Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Bario Triste
    Zesumme mat Schülerinnen aus der Klass 3ième A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass.
    7 min
  • Jugendtheater: Is My Microphone On?
    Nach leschte Mëttwoch duerft ee fir d’lescht "Is My Microphone On?", e Jugendtheaterstéck ënner der Direktioun vun der Anne Simon, am Groussen Theater gesinn. Den Nicolas Calmes war do; dëst si seng Impressiounen.
    5 min
  • Jazz or Whatever!?
    Den Jazz ass vläicht deen oppenste Museksgenre vun allen. Deem dréit den Jazz or Whatever!? Festival zu Wolz zu Wolz Rechnung. Och an der drëtter Editioun dierf den Jazz sech souwuel klassesch halen, wéi och a Richtung Elektronik, Pop oder Folklor ausuferen. Ee Gespréich mam Programmateur Marc Scheer vum Wëlzer Präbbeli / Coorperations.
    13 min
  • Wéi laang a virun allem wéi roueg si Schweigeminutten tatsächlech?
    Et gëtt Neits vum Kënschtlerduo Brognon Rollin: d’Stéphanie Rollin, 1980 zu Lëtzebuerg gebuer, an den David Brognon, 1978 zu Messancy gebuer, hate sech 2006 bei der Kaffismaschinn am Mudam kennegeléiert, wou si kuerz virdrun als Employé(e)n engagéiert gi waren. Aus de Gespréicher si relativ séier konkreet Konschtprojete ginn, aus Employéë fräischaffend Kënschtler. Virun zéng Joer hunn déi zwee Lëtzebuerg verlooss a sech zu Paräis installéiert, ënner anerem well si d’Gefill haten, datt hir Konzeptkonscht hei net wierklech appreciéiert an ënnerstëtzt gëtt. Dat bedeit awer net, datt si ni méi hei ausstellen, wa si invitéiert ginn: Brognon Rollin weise momentan hir Aarbecht “24h Silence” am Kontext vun der Gruppenexpo “État bruit” an der Escher Konschthal, wou d’Kerstin Thalau si kuerz begéint huet.
    22 min
  • The Big Cigarre
    De Grënner vun der Black Panther Beweegung flücht aus den USA bis op Kuba, mat der Hëllef vun engem Fernsee-Produzent. Dobäi geet awer alles schif, wat schifgoe kann.
    7 min
  • De Laboratoire d'Études Queer sur le Genre et les Féminismes als Musée-Bero
    Muer den Owend um sechs invitéiert d’Villa Vauban, also de Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg, op eng weider Editioun vun de “Queer possibilities”: dobäi handelt et sech ëm eng Visite guidée vun der Villa hirer permanenter Expo ënner net-heteronormative Perspektiven, déi nei Iwwerleeungen zu der Diversitéit vun den Identitéiten an de mënschleche Bezéiungen erméigleche soll. Gelieften Inklusioun ass zanter gutt zéng Joer Theema an der Villa Vauban; de Sujet Queerness ass viru gutt zwee Joer opkomm. D’Villa-Ekipp wollt dozou net just eppes proposéieren, well et grad Trend ass, mee sech intensiv domat beschäftegen. Dowéinst koumen d’Philologin Sandy Artuso an d’Soziologin Enrica Pianaro vum Laboratoire d'Études Queer sur le Genre et les Féminismes fir en Etat des lieux vum Musée plus Recommandatioune fir e queere Programm an d’Spill. Iwwert hir Conclusiounen hu si mam Kerstin Thalau geschwat.
    16 min
  • Franz Ferdinand !
    Franz Ferdinand wëssen, wéi een ee Song erausstieche léisst - a wéi een en direkt als hiren erkennt. Dacks beweege sech d’Been do ganz vum selwen. Den 10. Abrëll spillen d’Schotten an der Rockhal op Invitatioun vum Atelier. Hir lescht Plack “The Human Fear” war ee Schlabäizchen, mee si sinn och dofir bekannt, ganz bereetwëlleg all hir Hits ze spillen ... De Bob Hardy, Bassist vu Franz Ferdinand, steet dem Marc Clement Ried an Äntwert zur Band haut, 22 Joer no hirem éischten Hit.
    6 min
  • Sprangen oder falen? "Ma gloire" vum Florent Oiseau
    “C’est la nuit et le dehors qui m’ont fait ça, ils m’ont attrapé et ne m’ont pas rendu.” A “Ma gloire” zeechent de Florent Oiseau ee sensibele Portrait vun engem Alkoholiker, deen hin- an hiergerappt ass tëschent der Léift vum Nuetsliewen, den Exzesser an der Irresponsabilitéit vum Alkohol a senge familiäre Verpflichtungen. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies.
    7 min
  • Jugendstil, Handwierk a Konscht zu Lëtzebuerg ëm d’20. Joerhonnert
    Bis Mëtt Oktober kënnt Dir an eisem Nationalmusée um Fëschmaart d’Expo “Vu Lilien a Linnen: Jugendstil, Handwierk a Konscht zu Lëtzebuerg” gesinn. Ufanks vum 20. Joerhonnert, an also am Kontext vun der Industrialiséierung, haten och hei am Land eng ganz Partie innovatiounsfreedeg Kreativer Traditioun an Historismus verworf, fir am Konschthandwierk, an der Architektur an an der Konscht mam Stilmëttel Art Nouveau ze experimentéieren. Mat “Lilien a Linnen” fir eng besser Welt? D’Kerstin Thalau huet d’Fro un déi zwou Expo-Commissairinnen Ulrike Degen a Michèle Walerich vum MNAHA-Departement Arts décoratifs et populaires weiderginn.
    32 min
  • 10 Joer Jonk BAD
    De Studenteverband Jonk BAD hëlleft jonke Mënschen, déi am Beräich vu Bibliothéiken, Archiven oder als Dokumentalist:inne studéierte wëllen, sech op de richtege Studiegang ze orientéieren. Dernieft bidde si eng ganz Rei Aktivitéiten un, wéi Ënnerstëtzung fir Stageplazen ze fannen. E weidere wichtege Volet ass awer och, iwwerhaapt op déi Beruffer opmierksam ze maachen a mam verstëbste Ruff opzeraumen. Membere vu Jonk BAD sinn am Gespréich mam Valerija Berdi.
    33 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners