Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Politesch Präisser, apolitesch Zeremonien: de Palmarès vum LFF an d'Oscars
    Gëschter um Sonnden ass déi 16. Editioun vum LuxFilmFest op en Enn gaangen. De Gewënnerfilm ass den nigerianeschen "My Fathers’s Shadow" vum Akinola Davies Jr., an der Dokumentarkompetitioun krut d‘Vladlena Sandu de Präis fir "Memory". An der Nuecht vum Sonnden op de Méinden goufen och d’Oscare verginn – de grousse Gewënner hei ass dem Paul Thomas Anderson säi "One Battle After Another". De Jeff Schinker war beim Paule Rodesch am Studio fir ee Bilan zu den zwee Palmarès’en ze zéien.
    12 min
  • Kee Feeler: 404 ass een neie Lëtzebuerger Museksfestival
    404 ass net just eng iergerlech Feelermeldung um world wide web, ma ab elo och ee fonkelneie Festival, deen dëse Freideg am Melu seng éischt Oplag feiert. Wat a wie genee sech hannert dem neie Festival verstoppt, verréit eis de Museker Yacke, dee lo beim Jeff Schinker am Studio ass.
    13 min
  • Music, an antidote to challenging times
    D'Martha Lomeli ass Doktesch an der Sozialpsychologie zu Liverpool an hat rezent am Gudde Wëllen en Talk iwwer d'Wichtegkeet vu Musek fir déi mental Gesondheet an de sozialen Zesummenhang. Am Gespréich mam Marc Clement geet si der Saach nach eemol op d'Spuer an deelt och e puer Strategien, an iwwerraschend Proprietéite vu Musek.
    20 min
  • Gravity Falls
    D'Animatiounsserie "Gravity Falls" erzielt d'Geschicht vun den Zwillingen Dipper a Mable, déi hirem Monni Stan a sengem Mystery Shack iwwer de Summer hëllefen. Och wann et relax ufänkt, entdecke mir séier Geheimnisser an iwwernatierlech Evenementer, an d'Zwillinge setze sech zur Aufgab, der Wourecht vum klenge mysteriéisen Duerf op de Grond ze goen.
    7 min
  • Maeve Moayedi - Jazz an der Kierch
    D’Maeve Moayedi ass eng Lëtzebuerger Sängerin, déi Nu Jazz mat elektroneschen Elementer vermëscht. Dëse Samschdeg, 14. Mäerz, spillt si e Concert an der Église Sainte-Barbe zu Lasauvage - eng Plaz mat enger spezieller Akustik. Vun haut un (12.3.) wäert d'Musekerin an der Kierch schaffen an eng In-Situ-Performance spezifesch fir de Lieu an d’Akustik vun der Kierch entwéckelen. Eng gutt Geleeënheet d'Maeve kennenzeléieren.
    8 min
  • Out Of The Crowd 2026
    Den Out Of The Crowd gëtt all Joer vum Schalltot-Kollektiv an der Escher Kulturfabrik organiséiert. De Festival proposéiert Indie-Gréissten an Decouverten. D'Frënn vu Rockmusek an ongewéinleche Mëschunge wäerten och dëst Joer op hir Käschte kommen, mat där, hiren eegene Wierder no häertster Band vun der Welt, als Headliner, mee och ganz gemittlechem Indie-Pop vun Ulrika Spacek. Zesumme mam Nicolas Pzeor schwätze mir iwwer de Programm an den Event.
    10 min
  • Mat engem Laachen an d'Humiliatioun: "Liebhaberinnen" vun der Koxi
    Viru bal 50 Joer huet d'Elfriede Jelinek mat "Die Liebhaberinnen" ee radikale feministeschen Text iwwer weiblecht Proletariat, toxesch Maskulinitéit a systeemesch Ënnerdréckung verëffentlecht, tëschent Pamphlet a Roman. Der Koxi hir Verfilmung transposéiert de Roman an eng Welt vun digitaler Selbstversklavung an erniddregenden Déngschtleeschtungen - a rett den Humor eriwwer an ee bëssege Film, deen den Owend um véierel fir 9 am Kader vum LuxFilmFest am Kinepolis Kierchbierg leeft. De Jeff Schinker hat d'Koxi an de Co-Dréibuchauteur Antonio de Luca op der Berlinale getraff, wou de Film seng Première gefeiert huet. Mir lauschteren hiert Gespréich.
    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners