Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Wann et muss sinn, zeréckschloen!"
    Fraen als Affer, déi sech net physesch wiere kënnen, net wiere sollen – dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net. Déi erfueren däitsch Journalistin ass jorelaang als Auslandskorrespondentin a Krichsreporterin ëm d’Welt gereest.
    An hirem Essai “Fighting like a woman. Die Geschichte der Frauen, die zurückschlagen” (Rowohlt Verlag), schreift si iwwer Frae vu gëschter an haut, déi sech Kampftechniken ugëeegent hunn, déi sech physesch verdeedegen a fir hir Rechter kämpfen.
    Hei en Extrait aus dem neien Episod vum B-Radio.
    0 min
  • Jazz Days de Freideg zu Déifferdéng
    Wann eng Musekschoul e puer Deeg fir den Jazz ausrifft, erwaart ee sech normalerweis keen internationale Line-Up ... ausser zu Déifferdeng. De gemëschte Format vun den Jazz Days erlaabt et de Schüler:innen aus der Musekschoul, mat internationale Museker:innen d’Schëlleren ze reiwen.
    0 min
  • Film vun der Woch: "Dead Man's Wire"
    Eng Geiselnam steet am Mëttelpunkt vum Amerikaner Gus Van Sant sengem neie Thriller. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic hunn de Film am Grousse Kino beschwat.
    0 min
  • Groove a Lullaby
    Mat 19 Lidder iwwer Piraten, Dinosaurier awer och iwwer reell Alldagssituatioune wëllt d'Musekspädagogin, Oboistin a Liedermacherin Dominique Steiner mat hirer Band: Arthur Possing (Piano), Daniel Chavet( Gitar), Marc Demuth (Kontrabass) a Benoît Martiny (Perkussioun) d’Kanner an d'Famill motivéieren zesummen ze sangen, ze musizéieren a sech ze beweegen. Iwwer hiren neie Projet an Album “Groove & Lullaby“ schwätzt Dominique Steiner mam Valerija Berdi a stellt och e puer vun den neie Kannerlidder vir.
    3 min
  • National Year of Reading
    Am Land vum Winnie-the-Pooh liese Kanner esou wéineg wéi scho laang net méi. D'brittesch Regierung wëllt dat änneren an huet 2026 zum National Year of Reading deklaréiert. Mee wéi kann een d‘Kanner erëm fir Bicher begeeschteren? D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
    5 min
  • "Entre-Temps": d'Compagne Philippe Découflé am Groussen Theater
    Eng grouss Auer, déi lénks uewe vun der Bün wärend dem Stéck wëllt no vir an zeréck no hannen dréit, wëllt fir Verwirrung suergen ... a weist dach ganz onverblimmt, datt dësen Danz iwwer d’Zäit soll goen. D’Stéck “Stereo”, mat deem de Paräisser Choregraph Philippe Découflé 2024 de Public vum Groussen Theater elektriséiert hat, huet de Marc Clement net gesinn, wuel awer dem Découflé seng zweet Visitt gëschter mat “Entre-Temps”, eng Aart dänzeresch Meditatioun iwwer d’Zäit.
    7 min
  • Teaser B-Radio: "Wann et muss sinn, zeréckschloen!"
    D’Bild vu Fraen als Affer, déi sech net physesch wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net. Déi erfueren däitsch Journalistin ass jorelaang als Auslandskorrespondentin a Krichsreporterin ëm d’Welt gereest.
    An hirem Essai “Fighting Like a Woman. Die Geschichte der Frauen, die zurückschlagen” (Rowohlt Verlag), schreift si iwwer Frae vu gëschter an haut, déi sech Kampftechniken ugëeegent hunn, déi sech physesch géint Aggressioune verteidegen a fir hir Rechter kämpfen.
    D'Andrea Böhm steet am Mëttelpunkt vum neien Episod vu B-Radio, dee mir dëse Sonndeg um Radio 100,7 diffuséieren. Hei scho mol e klenge Virgeschmaach
    10 min
  • Taskmaster
    Pro Staffel kommen hei 5 brittesch Komiker a Komikerinnen zesummen a mussen absurd Aufgabe léisen, déi se vum Taskmaster gestallt kréien. Eng Serie fir jiddereen, dee Fan vun absurdem Humor an intelligente Léisungs-Weeër ass.
    7 min
  • Trumpiséierung vum franséische Verlagswiesen: eng Entloossung bei Grasset
    Nodeems de Vincent Bolloré, Haaptaktionär vum Grupp Vivendi, um Dënschdeg den Olivier Nora, Direkter vun den Editions Grasset, entlooss huet, wëllen elo 115 Schrëftsteller:innen d’Verlagshaus verloossen. De Jeff Schinker ass beim Marc Clement am Studio fir iwwer dat, wat am Milieu schonn d’Trumpiséierung vum franséische Verlagswiese genannt gëtt, ze schwätzen.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners