Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Mudam-Collectioun zum Theema “Video Killed the Radio Star”
    Géif een d’Gebai vum Mudam als Kierper gesinn, da wier seng Konschtsammlung souzesoen d’Häerz. Den éischte Juli sinn et 20 Joer hier, datt d’Diere vum Pei-Musée opgaange sinn. An deem Kontext soll d’Kollektioun natierlech besonnesch en Valeur gesat ginn. An zwar gläich dräimol: ënner dem Titel “Seven Paintings, Seven Encounters” gëtt allkéiers engem Wierk ee ganzen Ausstellungsespace zur Verfügung gestallt; momentan sinn awer och 12 Aarbechten “on tour” duerch lokal Kulturzenteren / Administratiounen / Kierchen; an zousätzlech geet haut (12.6.) am Mudam déi traditionell Kollektioun-Summer-Expo op. D’Kerstin Thalau ass am Mudam fir mat der Directrice Bettina Steinbrügge iwwer “Video Killed the Radio Star” ze schwätzen.
    18 min
  • Mission Sommermärchen - Eng ZDF-Doku an dräi Deeler
    Euphorie, gutt Laun an Optimismus: Domadder gëtt d'Sommermärchen - wéi déi däitsch Fussballfans d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2006 an hirem Land gedeeft hunn - verbonnen. D'Stëmmung am Virfeld war awer alles aneschters wéi euphoresch. Eng ZDF-Doku an dräi Deeler versetzt den Zuschauer zeréck an déi Zäit. Duerch Interviewen an Archivopname gëtt kloer: Optimistesch war virun der Heem-WM an Däitschland bal keen. De Jo Diseviscourt stellt eis d'Fussball-Doku vir.
    8 min
  • De frenglesche Performerinnen-Duo She Goat op Residenz am Neimënster
    Eng Kënschtler:inne-Residenz bitt Kënschtler:innen d’Geleeënheet, den Alldag mat all sengen nervege Flichten hanner sech ze loossen, fir sech ganz op Recherche an/oder Kreatioun ze konzentréieren. D’Demande fir esou Programmer ass grouss, an zu Lëtzebuerg gëtt et kaum nach Institutiounen, déi keng Residenzen ubidden. Esou zum Beispill Neimënster: am Gronn ginn d’Kënschtler:innen net just gratis logéiert, mee si hunn och e generéisen Aarbechtsespace zu hirer Verfügung. A si kënne sech mat aneren Artisten an Artistinnen aus aller Welt, och aus aneren Disziplinnen, austauschen, well am CCRN meeschtens e puer Residenzen zäitgläich lafen. Momentan profitéieren dovunner ënner anerem “She Goat, un duo de performatrices franglais”, wéi si sech nennen. D’Kerstin Thalau war “She Goat” besichen.
    17 min
  • Albumbespriechung: Francis of Delirium "Run, Run, Pure Beauty"
    Viru genee enger Woch hu Francis of Delirium, déi eenzeg lëtzebuergesch Band, där hir Releasë reegelméisseg op deene gréissten internationale Musekblogge gefeatured ginn, hiren zweete Studioalbum an de Rotondë virgestallt. D’Plack brécht aus de Radioformater aus mat Momenter vun emotionaler Intensitéit, déi géint eng haart Welt sollen duerhalen. De Marc Clement huet sech no der Release mat der Frontfra Jana Barich iwwer “Run, Run Pure Beauty” ënnerhalen.
    22 min
  • Bettina Heldenstein a Sandra Kolten: zanter 30 Joer Employéeë vum Casino!
    Zanter dem Fréijoer, a bis an dat anert Joer eran, feiert de Casino, also de Forum fir déi zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, säin 30. Gebuertsdag. Dëst ënner dem Motto “Fora”, deemno Forum an der Meerzal. Den Echange ronderëm Entwécklungen an der Konscht gëtt an deem Kontext grouss geschriwwen. Vu muer u mat engem 2. Volet: dee Moment sti Performancen zum Theema “Retour au réel et au geste” um Gebuertsdagsprogramm, mee och Konferenzen, déi sech mat eisem Banneliewen, eisen Dreem an der Source vun der Kreativitéit beschäftegen. D’Kerstin Thalau huet sech fir haut emol mam Banneliewe vum Casino beschäftegt, mat deene Membere vun der Ekipp, déi net esou bekannt sinn.
    21 min
  • Prix Batty Weber: Am Gespréich mam Guy Helminger
    Zanter 1987 éiert de Prix Batty Weber all dräi Joer ee Gesamtwierk vun engem Lëtzebuerger Auteur. 2026 geet de Präis un de Guy Helminger, deen domat de 14. Laureat (an zwielefte Mann) ass, deen den nom Schrëftsteller Batty Weber benannte Präis kritt. De Lëtzebuerger Auteur huet seng Kölner Heemecht kuerz verlooss an ass bei eis am Studio fir en Interview.
    27 min
  • Nei am Kino
    Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
    5 min
  • Nei Konscht vum Banksy
    Zu London gëtt et nei Konscht vum Banksy, déi net ze iwwersinn ass an déi bis elo nach net ewechgeholl gouf - wéi dat esou dacks de Fall ass bei senge Wierker. Wéi gewinnt gëtt den anonyme Kënschtler sech sozialkritesch. D‘Claire Barthelemy war kucken.
    4 min
  • De seul en scène feieren: déi 16. Oplag vum Monodrama
    Knapp ass den TalentLAB fäerdeg, fänkt de Monodrama un. All Joers gëtt hei de Seul en scène gefeiert, eng Theaterform, déi als eng vun de gënschtegste gëllt, mee déi awer séier Casse-gueule ka sinn – hei kann een näischt hanner engem Récit choral mat enger Dose Schauspiller a vill Effekter verstoppen. D’Emma Lily an de Steve Karier si beim Jeff Schinker am Studio, fir de Programm vum Festival ze presentéieren, deen de Weekend start.
    24 min
  • "A bras-le-corps"- Marie-Elsa Sgualdo: onerwaart eise Film vun der Woch
    Zweete Weltkrich, Resistenz a Metoo: dat waren déi dräi rout Fiedem, déi sech de Samschdeg duerch eis Emissioun De grousse Kino gezunn hunn: beschwat goufen "L’objet du délit" vun der Agnès Jaoui, "Orphan" vum Laszlo Nemes, "A bras-le-corps" vun der Marie-Elsa Sgualdo an "La bataille De Gaulle: L’âge de fer" vum Antonin Baudry. Eng zäitlaang huet et geschéngt, wéi wann den “Orphan” vum Laszlo Nemes eise Film vun der Woch géif ginn. Mee déi jonk Marie-Elsa Sgualdo huet hie mat “A bras-le-corps” geklappt: de Jeff Schinker an d’Vesna Andonovic mat hirer Rezensioun vum onerwaarte Film vun der Woch.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners