Verlag Matthes & Seitz eraus.
    5 min
  • Programm vun der Saison 2026/2027 vum CAPE Ettelbréck

    Ganz vill Variatioun, esou kann een d’Saison 2026/2027 vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck iwwerschreiwen. An dobäi gëtt op en Neits fir déi nächst Saison ganz vill op “Community and Participation” gesat.

    Ganz vill Variatioun wëllt heeschen, datt Kreatiounen a Co-Produktiounen um Programm stinn a Variatioun heescht awer och, datt Spektakelen a véier Sproochen ugebuede ginn: Franséisch, Däitsch Englesch a Lëtzebuergesch. A wa mir vu Kreatioune schwätzen, ganz spannend dierft d’Kreatioun “Die sieben Todsünden” vu Kurt Weill a Bertolt Brecht am Februar d'nächst Joer ginn.

    Detailer dozou an iwwer de ganze Programm huet de Jean Claude Majerus bei der Directrice Artistique vum CAPE Ana Maria Tzekov nogefrot.

    0 min
  • Lëtzebuerger Fotografen haten de Sujet Tourismus scho fréi am Viséier
    D’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt eng 7 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëschent 1855 an haut gemaach goufen. Dat mam Zil, d’Evolutioun vun der Stad, hiren Awunner:innen an Evenementer dokumentéieren ze kënnen. Fir hir Schätz mat der Ëffentlechkeet ze deelen, organiséiert d’Ekipp vun der Fotothéik am Summer traditionell eng Expo am Ratskeller vum Cercle Cité. “More than a postcard” ass déi aktuell Fotoausstellung iwwerschriwwen. An et ass e bësse manner bebaut Ëmwelt oder Vegetatioun ze gesi wéi soss: am Fokus stinn nämlech d’Touristen. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend an dem Christian Aschman vun der Fotothéik.
    10 min
  • Concertsrapport: Deadletter
    Deadletter sinn eng brittesch Post-Punk-Band, gegrënnt 2020, a bekannt fir hiren düstere, sarkasteschen a komescherweis danzbare Sound mat dreiwendem Saxofon a messerschaarfe Gittaren. Gëschter hu si op de Congés annulés an de Rotonden ee laang erwaarten, well schonn eemol verluechte, Concert gespillt. De Marc Clement war lauschteren a kucken.
    6 min
  • Elise Schmit – "Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf"
    Sechs plus eng Erzielungen, déi all eenzel d‘Lieser:innen an de Bann zéien – déi huet d‘Elise Schmit ënner dem Titel “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf“ erausbruecht. De Recueil koum am Luchterhand-Verlag eraus an ass e Liestipp vum Valerija Berdi.
    0 min
  • La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création
    Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création: dëst als Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Bis Enn August gëtt momentan déi 6. Triennale ënner dem Titel “Common Ground” an de Rotondë gewisen. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen iwwerholl, mee den Duo Liliana Francisco a Steven Cruz, selwer nach jonk Kënschtler, déi virun dräi Joer de Kollektiv La Concierge gegrënnt hunn, fir mat Gruppeninitiativ fir d’Unerkennung vum Kënschtlerberuff ze kämpfen. De Steven Cruz an de Marc Scozzai vun de Rotonden hunn dem Kerstin Thalau verzielt, wéi si hire “Common Ground” fonnt hunn.
    0 min
  • Living by the Rule: Contemporary meets Medieval am Sainsbury Center Norwich
    Wellbeing, Work-Life-Balance, iwwer de Sënn vun der Existenz meditéieren … dat kléngt no aktuellen Trendsujeten. Mee se schéngen och am Mëttelalter schonn eng wichteg Roll gespillt ze hunn: eis London-Korrespondentin Marie Billon war d’Expo "Living by the Rule: Contemporary meets Medieval" am Sainsbury Center Norwich, also am Oste vun England, kucken.
    0 min
  • Monika Helfer: En Noruff
    Déi éisträichesch Schrëftstellerin Monika Helfer ass leschte Sonndeg, 2.8., onerwaart am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hire Roman "Die Bagage", deen 2020 am Hanser-Verlag publizéiert gouf, ass den éischten Deel vun hirer Familljentrilogie, dee mat sëllege Literaturpräisser ausgezeechent gouf an déi däitschsproocheg Géigewaartsliteratur gepräägt huet. D’Valerija Berdi mat engem Portrait.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners