Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nuclear Paradise an der Galerie Nei Liicht
    "Nuclear Paradise" ass déi aktuell Expo am Centre d'Art Nei Liicht zu Diddeleng. Hei gëtt ee vun enger ganz interessanter Selektioun u Fotoe mat an eng aner Welt geholl. De Steve Kugener war um Vernissage an huet mam Fotograf a mat der Anthropologin geschwat, déi fir dëse Projet zesummegeschafft hunn.
    4 min
  • Elise Schmit - Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf
    Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin Elise Schmit huet e Band mat Erzielungen am däitsche Verlag Luchterhand erausbruecht. “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf” ass den Titel vum Buch an d‘Valerija Berdi an de Michel Delage hunn et gelies.
    9 min
  • Lenin-Art aus dem Mudam elo am Maacher Kulturhuef
    Den éischte Juli feiert de Mudam e ronnen 30. Gebuertsdag. An dat soll, der Mudam-Ekipp no, am beschten dat ganzt Land matkréien. Dowéinst gouf virun enger Woch de Projet “Dodeka - zwielef Wierker fir zwielef Kantonen” lancéiert, nom Griicheschen “dôdeka”, wat eben “zwielef” bedeit. D’Sammlung vum Mudam ëmfaasst mëttlerweil gutt 800 Wierker; dovunner ass meeschtens just eng Selektioun ze gesinn. Fir “Dodeka” gouf de Mudam-Archiv opgemaach an no Aarbechte gesicht, déi éischtens schonn eng Zäitchen net méi ausgestallt waren, an zweetens bei lokal Muséeën, Bibliothéiken a Kulturhaiser queesch duerch Lëtzebuerg passe géifen. D’Presentatioun vum Projet war am Maacher Kulturhuef. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Kulturhuef-Coordinatrice Monika Jakobs
    13 min
  • D'Tapisserie vu Bayeux
    D‘Tapisserie vu Bayeux an der Normandie ass eng Broderie, déi d‘Eruewerung vun den Englänner duerch d‘Normannen illustréiert. Se ass e wichtegt Konschtwierk aus der englesch-franséischer Geschicht. D‘Broderie soll elo fir ee Joer zu London ausgestallt ginn am Kader vum Rapprochement tëschent Frankräich a Groussbritannien. Mee a Frankräich gëtt et Widderstand. D’Claire Barthelemy mat Hannergrënn vu London
    4 min
  • Ian De Toffoli am Gespréich
    "Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian De Toffoli ass dëst Joer mam Servais-pPäis ausgezeechent ginn. D'Christiane Kleer huet mam Schrëftstelelr iwwer säi Wierk geschwat.
    0 min
  • Eng Geschicht, déi elo hiren Auteur fonnt huet
    Enn den 1950er Joren a Rumänie war deen deemools ee Joer jonken Ungar András Visky zesumme mat senger Mamm a senge fënnef Geschwëster vum kommunistesche Regimm a Lageren deportéiert ginn. Dat als Strof dofir, datt hire Papp respektiv Mann, e protestantesche Paschtouer, als "Feind vum System" zu 22 Joer Prisong verurteelt gi war.
    Joerzéngte méi spéit huet den András Visky - an Tëschenzäit e renomméierten Dramaturg - seng Erfarung, déi vu senger Famill an doriwwer eraus déi vun der ungarescher Minoritéit an Transsilvanien am elo op Däitsch iwwersate Roman "Die Aussiedlung" (Suhrkamp) verschafft.
    De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam ungareschen Auteur ënnerhalen.
    0 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    9 min
  • Out of the Crowd: Andréck an Interviewen
    De Samsden hat de Schalltot-Kollektiv säin Out of the Crowd Festival an der Escher Kulturfabrik organiséiert. De Marc Clement mat Andréck a Gespréicher mat e puer vun de Museker:innen: Ditz, Sunny Gloom, Ulrika Spacek.
    0 min
  • Film vun der Woch: "Gelbe Briefe"
    Dem däitsche Realisateur Ilker Catak säin Drama geet ëm eng Theaterkoppel, déi an der Tierkei politesch ënner Drock geréit. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dëse Film am Grousse Kino beschwat.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners