Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Spotify - ëmstridden
    Vläicht hutt der et an äre Soziale Medie gesinn, dass Museksfans weltwäit den amerikanesche Streaming Service Spotify verloossen. Et gëtt vu politeschen an ethesche Grënn geschwat. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
    6 min
  • "Dat erënnert scho ganz staark u virmodern Strofregimmer"
    Ënnert de sëlleche politeschen Instrumenter setzt d'Europäesch Unioun Wirtschaftssanktiounen an, zum Beispill géint Russland als Reaktioun op d'Invasioun vun der Ukrain. Uviséiert ginn och Eenzelpersounen. Wärend laang Individuen aus Drëttstaaten ënner Strof gestallt gi sinn, betrëfft dat zënter kuerzem awer och EU-Bierger.
    Firwat dës Entwécklung problematesch ass, erkläert de lénken éisträichesche Publizist Hannes Hofbauer a sengem Buch "Aller Rechte beraubt. Mit aussergerichtlichen EU-Sanktionen zum autoritären Staat" (Promedia Verlag).
    Op der Leipziger Buchmesse huet de Michel Delage mam Hannes Hofbauer geschwat.
    15 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
    7 min
  • Keen Cent méi vum Staat Israel: Am Gespréich mam Realisateur Nadav Lapid
    Dem Nadav Lapid säi Film "Yes" ass ee formell experimentellt Wierk, dat sech mat der Identitéit vum Kënschtler an Israel nom 7. Oktober befaasst. Um LuxFilmFest huet de Film seng Lëtzebuergesch Premiere gefeiert. De Jeff Schinker konnt mam Realisateur schwätzen – a gouf ënnert anerem gewuer, wéi et méiglech war, dass esou ee kritescht Wierk vum israeelesche Film Fund konnt ënnerstëtzt ginn – a wéi d’Regierung op d’Sortie vum Film an Israel Ufank dës Joers reagéiert huet.
    13 min
  • Anatomie vun enger Koppel: "Ex" vum Marius von Mayenburg

    Leschte Mëttwoch ass EX vum Marius von Mayenburg am Théâtre du Centaure ugelaf - een zynescht, trauregt a schrecklech witzegt Stéck iwwert eng Koppel, déi virum Enn vun hirer Geschicht steet – en Enn, dat duerch d’Opdauche vun enger Ex just nach acceleréiert gëtt. Bei mir am Studio sinn de Metteur en scène Antoine de Saint Phalle an d’Schauspillerin Eugénie Anselin.

    23 min
  • Dystopesch Realitéiten aus dem Hutt zauberen: "Peuple de verre"
    "Peuple de verre" vun der kanadescher Schrëftstellerin Catherine Leroux ass eng als Science-Fiction getarnten Erzielung iwwert eng Logement-Kris, déi als Metapher fir déi ëmmer méi grouss Schéier tëscht aarm a räich déngt. De Jeff Schinker huet de pechschwaarze Roman gelies
    9 min
  • An der Escher Squatfabrik stinn de Biesemen d’Hoer zu Bierg
    Muer ass Fréijoersufank! An...hutt dir di grouss Fréijoersbotz schonn an Ugrëff geholl? Respektiv di al Bieseme prett gemaach, well déi jo anscheinend besser Kieren? D’Performancekënschtlerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde beschäftegt sech zanter Laangem mam Sujet “Botz”, méi genee mat den onsiichtbare Säiten a funktionelle Geste vun net valoriséierte Jobben. Hiren Danzpartner bei der gesellschaftskritescher Performance “work it” ass e Biesem. Den owend kënnt dir di aktuell Versioun an der Escher Kufa materliewen: d’Clio Van Aerde war do elo ee Mount a Kënschtlerinneresidenz an d’Kerstin Thalau war bis laanscht.
    14 min
  • Vun der Leipziger Buchmesse
    Zënter e Mëttwoch ass d'Leipziger Buchmesse op. No Frankfurt ass et déi zweetgréisste Bicherfoire an Däitschland, an eng vun de wichtegsten an Europa. Kee Gaaschtland dëst Joer zu Leipzig, mee eng ganz Regioun, nämlech d'Donau-Géigend, déi als Fokus-Thema ervir gehuewe gëtt. De Michel Delage ass fir eis op der Plaz.
    13 min
  • Heated Rivalry
    Sechs Episoden, kee risege Budget, keng grouss Nimm an trotzdeem schwätzt déi ganz Welt vun engem Dag op deen aneren iwwer "Heated Rivalry". D'Serie erzielt d'Geschicht vun zwee Äishockey-Spiller an hirer geheimer Relatioun. Et geet ëm Rivalitéit, Intimitéit, strukturell Homophobie am Spëtzesport a schlussendlech och ëm Acceptanz.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners