Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Rewire Festival zu Den Haag
    De Weekend ass zu Den Haag déi 15. Editioun vum Rewire Festival, bei deem experimentell Musek a Konscht am Vierdergrond steet. Gëschter Owend war schonn den Optakt, haut geet et dann esou richteg lass. Fir eis ass de Max Tholl dobäi, deen eis e klengen Ausbléck op de Festival gëtt.
    8 min
  • "Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
    Jonk sinn an Italie wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut. Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem Roman "La ricreazione è finita", rezent op Däitsch iwwersat ënner dem Titel "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach).
    D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags.
    De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam italieenesche Schrëftsteller ënnerhalen.
    14 min
  • One Piece Live Action
    Eng Adaptatioun vum Anime a Manga "One Piece", geschriwwe vum Eiichiro Oda. Eng Pirategeschicht, bei där d'Live-Action-Adaptatioun ganz vill richteg mécht.
    6 min
  • Maz Univerze - The Oracle a méi
    De Lëtzebuerger Rapper a Museker Maz Univerze hat ee rasant Joer 2025. Hien huet op Festivallen an Däitschland an der Slovakei gespillt, war um E-Lake an um 404 ze erliewen an ass mat Dock in Absolute an Taiwan gereest. Mat der neier Single “THE ORACLE” ass neit Material ënnerwee, a vläicht geschwënn op der Bün. De Marc Clement an de Jeff Schinker froen no.
    14 min
  • What a Mess We've Done: den Arthur Clees iwwer seng zweet Soloplack
    De Lëtzebuerger Museker Arthur Vinzent Clees huet am Mäerz "All of the Days That Go By", säin zweete Soloalbum, erausbruecht, op deem sech seng Talenter als Museker, Komponist a Produzent op engem eklekteschen Album mat spannenden Elektrosounds vereenen. De Museker, dee viru Kuerzem um 100,7 eng Aircheck Session mam Jazz Ensembel Jambal gespillt huet, war bei eis am Studio fir iwwer seng nei Plack ze schwätzen.
    24 min
  • "Le Ciel a disparu" vum Alain Blottière
    En eelere Schrëftsteller wëllt den Elon Musk ëmbréngen, well dee fir hien den Architekt vum Enn vun der Welt ass: Nodeems mir gëschter um 7. Abrëll engem Atomkrich esou just aus dem Wee konnte goen, ass d’zentral Fro am Alain Blotière sengem Roman “Le ciel a disparu” méi aktuell wéi jee: Wat maache mir mat deene Leit un der Muecht, déi eise Planéit an d’Mënschheet wëllen zerstéieren? De Jeff Schinker ass am Studio an huet d’Buch gelies.
    9 min
  • Dem Nik Novak seng Lautspriecher-Skulpturen zu Esch
    Ouschtervakanz: do ass et traditionell bei eis Büro méi eidel an och dobausse wierkt alles méi roueg. Vläicht den ideale Moment fir emol iwwer verschidden Hannergrondgeräischer nozedenken, déi eis soss esou am Alldag stéieren, zum Deel psychesch manipuléieren. D’Escher Konschthal proposéiert zu dësem Sujet d’Gruppenexpo “État bruit”. Wonschkandidat an Ausgangspunkt vun der Ausstellung waren den Nik Novak plus seng bombastesch Lautspriecher-Skulpturen. D’Kerstin Thalau hat Geleeënheet mam gebiertege Mainzer a Walberliner wärend dem Expo-Montage ze schwätzen.
    24 min
  • Decolonizing at Manchester Museum
    De Manchester Museum huet Enn Dezember en "Africa Hub" opgemaach, eng Plattform a sengem Musée an och online, déi sech mat deem beschäftegt, wat e selwer net weess, a fir d’Kooperatioun vu Membere vum Public ze froen, déi dës Informatiounen eventuell hunn. Eis Korrespondentin am Vereenegte Kinnekräich Marie Billon hëlleft, d’Rätsel ze léisen.
    3 min
  • Gewënner a Verléierer vun der Revolutioun a Rumänien
    Déi rumänesch Schrëftstellerin Gabriela Adameșteanu gëllt zënter Joerzéngten als eng vun de wichtegste Stëmme vun der rumänescher Literatur. Viru Kuerzem war si op der Leipziger Buchmesse fir hire leschten, op Däitsch iwwersate Roman "Stimmen auf Abstand" (Wallstein Verlag) ze presentéieren. De Michel Delage huet mat der Gabriela Adameșteanu geschwat.
    18 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners