Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 1/2
    Plomm - dat kléngt no Liichtegkeet an Duussheet. Plomm - dat ass den Numm vum Kannermusée, deen zu Wolz säi Sëtz huet. A wat esou besonnesch un dësem Musée ass, wisou e mat engem klassesche Musée absolut näischt ze dinn huet a wéi e Gewiicht d'Meenung an Aktivitéit vu Kanner a Jugendlechen hunn, dat erzielt den Nick Friedl vum Kannermusée am Gespréich mam Valerija Berdi.
    13 min
  • Figure vun der Monstruositéit 1/2
    "Monstre-moi" ass ee queere Psycho-Thriller, an deem sengem Zentrum en Interrogatoire tëschent enger Psychiaterin an enger Massemäerderin steet. Am Stéck, dat mat den Erwaardunge vun den Zuschauer:innen an de Mechanisme vum Thriller spillt, geet et ëm d’Erfuersche vun der Figur vun der (weiblecher) Monstruositéit. "Monstre-moi" ass eent vun de ville Stécker, déi am Off vun Avignon lafen.
    De Jeff Schinker huet sech mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Autrice a Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d’Stéck ënnerhalen – an doriwwer, wéi ee mat enger onbekannter Produktioun an ouni grouss finanziell Ënnerstëtzung als eng vun de ronn 1.800 Produktioun zu Avignon iwwerlieft.
    9 min
  • All is Whole
    D‘Françoise Odill ass eng Kontorsionistin, déi och mat Body Modification schafft. Am Fréijoer war si ee Mount laang an der Residence an der Escher Squatfabrik an huet do ënner anerem un hirer Stëmm geschafft. D‘Wal-Londonerin huet dës nei Experimentatioune viru Kuerzem an enger Performance zu London ugewannt. Eis Korrespondentin Claire Barthelemy war kucken.
    0 min
  • Eng Moundwanderung mat Astronauten, déi danzen
    De 14. Juli war d'Katy Perry um Open Air bei der Luxexpo. Hei huet si gewisen, datt si nach ëmmer eng aussergewéinlech Live-Performerin ass. D'Emma Hizette war sech de Concert ukucken an huet e puer Impressioune matbruecht.
    0 min
  • E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
    Grouss Première op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles: bei der aktueller 57. Editioun sinn eng alleréischte Kéier Fotoe vum Edward Steichen ze gesinn! Méiglech gemaach huet dëst Lët’z Arles. D’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie um Festival vertrëtt, feiert dëst Joer ee ronnen zéngte Gebuertsdag a wollt an deem Kontext eppes Besonnesches proposéieren. Si hu Vertrieder:innen vun eisen nationale Kulturinstitutiounen, déi Edward-Steichen-Kollektioune versuergen, plus d’Steichen-Famill aus Amerika un een Dësch bruecht a gemeinsam d’Expo “La nature d’Edward Steichen” ausgeschafft. Beim Steichen ass d’Natur näämlech omnipresent: net just op senge Fotoen, hie war och selwer e passionéierte Botaniker. D’Kerstin Thalau war fir d’Semaine de l’ouverture zu Arles an huet haut d’Cecilia Zunt-Radot, vu Lët’z Arles, an de Studio invitéiert.
    21 min
  • Metallica
    Kann eng Band, déi iwwer Joerzéngten ëmmer erëm déi nämmlecht Lidder spillt, nach Spaass op der Bün hunn? Metallica, déi wuel bekanntste Metal Band vun der Welt, gëtt et well zënter 1983 a si tourt nach ëmmer. Eis London-Korrespondentin Claire Barthelemy war si an der brittescher Haaptstad kucken. Hei seng Andréck
    6 min
  • En Äddi an en Ausbléck
    “Äddi a Merci Claude Mangen”: Et war scho méi laang ugekënnegt a seng Nofollger sti mam Direkter Pit Ewen a mam Directeur Artistique Olivier Garofalo och well an de Startlächer, mee elo war et dann och offiziell esou wäit: Den Adieu vum Claude Mangen als Direkter vum Mierschter Theater. Wärend déi dräi Direkteren an der éischter Hallschent vum Owend nach en Ausbléck op déi nächst Saison ginn hunn, ass et beim zweeten Deel ëm d’Verabschidung gaangen. An dobäi gouf et deels och emotional. Net bei deenen Amenter, wou et ëm d’Weiderentwécklung vum Haus oder senger Programmatioun gaangen ass, mee bei deenen, wou et ëm d’Mënschen derhannert gaangen ass.
    No der Presentatioun huet sech de Luc Boentges mam Claude Mangen, deen eng laang Zäit och Programmchef um Radio 100,7 war, dem Pit Ewen – deen aktuell a bis zu sengem offiziellen Untrëtt am Mierscher Theater och de President vum Orchestre National de Jeunes ass - an dem Auteur an Dramaturg Olivier Garofalo zesummegesat.
    14 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    6 min
  • Film vun der Woch: "La Chaleur"
    Mat sengem summerlech-lethargesche Thriller zeechent de Fransous Stéphane Demoustier e Portrait vun der Jugend vun haut. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi mat enger Bespriechung.
    11 min
  • D'Tapisserie vu Bayeux op der Rees ...
    D'Tapisserie vu Bayeux huet sech an der Nuecht vum Donneschdeg op e Freiden op de Wee iwwer den Äermelkanal gemaach. Déi faméis mëttelalterlech Tapisserie, déi d’normannesch Eruewerung vun England am Joer 1066 duerstellt, huet Nordfrankräich verlooss. Vum 10. September bis Juli 2027 kann een d’Tapisserie am British Museum zu London gesinn. Eis Korrespondentin aus London, d'Marie Billon huet Detailer.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners