Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Gabriel Sherman - Bonfire of the Murdochs
    De Mediemogul Rupert Murdoch dominéiert mat senger Firma Newscorp d‘Medielanschaften an Australien, Amerika a Groussbritannien. Dat huet hien och bei konservative Staatscheffe beléift gemaach. Een neit Buch beschreift, wei staark hien d‘Politik an der engleschsproocheger Welt beaflosst huet. D‘Claire Barthelemy huet fir eis ragelies.
    0 min
  • TASTE steet fir “Transforming through art, science, technology”
    Muer den Owend gëtt et nees “tasty”: Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg invitéiert op säi Konferenzzyklus TASTE, an zwar déi Kéier an de Mudam. TASTE steet jo als Ofkierzung fir „Transforming through art, science, technology“. Als Riedner invitéiert si Kreativer a Fuerscher:innen, déi interdisziplinär, eben tëscht Konscht/ Wëssenschaft/ Technologie ënnerwee sinn, an hir Projeten an Erfarunge mat engem Public deele wëllen. Muer ënnert dem Motto “On data and (dis)information”. Organiséiert gëtt den TASTE vun der Anouk Wies vum Espace_Cultures an der fräier Chercheuse Nathalie Kerschen. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Nathalie Kerschen.
    0 min
  • Entwaffnen duerch Humor: "The Land We Shared" vun der Larisa Faber
    No "Good Girls" ass d’Larisa Faber zeréck mat "The Land We Shared", een autofiktionalt Stéck iwwert Rumänien ënnert dem Ceausescu, de staarke Lien tëscht enger Enkelin an hirer Groussmamm an der Erënnerung, déi bleift, wann een en Deel vu senger Kandheet an engem totalitäre Regime verbruecht huet.
    De Jeff Schinker war d’Stéck kucken an ass beim Valerija Berdi am Studio, fir seng Andréck ze liwweren.
    0 min
  • Klenge Grousse Kino
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Love me tender" (Anna Cazenave Cambet), "Donkey days" (Rosanne Pel) a "Primavera" (Damiano Michieletti).
    0 min
  • Biennale Venedeg 2026
    Geschter gouf am Arsenale de lëtzebuergesche Pavillon ageweiht, investéiert vun der Kënschtlerin Aline Bouvy. Hiert Wierk “La Merde”, ee Film iwwert eng vermënschlecht Strull Kaka an eng Analys vu Schimmt an Ofstoussung an eiser Gesellschaft wéi och an eiser Psychologie hate mir gëschter hei op der Plaz virgestallt mat engem Gespréich mat der Kënschtlerin, dat dir an der Mediathéik op 100komma7.lu nolauschtere kënnt. An der Leitung hu mir elo eise Mataarbechter Marc Clement mat weideren Hannergrënn zu dëser politiséierter Biennale.
    0 min
  • Euphoria Staffel 1
    "Euphoria" ass eng Serie, déi vum Sam Levinson geschriwwe gëtt an op HBO ze fannen ass. Déi éischt Staffel koum 2019 eraus kan huet insgesamt 8 Episoden.
    Am Moment kommen Episode fir Staffel 3 vun der Serie eraus, e gudde Moment fir op déi éischt Staffel zeréckzekucken.
    0 min
  • "La Merde" op der Biennale zu Venedeg
    Déi 61. Konschtbiennale zu Venedeg ass trotz Jury-Demissioun net an d’(Héich-)Waasser gefall. D’Kontrovers ass séier erkläert: Déi eng verlaangen d’Enn vun onpolitescher Konscht, déi hir Hänn an Onschold wäscht a fanne Russland an Israel sollten als Krichsagressoren net deelhuelen dierfen. Anerer zitéieren den olympeschen Ideal als Géigenargument fir Inklusioun. Schued wier et, wann d’Messagë vun der eigentlecher Konscht an dëser Diskussioun géifen erdrénken ...
    Am lëtzebuergesche Pavillon, deen haut offiziell opgeet, ass do awer keng Gefor. Mam Schock, deen dem Wim Delvoye an Enrico Lunghi hir “Cloaca”-Ausstellung 2007 ausgeléist hat, nach am Kapp, genee wéi enger laanger Lëscht vu Kënschtler, déi mat Exkrementer schockéierend Konschtwierker gemaach hunn, konnt de Marc Clement gëschter “La Merde”, deen 30 Minutte laange Film, mat deem d’Kënschtlerin Aline Bouvy Lëtzebuerg representéiert, fir d’éischt erliewen. Eng Strull Kacka erlieft hei Situatiounen, déi weder schockéieren, nach eekelen. Am contraire, en humoristescht, sensibelt a ganz taktvollt Wierk ass dobäi entstanen.
    Am Gespréich mat der Aline Bouvy wollt de Marc fir d’éischt wëssen, ob een d’Wierk psychologesch kéint verstoen.
    0 min
  • Wou de Stil de Gehalt ass: en Ausbléck op den 79. Festival de Cannes
    Nächsten Dënschdeg start den 79. Festival de Cannes mam Pierre Salvadori sengem “La vénus électrique” als Film d’Ouverture. Duerno geet ee Filmmarathon lass, dee wéineg Schlof, enorm vill Filmer a vill Gedold an Nerven an den deeglechen digitale Schlaangen um 07:00 moies mat sech bréngt De Marc Trappendreher, zanter dräi Joer treie Leidensakolyth, ass beim Jeff Schinker am Studio, an déi zwee ënnerhale sech iwwer méiglech Highlighte vun dëser Editioun.
    0 min
  • Die Leute hier sind nicht echt: "Hysterikon" am Kasemattentheater
    "Hysterikon" ass een duerchgeknallte Stéck iwwer déi duerchgeknallt Welt vum spéide Kapitalismus, an där alles a jidderee ka verhökert ginn. De Max Thommes bréngt d’Stéck vun der Ingrid Lausund nächst Woch an de Kasemattentheater - an ass zesumme mat der Jil Devresse, enger vun de véier Schauspillerinnen, beim Jeff Schinker am Studio.
    0 min
  • Glücklich und bedeutsam: "Von Wunden und Wundern" am Kaleidoskop Theater
    A "Von Wunden und Wundern" geet et iwwer d’Illusioun vum Wonner, dem erotesche Potential vun Tätowéierungen an d’Desillusioun vun enger zäitgenëssescher Koppel. D’Stéck vun der Sarah Kilter leeft am Kaleidoskop Theater a gëtt vun der Sara Goerres inzenéiert, déi mat de Schauspiller Rosalie Maes an Dominik Raneburger am Studio ass.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners