Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Eng Welt voller Krëppeng
    Scho gemierkt, datt Alldagsprodukter méi schlecht gi sinn, mee net onbedéngt méi bëlleg? Dat huet System! "Verkrempelung" nennt dat den däitschen Essayist Gabriel Yoran. Hei en Extrait aus dem leschten Episod vum B-Radio.
    9 min
  • Oké - Alter Ego
    Zu Lagos gebuer an zu Lëtzebuerg opgewuess, mécht den Oké Popmusek, déi aus afrikanescher Spiritualitéit, Gender-Fluiditéit a vill Liewensfreed gestréckt ass. Um Mikro vum Marc Clement erzielt dee jonke Museker, wat hien dreift, a wat seng Musek him bedeit.
    10 min
  • Nei Placke vun Archive, Apparat an Altin Gün
    De Jeff Schinker an de Marc Clement hu sech 3 nei Placken ugelauschtert. “Indietronica” vun de Londoner Archive, déi kierzlech hiren 13. Studioalbum “Glass Minds” presentéiert hunn ... schonn am Titel eng schéi Metapher dorop, wéi duerchsiichteg déi nei Technologien eis Gedanke maachen. Bei sengem 11. Album als Solokënschtler an ënner dem Numm Apparat ass de Sascha Ring mat an eisem Mix: “A Hum of Maybe” heescht seng nei Plack, d’Vibratioun vun der Ongewëssheet an elektronescher Form? An zulescht huet d’Amsterdamer Türk-Pop Retro-Combo Altin Gün hir 6. Plack “Garip” dobaussen, eng Aart nostalgesch Reflektioun vun den transkulturellen Erliefnesser, déi eis Zäit esou faszinéierend maachen, soe mir elo mol à discuter.
    28 min
  • Vun IA (intelligence artificielle) zu IA (intelligence ancienne)
    “Here comes the Luxembourg City Filmfestival”; muer den Owend ass d’Opening ceremony. Mee elo schonn, a bis ufanks Abrëll, kënnt Dir parallel dozou “Here comes the sun” entdecken: dem Cercle Cité seng Kontributioun zum Festival, am Ratskeller an der Paschtoueschgaass. D’Multimedia-Expo ass mat “Art, énergie et intelligence naturelle” ënnertitelt. Zesummegestallt gouf se vun Elektron, also der Plattform fir d’Lienen tëschent Konscht, digitalen Technologien, Wëssenschaft a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi d’Françoise Poos an de Vincent Crapon virun dräi Joer lancéiert hunn. “Here comes Kerstin Thalau” fir dem Duo eng Partie sonneg Froen zu hirer Expo ze stellen.
    18 min
  • Eng BBC-Kannersendung
    Wat géing Dir maachen, wann Dir all Dag ee Wonsch fräi hätt? Esou geet et engem klenge Meedchen an der neiste Kannersendung vun der brittescher BBC, déi de Lëtzebuerger Sean McCormack realiséiert huet. D‘Claire Barthelemy huet mat him zu London iwwer Inspiratioun, Karriär a queer Visibilitéit geschwat.
    6 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    5 min
  • Film vun der Woch: "The History of Sound"
    Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama handelt vu Léift, Erënnerung a populäre Gesang, mam Duo Paul Mescal a Josh O'Connor an den Haaptrollen. De Michel Delage, d'Valerija Berdi a Kerstin Thalau beschwätzen de Film.
    10 min
  • Sech un der Luucht verbrennen: "Moth" a "Connemara"
    Sozialen Drama iwwer eng Transfuge de classe an enger existenzieller Sakgaass an eng homosexuell Coming-of-Age-Geschicht iwwer Léift, déi vläicht eesäiteg bleift - den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren "Connemara", eng däitschsproocheg Bünenadaptéierung vum Nicolas Mathieu sengem véierte Roman am Kapuzinertheater an dem Edsun säi "Moth", dat de Freideg seng Première am Mierscher Theater hat.
    15 min
  • Laurence Brasseur: Observatoire de la Culture
    Mat dem Gesetzesprojet 8410 gëtt sech Lëtzebuerg e legale Kader fir en Observatoire fir d’Kultur, deen eng vun de Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 war. Wat genee deen Observatoire ass, wat seng Missiounen, Ziler a seng Repercussiounen op de Kultursecteur wäerte sinn, dat erkläert eis d’Laurence Brasseur, Coordinatrice vum Observatoire de la culture.
    19 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners