Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Tëschent Café Ubu an Dada-Cave kritt déi jonk Konscht eng nei Plattform

    “Besteeënd Infrastrukturen nei an innovativ notzen” dat ass och dem Service culturel vun der Stad Esch-Uelzecht seng Philosophie. Dowéinst ënnerstëtzt en zanter dësem Joer en neien Ausstellungscycle am Escher Theaterfoyer. Do gi jo scho méi laang Konschtexpoen gewisen, mee elo kritt en eng kloer Ausriichtung: ënner dem Numm “Trampolin” soll en der jonker Konscht aus der Groussregioun eng Plattform bidden; viséiert sinn d’Absolvente vu Konschthéichschoulen, déi mat engem éischten Expoprojet eventuell méi liicht Kontakter zu der professioneller Konschtwelt knäppe kënnen. Als Expocuratrice konnt d’Danielle Igniti gewonne ginn: Konschtexpertin a Philologin, Member a verschiddene Konschtjuryen, bei Lët’z Arles, war am Verwaltungsrot vum Mudam, knapps 30 Joer laang Kulturcheffin vun Diddeleng, tëschent 1999 an 2015 Presidentin vum Planning Familial a laangjäreg Chronistin beim 100,7. Firwat elo den Trampolin? Dat wollt d’Kerstin Thalau vun der Danielle Igniti gewuer ginn.

    20 min
  • "Comme ça et pas autrement": "Viens Élie" vum Jonas Sollberger
    "Viens Élie" ass den Debutroman vum jonke Schwäizer Schrëftsteller Jonas Sollberger, deen et direkt gepackt huet, ee Buch bei de prestigiéisen Editions de Minuit erauszebréngen. De Jeff Schinker huet deen 140 Säite kuerzen a just e bësse méi wéi ee Saz laange Roman gelies.
    1 min
  • An der Philharmonie eng Stater Stroossekuliss opbauen
    Moies um siwe soll d’Welt nach an der Rei sinn ... och um Kierchbierg? Journalisten hu jo e Faibel fir de Bléck hanner d’Kulissen, fir Aktivitéiten an Decisiounen ze thematiséieren, déi fir d’Ëffentlechkeet onsiichtbar sinn. D’Marie Trussart an d’Kerstin Thalau sinn e Schrëtt zeréckgaangen: an zwar AN d’Kulissen, eng 800 Meter vum 100,7.
    19 min
  • Eternal Tango zu Kayl
    Wien op de Soziale Medien nach der lëtzebuergescher Band Eternal Tango followed, deen huet gemierkt, datt zanter e puer Wochen do erëm méi Aktivitéit ass. An zwar geet rieds vun engem mysteriéise Concert. An dat obwuel et d'Band zanter 14 Joer net méi gëtt. Elo ass déi grouss Nouvelle, datt d’Band den 21. Juni op der Fête de la Musique zu Keel spillt. De Steve Kugener huet sech exklusiv mam Bassist vun der Band, dem Tom Gatti, an dem Organisateur vun der Fête de la musique, dem Pascal Useldinger ënnerhalen.
    8 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
    9 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
    9 min
  • Film vun der Woch: "Ghost Elefants"
    A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort an Angola. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn de Film beschwat.
    10 min
  • Eng feministesch BD zu Avignon: en Interview mat der Christine Muller
    Dräi Lëtzebuerger Produktiounen dierfen dëst Joer op Avignon. Mat ”Les glaces” vun der Sophie Langevin, “Une rose plus rouge” vun der Christine Müller an “Les jours de la lune” vun der Renelde Pierlot huet de Comité de sélection vu Kultur ǀ lx dräi feministesch Stécker zeréckbehalen, déi sech mat sexueller an digitaler Gewalt a mat der Menstruatioun befaassen - an domat net just Tabu-Sujete verhandelen, mee och weiblech Ënnerdréckung an Invisibiliséierung an enger patriarchaler Gesellschaft thematiséieren. No der Sophie Langevin an der Renelde Pierlot ass d‘Christine Muller beim Jeff Schinker am Studio.
    31 min
  • Feels like Home
    Zesumme mat Schülerinnen aus der Klass 3ième A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners