Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wéi geet d'Konscht mat "wicked problems" ëm?
    Ënnert dem Motto “Des histoires pour grandir, rêver et apprendre” ass 2001, also viru genee 25 Joer, zu Habscht dee klenge Verlag Zoom Éditions gegrënnt ginn, als “Maison d’édition jeunesse indépendante”. Nieft hire Publikatioune proposéiert den Duo Claudine Furlano an Nicolas Lefrançois zum Beispill och Atelieren a Schoulen; a si hu virun enger Rei Joeren d’Collectioun “Post Z Book” lancéiert: kënschtleresch Bichelcher, di souzesoe mat enger fester Enveloppe kommen, fir datt een se, ganz analog, mat der Post verschéckt. Auteuren, wéi de Jérôme Netgen an d’Nathalie Ronvaux, konnte fir dëst Format gewonne ginn, dee leschte Recueil ass vun der fräier Kënschtlerin an Illustratrice Julie Wagener. Nodeems den Envoi bei eis um Radio ukomm ass, ass elo, op Invitatioun vum Kerstin Thalau, d’Julie Wagener selwer, bei eis am Studio.
    23 min
  • Theeme vun der Prix-Inter-Shortlist: Monstrositéit an Entmënschlechung
    De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.
    16 min
  • Dem Thomas N Jansen säin Doheem? Alldagsobjeten a Routinnen
    “Et war emol....a wa se net gestuerwe sinn”: dat geet fir eng gutt Geschicht net duer. D’Essenz ass d’Handlung dertëscht, respektiv den Handlungsoflaf, op englesch “Storylines”. Mam Titel “Storylines” sinn eng hallef Dose Fotoexpoen am ëffentleche Raum zu Klierf iwwerschriwwen, dat well dës Billersérië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an esou fir nei Geschichten an eise Käpp suerge sollen. Zanter dem Vernissage de leschten Hierscht hate mir iech e puer vun de Kënschtler hannert de Fotoe virgestallt. Vu datt dir elo just nach 5 Deeg, also bis den 31. Mee, hutt, fir d’Expoen ze gesinn, an d’Kerstin Thalau dës Geschicht och op e “gutt” Enn brénge wollt, hëlt et iech eng leschte Kéier mat op Klierf.
    14 min
  • Shortlist vum Prix Inter - Déi 3 éischt Bicher!
    De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et am Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, ma am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselnde Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren oder Auditrice vu France Inter. An den nächsten dräi Deeg stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt.
    17 min
  • Schwéierpunkt Libanon
    Schrëftsteller:innen aus der ganzer Welt ginn sech iwwer de Päischtweekend Rendez-vous um Literaturfestival Étonnants voyageurs ze Saint-Malo. Valerija Berdi war fir de radio 100,7 op der Plaz a mécht eis elo e Bilan.
    9 min
  • Nei am Kino
    De Jeff Schinker stellt déi Filmer vir, déi muer am Kino ulafen.
    34 min
  • Nicool a Pol Belardi - Nei Nikkii Ninja!
    No enger scheinbarer Paus – déi a Wierklechkeet räich u kreativer Leeschtung war – mécht d'Nikki Ninja hire grousse Comeback mat der Single "Glacelidd", engem Virspill fir d'Verëffentlechung vun hirem neien Album "Vill Léift an Trallala", deen de 7. Juni erauskomme soll. D'Verëffentlechung fënnt am Neimënster statt. Héich Zait, de Pol Berlardi an d'Nicole Bausch auszefroen.
    0 min
  • Jazz: Veda Bartringer - Risa and Shine
    D’Veda Bartringer ass Jazz-Gittaristin a krut virun 2 Joer de Best Newcomer Luxembourg Music Award. Si huet dat, wat een eng kompositionnell Stëmm nennt, eppes Erëmerkennbares, dat sech entwéckelt. Op “Deep Space Adventure”, hirer éischter Plack mam Veda Bartringer Quartett, war dat schonns evident - op hirer neier Scheif, déi sech “Rise and Shine” nennt, steet nieft hirer Gittar nach eng ganz aner Instrumentegrupp op enger prominenter Plaz. Lauschtert emol.
    13 min
  • Elektronesch Musek vu Komponistinnen aus aller Welt

    D‘Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz huet am Royal College of Music zu London Wierker vun Komponistinnen aus aller Welt virgestallt, déi an der elektronescher Musek schaffen. Et goung hei em verschidden experimentell Approchen, bei där souguer handgemaachen elektronesch Instrumenter virkommen. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.

    5 min
  • Mindhunter
    Eng Serie, déi d'Grënnung vun enger neier FBI-Sektioun an de 70er Jore weist. Mir verfollegen hei 2 FBI-Agenten an eng Psychologin, déi ufänke mat Seeriemäerder ze schwätzen, fir esou méi iwwert hir Motiver, hir Virgoensweis a generell hir Psychologie gewuer ze ginn.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners