Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschent 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der Reegel guer keng professionell Karriär am Konschtberäich maache konnten, ënner anerem well et keng Héichschoule fir si gouf. Sämtlech Departementer vum Nationalmusée hu sech zesummegedoen, fir déi spannend Expo “Berthe Brincour, une artiste hors norme et hors temps” op d’Been ze stellen. D’Kerstin Thalau gouf am MNAHA vun der Expo-Commissairin Liz Hausemer méi gewuer.