Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Song(e)s d'une nuit d'été
    De Freideg den Owend am Gudde Wëllen hunn ENGLBRT hir zweet EP-Song(e)s am Kader vun engem Release-Concert virgestallt. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware lauschteren – a verroden eis net just, wéi et war, mee ënnerhalen sech och kuerz iwwer déi nei EP selwer.
    13 min
  • Ee Floumaart vun der Filmkultur
    Ee Lieu ausserhalb vun der Zäit: den Cinema Ritrovato zu Bologna ass eng Mëschung aus Festival, Archiv, Ausstellung a Martplatz - a rett net just Filmer virun der Vergiessenheet ma verréit och, wisou se iwwerhaapt konservéiert musse ginn.
    6 min
  • La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création
    Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Équipe vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création. Dobäi handelt et sech ëm eng Aart Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Ënnert dem Titel “Common Ground” ass den owend de Vernissage vun der sechster Triennale. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen iwwerholl, ma den Duo Liliana Francisco a Steven Cruz, selwer nach jonk Kënschtler, di virun dräi Joer de Kollektiv “La Concierge” gegrënnt hunn, fir mat Gruppeninitiativen fir d’Unerkennung vum Kënschtlerberuff ze kämpfen. D’Kerstin Thalau huet mam Steven Cruz a mam Marc Scozzai vun de Rotonden iwwer “Common Ground” geschwat.
    14 min
  • (Net) gesi ginn: ee Bilan vum Monodrama an dräi Stécker
    Leschte Sonndeg ass déi 16. Oplag vum Monodrama Festival op en Enn komm. Hei gouf de Seul en scène an all senge Facette gefeiert – vun enger Choregraphie mat Dronen bis hin zu engem Stéck, an deem eng Schauspillerin 16 Figuren inkarnéiert, war et eng divers Oplag. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker stellen dräi Stécker vum Festival vir.
    13 min
  • The Last of Us
    "The Last of Us" baséiert op der populärer Videospill-Rei mam selwechten Numm a gouf vu Fans mat Spannung erwaart. Kann d'Serie dësen Erwaardunge gerecht ginn, oder ass et um Enn awer just eng vu ville postapokalypteschen Zombie-Geschichten?
    0 min
  • AWARE steet fir Archives of Women Artists Research and Exhibitions
    Den engleschen Terme “aware” bedeit jo op Lëtzebuergesch “sech bewosst sinn”. Als Ofkierzung steet AWARE ënner anerem fir “Archives of Women Artists Research and Exhibitions”. Um Ufank war ... dësen Archiv eng Zort Soloperformance vun der Camille Morineau. Déi Paräisser Konschthistorikerin, -Kommissärin a -Conservatrice hat d’Initiativ no hirer remarkabeler Pompidou-Expo “Elles”, déi si 2009 mat Wierker vun Artistinnen aus der Pompidou-Sammlung zesummegestallt hat, lancéiert. Viru genee zéng Joer ass si online gaangen, huet hiren Archiv fir aner Länner opgemaach. Den éischte Januar 2026 war et d’Nouvelle, datt AWARE vum Centre Pompidou als feste Bestanddeel iwwerholl gëtt. Anb...bde Grand-Duché ass ewell och op der AWARE-Landkaart. D’Kerstin Thalau huet mat der Curatrice Charlotte Masse doriwwer geschwat, wéi et dozou koum.
    16 min
  • "Literatur huet als Funktioun, Mëssstänn opzeklären"
    Gëschter um Donneschdeg gouf de Prix Servais am CNL zu Miersch un de Ian De Toffoli fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" verginn - dat bei Temperaturen, déi ënnerstrach hunn, wéi aktuell dem Schrëftsteller säi Buch iwwer (ënnert anerem) de Klimawandel ass. D'Emma Hizette huet sech virun der Zeremonie mam Auteur ënnerhalen.
    18 min
  • Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou
    No gutt 33 Joer mécht den éischte September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen vun Op der Lay, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mam Jo Kox vum Focuna, geschwat. An engem 1. Deel gouf en Etat des lieux gemaach, an engem 2. iwwer déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen diskutéiert, am 3. Deel hei geet et ëm ee Projet fir e Gesetz, mat deem de Kulturministère an Zukunft Kulturentreprisen zu Lëtzebuerg ënnerstëtze wëllt, deemno och d’Editeuren. De Jeff Schinker mat Detailer
    9 min
  • Screaming Fields - Blame Emeraude
    D'Blame Emeraude war d'Gewënnerin vun der Rockhal hirem Nowuessconcours, dem Screaming Fields, d'lescht Joer. Wat huet et bruecht? De Marc Clement freet no.
    14 min
  • Aus der Vergiessenheet opdauche loossen: De Cinemato ritrovato zu Bologna
    De Cinemato ritrovato Festival zu Bologna éiert restauréiert Filmer a versicht net just vergiesse Filmer, mee deels och zu hirer Zäit invisibiliséiert Schauspiller:innen a Regisseuren a Regisseurinnen esou ze valoriséieren, wéi si et eigentlech verdéngt hätten. De Marc Trappendreher mat engem Bäitrag vu Bologna
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners