Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D’Rencontres d’Arles sinn 2026 mat “Des mondes à relire” iwwerschriwwen
    Fir den zéngte Gebuertsdag vun der ASBL Lët’z Arles hu sech hier Memberen eppes Besonnesches afale gelooss: si hunn di verschidde Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Sammlungen un een Dësch bruecht, fir gemeinsam d’Expo “La nature d’Edward Steichen” fir di renomméiert Rencontres de la photographie d’Arles 2026 op d’Been ze stellen. Dernieft huet déi New Yorker Kënschtlerin a Chercheuse Lisa Oppenheim Steichen-Archiver besicht, fir op Basis vun hirem Material, an och fir Arles, eng zäitgenëssesch kënschtleresch Ausso zum Monsieur Steichen ze schafen. Gëschter hate mir iech d’Projete méi am Detail presentéiert: d’Aussoe fannt dir an eiser Mediathéik um Internet. Mee vu datt de Christoph Wiesner, zanter 2020 Direkter vun de Rencontres d’Arles, bei der Presentatioun dobäi war, wollt d’Kerstin Thalau vun him méi iwwert de ganze Festival gewuer ginn.
    0 min
  • 79. Festival de Cannes: Am Gespréich mam Stephen Korytko
    No "The Golden Record", sengem formal spannenden éischte Kuerzfilm, huet de jonke Regisseur Stephen Korytko mat "Dead Dad Girl" säin éischte Long métrage um Start. Am Film, deen eng Zort Hommage un US-amerikanesch College-Komedien aus den 90er ass, spillen ënnert anerem d’Sophie Mousel, de Philipe Thelen an de Luc Schiltz mat. De Stephen Korytko war mat senger Produktiounsfirma Samsa dëst Joer um Marché zu Cannes, wou et ënnert anerem dorëms goung, de Film wärend enger ganzer Rei Terminer ze pitchen an der Hoffnung, esou op international Distributeuren ze fannen. Tëschent zwee Terminer huet sech de Jeff Schinker mam jonke Realisateur getraff, fir méi iwwert de Film gewuer ze ginn an eraus ze fannen, wéi eng Opportunitéiten esou eng Präsens um Filmmarché eigentlech mat sech bréngen.
    0 min
  • "La nature d'Edward Steichen" op de renomméierte Rencontres de la Photo zu
    2016, also viru genee 10 Joer, ass d’ASBL Lët’z Arles gegrënnt ginn. Schonn e Joer drop hunn d’Memberen eng éischte Kéier di lëtzebuerger zäitgenëssesch Fotografie op de renomméierte Rencontres de la Photographie zu Arles presentéiert. An dobäi ass et bis haut bliwwen. Fir de ronnen Anniversaire sollt ee ganz besonnesche Projet Realitéit ginn. D’Kerstin Thalau war op der Presentatioun vun “Lët’z Arles -10 ans- une édition d’anniversaire d’exception”.
    0 min
  • Festival de Cannes: Vun duussen a manner duusse Monsteren

    Den 79. Festival de Cannes steiert esou lues op en Enn zou a mir schalte live op Cannes bei de Jeff Schinker, deen eis haut dräi Filmer virstellt, déi hie markéiert hunn. Um Ordre du jour stinn: ee pädophile Partner ("Gentle Monster"), dem Resistenzler Jean Moulin seng Tortur duerch de Klaus Barbie ("Moulin) an ee Fotograf, deen am falsche Kierper erwächt ("L'inconnue").

    0 min
  • Etonnants voyageurs
    “Le sens, le sensible et la relation”, dat ass dëst Joer de Motto vum Literaturfestival ”Etonnants voyageurs” ze Saint-Malo an der Bretagne a Frankräich.
    De Festival, deen zënter 1990 all Joer iwwer de Päischtweekend Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus der ganzer Welt accueiléiert, mécht dat och dëst Joer an d’Valerija Berdi huet schonn hir Valis gepak fir dohinner ze fueren. Virdrun erzielt si eis awer nach Detailer.
    11 min
  • Impressioune vum Infinite Now Festival zu Berlin
    De Sport an allen Éieren, mee wärend zu Lëtzebuerg jidderee Marathon gelaf ass, huet eise Korrespondent Max Tholl zu Berlin ee Konschtmarathon gemaach. 30 Stonnen non-stop Musek an engem fréiere Kraaftwierk - dat gouf et de Weekend zu Berlin. The Infinite Now ass een transmediale Festival fir experimentell Musek a Konscht, bei deem de Public sech waakreg an och schlofend op déi verschidden Artisten an Artistinnen aloosse soll.
    0 min
  • 79. Festival de Cannes: Een Tëschebilan "on the road"
    Zu Cannes zielt all Minutt. Tëschent de Filmer, Interviewterminer an de Momenter, wou ee sech an de Presseberäich zeréckzitt, fir ze schreiwen, ze schneiden a versicht, nach lescht Ticketen fir deen een oder anere Screening ze kréien, ass et relativ schwiereg, zu Cannes Zäit ze fannen, fir zesummen iwwert dat, wat ee gesinn huet, ze diskutéieren. Dofir hu sech de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher als éischt op enger Terrass bei der Gare zu Juan-les-Pins, wärend se op den Zuch fir op de Festival gewaart hunn, an duerno am TER iwwert hir éischt Highlights an Enttäuschungen ënnerhalen. Beschwat hu si “Sanguine”, “Sheep in the Box”, “Hope” an “Soudain”. Mir lauschteren hir Rezensioune mat enger Soundkuliss “on the road”.
    0 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
    9 min
  • Fragmenter vun enger Welt nom Ënnergang
    Ënnert dem Titel "Chroniques d'un monde avant. Fragments classés" (Hydre Editions) liwwert den Enrico Lunghi eng Sammlung vu kuerzen Erzielungen, déi e ganz pessimistesche Bléck an d'Zukunft geheien. E klenge Fonken Hoffnung léisst hien trotz allem fir d'Mënschheet bestoen.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners