Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ennert dem Kiischtebam ...
    En neit Konzept fir de Summer am Gaart vum Naturmusée ze genéissen, hu sech de Robert Weis an de Julien Meyer ausgeduecht. "Ennert dem Kiischtebam" gëtt akustesch Musek a Literatur aus Lëtzebuerg ugebueden. Fir méi Detailer iwwer dëse Programm gewuer ze ginn, huet d'Valerija Berdi de Robert Weis an de Julien Meyer a Kulturen invitéiert.
    10 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    6 min
  • Film vun der Woch: "Silent Friend"
    Der Ungarin Ildikó Enyedi hiren intimisteschen Drama setzt sech mat de Bezéiungen tëschent Mënsch a Planzewelt auserneen. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen dësen aktuelle Kinosfilm.
    0 min
  • "London Falling" vum Patrick Radden Keefe
    Wéi zu London d‘Läich vun engem 19-järege Jong an der Themse fonnt gouf, huet d‘Police no enger kuerzer Enquête den Dossier zougemaach. D‘Eltere vum Bouf hunn dunn op eegen Initiativ no Äntwerte gesicht. Den Investigativ-Journalist Patrick Radden Keefe huet si dobäi begleet a Schockéierendes opgedeckt.
    "London Falling" ass ee Buch iwwer Influenz, Gäiz, an eng Stad, déi Milliardäre mat oppenen Äerm empfänkt, egal wat de Präis ass. D‘Claire Barthelemy huet d‘Buch gelies.
    6 min
  • "In the Hand of Dante" vum Julian Schnabel
    Nom Reinaldo Arenas an dem Vincent Van Gogh huet sech de Realisateur a Kënschtler Julian Schnabel mam Dante Alighieri a senger "Divina Commedia" befaasst. "In the Hand of Dante" ass eng ambitiéis Netflix-Produktioun vun iwwer 150 Minutten, déi versicht, ee Kostümsfilm aus dem 14. Joerhonnert mat engem Neonoir vun haut ze vereenegen. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker verroden an hirer Rezensioun, op dat opgeet.
    10 min
  • Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
    An de leschte Woche gouf et scho verschidde speziell Mudam-Aktiounen: z. B. hat d’Ekipp, ënner dem Motto “Dodeka”, 12 Wierker aus der Mudam-Kollektioun an 12 Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechter de Grand-Duché transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen, mat hinnen e gemeinsame Patrimoine ze deelen. A firwat? Mee, den 1. Juli viru ronn 20 Joer ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Dat schwätzt eventuell just déi un, déi eppes mam Mudam verbënnt: eng gemeinsam Geschicht oder esou. Dowéinst geet d’Kerstin Thalau elo nach emol op de Mudam-Passé an. An dozou gehéiert natierlech déi éischt Mudam-Directrice, d’Marie-Claude Beaud.
    13 min
  • "Quand le corps s'arrête je m'arrête d'écrire"
    "Lu Yu ne répond jamais. Soixante billets sur presque la moitié de toutes choses" (Ed. Tinbad) ass den 13. Band vum Lambert Schlechter sengem Kuerzprosa-Zyklus "Le Murmure du monde". Eng Kéier méi kënnt de Schrëftsteller op seng existenziell Obsessiounen zeréck. Virun allem ass et en Hommage u seng literaresch Meeschteren an eng Rechtfertegung vu sengem Joerzéngte laange Wierk.
    13 min
  • The Act
    "The Act'' ass eng amerikanesch biographesch Krimi-Mini-Serie, déi 2019 erauskoum. D'Gypsy Rose Blanchard ass scheinbar schwéier krank an op d'Hëllef vu senger Mamm ugewisen. Hanner der Fassade gesäit déi ganz Saach awer anescht aus. D'Mamm Deedee leit ënner dem Munchausen by Proxy Syndrom a mëssbraucht hiert Meedchen.
    0 min
  • Wisou et absurd ass, eis Sexualitéit ze labelen: "Cock" vum Mike Bartlett
    "Cock" vum Mike Bartlett, am prüden US-Amerika dacks "The Cockfight Play" genannt, fir all sexuell Polysemie ze evitéieren, ass eng Dräiecksgeschicht vun der manner gewéinlecher Zort: eng homosexuell Koppel steet virum Enn, dat ënner anerem, well ee vun hinne Sex mat enger Fra hat. D’Anne Simon hat dat zeenesch minimalistesch Stéck 2024 op d’Bün bruecht, dat den Ament an enger Reprise am Kapuzinertheater leeft. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren et den Dënschdeg kucken.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners