Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Sound als Vecteur fir kritesch Iwwerleeungen
    Den Ausdrock “Etat brut” bezeechent de Réizoustand vun engem Diamant oder Korallen, zum Beispill. “Brut” deemno am Sënn vun organesch, natierlech, onbehandelt, awer och primitiv. Et gëtt de Salaire brut, ewell och d’Information brute, also déi net inzenéiert Info op Soziale Medien. An der Escher Konschthal ass eng vun den aktuellen Expoe mat Titel “Etat bruit” iwwerschriwwen. Klangkonscht? D’Konschthal war jo fréier e Miwwelbuttek. Do ass et guer net esou einfach, Klang an Evidenz ze setzen. D’Kerstin Thalau mat Impressiounen
    0 min
  • George Sand
    Dëst Joer markéiert den 150. Doudesdag vun der franséischer Schrëftstellerin George Sand. Och wa si als Maîtresse vum Frédéric Chopin oder als Kannerbuchautorin bekannt ass, esou sinn et hir sozial, politesch, subversiv a modern Schrëften, déi bedeitend sinn. Esou lues kënnt dat och an de Käpp a Frankräich an a Groussbritannien un, wou eng Rei Autorinnen drop opmierksam maachen. E Reportage vun der Marie Billon
    0 min
  • Albumrezensioun: Trophy Wife - Pathetic
    Trophy Wife hu mat dëser véierter Plack net just en neien Album erausbruecht, mee eng kloer Ausso gemaach, wouhinner d'Rees geet. D'Melodië si méi kloer, d'Produktioun méi ausgeräift an d'Stëmm vun der Sängerin steet méi selbstbewosst am Virdergrond wéi jeemools virdrun.
    4 min
  • Fir den 20. Gebuertsdag ass de Mudam “on tour”
    Wat leeft? Do dréit der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hir Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hir Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Theema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung, dëst am Kontext vu sengem 20. Gebuertsdag. Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung si momentan duerch zwielef Kantonen “on tour”, sinn a lokale Muséeën, Administratiounen, Bibliothéiken, Kulturzentren ze gesinn. D’Kerstin Thalau ass vun der Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam, méi gewuer ginn.
    9 min
  • Wann Jazz op Sonnett trëfft
    A sengem neie Gedichtband "Sonné d'Amérique" (Lisière éditions) verpaakt de Florent Toniello seng Nordamerika-Andréck a Form vu klassesche Sonetten. De Michel Delage huet d'Buch gelies.
    0 min
  • Mat der Polaroidkamera KENG banal Souvenirbiller schéissen
    De visuelle Kënschtler a Grafiker Paul Kirps ass Iech eventuell duerch seng “Konscht-um-Bau”-Aarbechten e Begrëff: seng monumental abstrakt Wierker sinn zum Beispill an der Europaschoul zu Mamer oder dem Lycée Edward Steichen zu Klierf, respektiv op der Fassad vum provisoresche Jean-Monnet-T-Gebai vun der EU-Kommissioun um Kierchbierg ze gesinn. Mee hie kann och ganz anescht an a ganz aneren Dimensiounen: am Centre d’art zu Klierf invitéiert hie bis den 30. August op d’Polaroid-Expo “instant journey”, mat Momentopnamen aus den USA, Japan, Island, mee och vu Lëtzebuerg. Et geet dem Paul Kirps dorëms, d’Polaroid-Format vum Klischee vum banale Souvenirbild ze befreien. D’Kerstin Thalau war d’Expo kucken.
    10 min
  • Zu Bouneweg huet d'Musek keng Summerpaus!
    D’Congés annulés sinn de leschte Weekend ugaange mat enger Ouverturessoirée mat vill Punch: GANS, déi englesch Band, déi den Eurosonic am Wanter a Stëmmung versat hat, stoung dem däitschen Elektromusker Chris Imler géigeniwwer, ënnerstëtzt vun de Lëtzebuerger Sheebaaba. Iwwer deen zweete Concert, deen e Sonndeg war a wou Faraquet a Mutiny on the Bounty op der Affiche stoungen, erzielt eis de Marc Clement a kuckt zesumme mam Programmateur Marc Houser op dat, wat do nach waart.
    11 min
  • Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut
    Et gi Romaner, déi d‘Welt an enger grousser Geschicht erzielen, hei ass e klenge Roman, eng duuss Geschicht, wou ganz vill drasteet. Et geet ëm dem Michael Köhlmeier säi Wierk: “Das Mädchen mit dem Fingerhut” – e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch koum am Hanser-Verlag eraus.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners