Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Film vun der Woch - "Backrooms"
    "Backrooms" ass net nemmen deen éischte Kinodebut vun engem 20-järegen, mee och een iwwerraschende Boxoffice-Erfolleg an eng onstëllbare Quell vun Internet-Lore. D'Vesna Andonovic, de Jeff Schinker an de Marc Clement hunn de Film gesinn.
    17 min
  • De Grand Prix de poésie Robert Ganzo 2026 fir d’Syrerin Maram al-Masri
    Viru ganz genee zéng Joer gouf déi Lëtzebuerger Dichterin Anise Koltz um renomméierte Literaturfestival Étonnants voyageurs zu St. Malo mam Grand Prix de poésie Robert Ganzo ausgezeechent. 2026 goung en un eng vun de wichtegste weibleche Stëmme vun der syrescher Poesie, d’Maram al-Masri. Dëst fir hiert Gesamtwierk, awer am Kontext vun der Reeditioun vun hirem Gedichtband “Je te menace d’une colombe blanche”. De Link zu Lëtzebuerg? D’Nowuert ass vum Lëtzebuerger Auteur Lambert Schlechter. Mir proposéieren Iech hei en Extrait doraus, gelies vum Marc Clement; an duerno e Gespréich tëschent dem Valerija Berdi an der Maram al-Masri zu St. Malo.
    12 min
  • David Hockney
    Am Kader vum Pride Month kucke mir haut op d’Wierk vum brittesche Moler David Hockney zeréck, deen den 11. Juni 2026 gestuerwen ass. Den Hockney gëllt als ee vun de bedeitendste Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wärend senger ganzer Karriär huet hien ëmmer nees queer Léift, Identitéit a Bezéiungen thematiséiert – zu enger Zäit, wou esou Sujeten nach wäit manner siichtbar ware wéi haut. D’Emma Hizette erzielt méi doriwwer.
    5 min
  • "Ce n'est pas mon affaire d'avoir un avis sur ce que j'écris"
    Gëschter Donneschdeg Owend huet d'Schrëftstellerin Marie NDiaye hiren neien Text "Ma chérie" zesumme mat der Improvisatiounsmusekerin Christine Wodrascka ënner der Regie vum Denis Cointe am TNL virgelies. Am Kader vun dësem Projet, deen dank dem TNL an dem IPW op Lëtzebuerg koum, huet de Jeff Schinker sech mat der franséischer Schrëftstellerin ënnerhalen, déi net just mam Prix Goncourt an dem Prix Femina ausgezeechent gouf, mee och rezent mat hirem Roman "La Sorcière" op der Shortlist vum International Booker Prize stoung. Am Extrait aus hirem laange Gespréich geet et ëm den Text "Ma chérie", ëm international Unerkennung, mee och ëm d'Gefore vun der KI an d'politesch a kulturell Situatioun am Frankräich.
    13 min
  • Referenzjuegd am Limbo: "Disappear Here" am TNL
    "Disappear Here" vum Max Blom a mat der Marie Jung, dem François Camus an dem Thomas Lea Clarke leeft den Ament am TNL. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck kucken a verroden eis net just, wéi si d’Stéck fonnt hunn, mee och, wat genee et mam Format vum Collage Play op sech huet.
    8 min
  • Devil My Cry
    Eng animéiert Serie, an där et ëm de Kampf tëschent Dämonen a Mënsche geet. Mir begleeden hei den Haaptpersonnage Dante, en Dämonejeeër, deen tëschent béide Säite steet. Eng Serie, déi en Action-Spektakel bitt, soss awer éischter iwwerflächlech bleift.
    7 min
  • Die Spitz an der Escher Kufa
    Die Spitz (dye zpitz) ass eng jonk Band aus dem Texas, déi am Hierscht hiren Debutalbum erausbruecht huet an dofir immens gutt Kriticken an der Press krut. Si mësche verschidde Genren a wiesselen och mol Instrumenter op der Bün.
    5 min
  • Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou
    No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d’Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d’Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen vun Op der Lay, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld plus Vizepresident vum Verband vun den Editeuren, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mam Jo Kox vum Focuna, geschwat. Zum Beispill iwwer déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners