Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Hala Moughanie um Literaturfestival Étonnants Voyageurs zu Saint-Malo
    Iwwer Päischte war d’Valerija Berdi um Literaturfestival Étonnants Voyageurs an der Bretagne an ass do enger ganzer Rei interessanter Schrëftsteller:inne begéint. Zum Beispill déi libaneesesch Autorin an Dramaturgin Hala Moughanie, déi an hirem Roman “Les bestioles” d’Situatioun vun engem Epicier beschreift, deen um Hafe vu Beirut d’Explosioun vum véierten August 2020 iwwerlieft. Deemools gouf et iwwer 200 Doudeger, méi wéi 6.500 Blesséierter, iwwer 300.000 Mënschen hate keen Daach méi iwwer dem Kapp. Dës Katastroph, matten an der Covid-Pandemie, am Kontext vun der dramatescher ekonomescher a politescher Kris am Libanon, huet natierlech d’Populatioun gepräägt. Mat der Hala Moughanie huet d’Valerija Berdi doriwwer geschwat, wéi hir Biografie mat där vum fiktiven Epicier verknëppt ass.
    11 min
  • "Porno ass mäi Liewen": Porn for the Blind am TOL
    Um Enn vun der Saison programméiert den TOL meeschtens ee Stéck dat, quasi fir d’Summerpaus anzeleeden, méi liicht verdaulech ass. Dëst Joer ass dat "Porn for the Blind" vum Victorien Robert an enger Mise en scène vun der Pauline Collet – ee Stéck, dat d’Vulgaritéit vun der Pornoindustrie humorvoll, awer och kritesch beliicht. De Jeff Schinker war d’Stéck kucken.
    10 min
  • TalentLab: Danz a Performance an der Stad
    Déi 11. Editioun vum TalentLAB ass voll um Lafen, een Event organiséiert vun de Stater Theateren, bei deem Kënschtler:innen eng Plattform gebuede gëtt, fir sech austauschen ze kënnen, un hire Projeten ze schaffen, ze kollaboréieren an Inspiratiounen ze sammelen. Dëst Joer maachen iwwer 100 Kënschtler:innen aus 19 verschiddene Länner mat. Nieft dem konsequente Workshop-Aspekt vum Evenement ginn et awer och eng Rei Spektakelen ze gesinn, déi iwwer déi lescht Deeg am Grand Théâtre an am Kapuzinertheater gelaf sinn. De Marc Clement schwätzt mam Luca Di Santolo iwwer zwee dovunner: déi kulinaresch Performance “Haribo Kimchi” an dann d’Danz- a Gesangsspektakel “Le Sacre”.
    7 min
  • D'Kënschtlerin Hisae Ikenaga presentéiert "Anatomy of Use" zu Gand
    D'Hisae Ikenaga huet mexikanesch-japanesch Originnen: si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexiko, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru gutt zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, stellt heefeg aus, ënner anerem hat si 2024 eng grouss Eenzelausstellung an der Escher Konschthal, an duerch hir Lëtzebuerger Galerie konnt si u Konschtprojeten zu Bréissel deelhuelen. Momentan ass hir Installatioun "Anatomy of Use" am Kiosk zu Gand ze gesinn. D'Kerstin Thalau ass vun der Hisae Ikenaga an hirer Curatrice Charlotte Masse gewuer ginn, wéi et dozou koum.
    10 min
  • Cyclorama brénge muer "Illuminated by Mirror Ball" an de Rotonden eräus
    De Lëtzebuergeschen Duo Cyclorama ass zanter gläich zwee Jorzengte Synonym fir psycheleschen a Kraut-influenzéierte Rock - zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus. Een Cyclorama-Album ass ëmmer och eng Aventure. Muer kënnt dem Duo aus Sebasien Laas a Pierre Reyland hir nei Plack “Illuminated by Mirror Ball” eraus mat engem Release Concert an de Rotonden. Fir iwwer déi nei Plack ze schwätzen hu mir béid Bandmemberen an der Leitung.
    21 min
  • The Audacity
    Mir begleeden hei e CEO vun enger Firma, déi op allméiglech Aart a Weisen déi perséinlech Date vu Leit beschaaft a verkeeft. Mee wéi hien d'Firma verkafe wëllt, leeft säi Liewe komplett ausser Kontroll. De Simon Larsoche stellt eis dës Komedie-Serie vir.
    5 min
  • Staark Stëmmen aus Syrien a Libanon ...
    Um Literaturfestival Etonnants voyageurs an der Bretagne huet d’Valerija Berdi sech mat den zwou Schrëftstellerinnen Hala Moughanie an der Maram al Masri ënnerhalen. Dëse Sonndeg kënnt Dir déi zwou Autorinnen héieren, wa si iwwer hiert Wierk awer och iwwer hiert Liewen an déi aktuell Situatioun an hire Länner schwätzen. Mir lauschteren e klengen Appetizer, hei mat Aussoe vun der libaneesescher Schrëftstellerin Hala Moughanie an der Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie
    Déi ganz Sendung mat literaresche Stëmmen aus Syrien an dem Libanon kënnt Dir de Sonndeg um 11 Auer lauschteren an duerno natierlech och an eiser Mediathéik.
    7 min
  • Berthe Brincour am Nationalmusée
    Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschént 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der Reegel guer keng professionell Karriär am Konschtberäich maache konnten, ënner anerem well et keng Héichschoule fir si gouf. Den Owend ass um Fëschmaart de Vernissage vun der Expo “Berthe Brincour, une artiste hors norme et hors temps”. D’Kerstin Thalau ass am MNAHA fir vun der Expo-Commissairin Liz Hausemer méi gewuer ze ginn.
    9 min
  • Congés annulés

    D’Congés annulés sinn ee Mount-laange Museksfestival an de Rotonden, deen déi grouss Decouvertë vum internationale Musekscircuit op Lëtzebuerg bréngt, an dat ganz entspaant. Am iwwerdaachten Haff oder bannen op der Bün deet sech vun 8 Auer owes eppes méi bei de Schinnen, vun der Ouverture de 24. Juli bis zum leschte Gig um 20. August. Vill Museksgenrë si vertrueden, vun alternativem Rock iwwer DIY-a-Mathrock bis zu Elektronik, Experimentellem a Pop. Iwwer ee Summer voll Musek schwätzt de Marc Clement mam Museksprogrammateur vun de Rotonden, dem Marc Hauser.

    16 min
  • 100 Joer Miles Davis
    Keen anere Museker huet den Jazz esou gepräägt, wéi den Trompettist Miles Davis. Nach haut gëllt säin Album “Kind of Blue” als déi meescht verkaaften Jazzplack aus der Geschicht vum Genre. Seng Karriär hat awer och vill Déiften: hien huet sech misse géint Rassismus a Sucht duerchsetzen, a seng Fraen huet hie geschloen an ënnerdréckt. Dëst Joer wier hien 100 Joer al ginn. D’Claire Barthelemy kuckt op säi Liewen zeréck.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners