Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Eternal Tango: Reunioun?
    De Pit Romersa, Batteur vun Eternal Tango, erzielt um Mikro vum Marc Clement d'Hannergrënn vum Reunioun-Concert den 21. Mee op der Fête de la musique zu Keel.
    0 min
  • Teaser: Déi wonnerbar VaLibrairie
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dräi Wierker den nächste Sonndeg: Dem Ian de Toffoli säi Wierk: “Léa ou la théorie des systèmes complexes“ (Actes Sud).
    Dann der Elise Schmidt hir Erzielungen: "Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf,“ am Luchterhand-Verlag publizéiert a véier Erzielunge mam Titel: “Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ aus dem Haus Hydre.
    Weider steet nach e Gespréich mam rumänesch-ungaresche Schrëftsteller Andras Visky um Programm.
    16 min
  • Love on the Spectrum
    D'Serie "Love on the Spectrum" begleet Mënschen am autistesche Spektrum op hirer Sich no Léift - éierlech, emotional an deels och ongemittlech weist dës "Dating-Show" wéi komplex Bezéiungen am Kontext vun enger Neurodivergenz kënne sinn.
    0 min
  • Startschoss fir déi 7. Squatfabrik-Saison an der Escher Kufa
    Am Kontext vum Performance Day vum Out of the Crowd Festival an der Escher Kufa hutt Dir de 25. Abrëll och Geleeënheet déi brasilianesch Multimediakënschtlerin a Performerin Luiza Prado De O. Martins kennenzeléieren. Eigentlech lieft a schafft si zu Berlin an zu Rio, mee aktuell ass si ee Mount laang a Kënschtlerinne-Residenz an der Squatfabrik vun der Escher Kufa. D'Kerstin Thalau war dohinner.
    14 min
  • Startschoss fir déi 7. Squatfabrik-Saison an der Escher Kufa
    Wat kuerz nom Lockdown als spontan Ënnerstëtzung fir Kreativer lancéiert gi war, geet ewell an déi siwent Ronn: ufanks Abrëll huet d’Escher Kufa d’Diere vun hirer Squatfabrik opgemaach. Bedeit, een nationalen an een internationale Kreativen dierfe sech ee Mount laang am zentrale Kufa-Espace “terres rouges” kënschtleresch austoben, sech auszetauschen, fräi experimentéieren. Logéiert si se wärend der Residenz am Escher Bridderhaus. Bis den drëtte Mee sinn dat déi Lëtzebuerger Kontorsionistin, Performerin, plastesch Kënschtlerin a Wal-Londonnerin Françoise, plus d’Brasilianerin Luiza Prado De O. Martins, Multimedia-Kënschtlerin a Performerin, lieft a schafft zu Berlin an zu Rio. D’Kerstin Thalau huet den Duo “en résidence” zu Esch besicht.
    13 min
  • Netflix an d'Museksindustrie
    Ëmmer méi Museker:inne schaffe mat Netflix zesumme fir hir Fans op der Tëlee ze erreechen. Dësen Trend huet mat den neie Realitéiten an der Museksindustrie an och mam Konsumverhalten vun de Fans ze dinn. D‘Claire Barthelemy mat Detailer
    4 min
  • Michael Köhlmeier am Gespréich
    Am Kader vu LiteraTour, dem Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg, war de Michael Köhlmeier zu Lëtzebuerg. Eng gutt Geleeënheet fir d‘Valerija Berdi fir mam den éisträichesche Schrëftsteller iwwer säin neit Buch “Das Gute“, awer och iwwer säi Gesamtwierk, säi Schreiwen a seng Vue op déi aktuell Welt ze schwätzen. Mir lauschteren en Extrait aus dësem Gespréich. De ganzen Interview ass deemnächst op eiser Antenn ze héiere sinn.
    0 min
  • Florence Ostende: Cheffin am Mudam fir artistesch Programmatioun
    2026 feiere Casino a Mudam ronn Gebuertsdeeg: eemol den 30. an eemol den 20. Dem Casino säin Dag war Enn Mäerz, de Musée d’art moderne Grand-Duc Jean ass den 1. Juli 2006 opgaangen. Mee béid Institutiounen hu fir déi ganz Saison speziell Evenementer programméiert: esou toure vu muer un 12 Wierker aus der Mudam-Kollektioun uechter d’Kulturhaiser queesch duerch Lëtzebuerg. Alles dat dréit natierlech eng ganz Ekipp, vun der Directrice bis zum Accueil. D’Kerstin Thalau wollt verschidde Memberen, déi heefeg manner visibel sinn, emol zu Wuert komme loossen. Zum Beispill d’Cheffin vum Mudam-Departement fir déi artistesch Programmatioun: d’Florence Ostende.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners