Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Siichtbar maachen: LGBTQIA+ an englesche Muséeën
    An England ass de Februar de Mount vun der LGBTQIA+-Geschicht. Eng ganz Partie Muséeë setzen de Fokus op d'Aarbecht, déi si zanter Jore maachen an déi zum Zil huet, d'Geschicht vun LGBTQIA+-Persounen ze beliichten. Persounen, där hir Geschicht an der Vergaangenheet an heiansdo och nach haut iwwergaange gouf a gëtt.
    6 min
  • D’Privatsphär als Informatiounsquell iwwer sozio-historesch Praktiken
    Endlech Sonn! Wéi wier et dann am Februar scho mat Open-Air-Konscht? Ënner dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D’Ekipp vun der Cité de l‘image wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoe vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An den Arcadë vun der Grand-Rue kënnt Dir zum Beispill d’Serie “Die Sentimentalität der Dinge“ entdecken. Festgehalen huet déi d’Manon Diederich, ausgebilt Sozial- a Kulturanthropologin, haut fräischaffend Antidiskriminatiounstrainerin, mee och Autorin a Fotografin. Hir Klierfer Opnamen dokumentéieren Objeten an Erënnerungsstécker vu verschiddene Generatiounen, déi am Haus vun hirem Papp zeréckgelooss goufen. D’Kerstin Thalau ass vun der Manon Diederich méi doriwwer gewuer ginn.
    21 min
  • The Morning Show
    Hanner de Kulisse vun enger grousser Televisiounsproduktioun: "The Morning Show" erzielt vun Intrigen, Karriären an de Mënschen hanner der Kamera. Eng Serie, déi aktuell gesellschaftlech Theemen an d’Muecht vun de Medien thematiséiert.
    5 min
  • Berlinale: Am Gespréich mat der Ulrike Ottinger
    An hirem Film "Die Blutgräfin" léisst d'Ulrike Ottinger d'Isabelle Huppert eng bluttgäil Vampirin, ugeleent un d'historesch Figur vun der Elisabeth Báthory, spillen. Wisou dëst weder Biopic nach historeschen Drama ass, wat genee si um Genrekino interesséiert - a wéi si dorop koum, d'Lëtzebuerger Schauspiller André Jung a Marco Lorenzini ze casten - dat verréit déi avantgardistesch a feministesch Regisseurin am Interview, deen de Jeff Schinker mat hir zu Berlin geféiert huet.
    13 min
  • Josh Island - Imaginary Borders
    De Josh Island ass e Lëtzebuerger Singer-Songwriter, oder éischter, een europäeschen. An England gebuer, mat hollänneschen Elteren, ass seng Geschicht méi divers, och musikalesch. No villen Optrëtter ënner anerem am Grund Club, no Opening Gigs fir den James Morrison a Passenger, huet hien dëst Joer seng roueg awer iwweraus positiv gelueden Indie-Pop-Musek um Eurosonic Festival presentéiere kënnen, an dat ouni iergendengem seng Hëllef, mee mat engem ferme “Jo” vum Jury. De Concert ass mat engem Encore am Lyceeskorridor filmräif ukomm. Wéi steet et mat der Musek, déi opgeholl ass: Den Debutalbum “In My Head” war 2023 erauskomm, mee zënterhier goufen et nei Singelen, déi d’Virfreed op déi zweet Plack begleet hunn.
    Där hir Release ass elo geschwënn, de 6. Mäerz kënnt “Imaginary Borders” eraus, de Release Concert ass den Dag drop owes am Rockhal Club.
    15 min
  • Zeréck an d'Vergaangenheet ...
    Gëschter sinn déi 15 Nimm bekannt ginn, déi fir de Präis vun der Leipziger Buchmesse, nominéiert sinn. An dräi Kategorien agedeelt: Belletristik, Sachbuch/Essay an Iwwersetzung, sti jeeweils 5 Bicher op der Shortlëscht. D’Valerija Berdi huet Detailer.
    16 min
  • Ee Festival mat engem sozialen Dréi: Aralunaires 2026
    Enn Abrëll bis Ufank Mee ass déi 17. Editioun vum Aralunaires, engem Festival, deen eis kleng Nopeschstad Arel an eng Spillplaz fir musikalesch Entdeckunge verwandelt.Den Aralunaires bitt eng grouss Varietéit u Formater a Plazen: Concerten a Säll, mee och Evenementer a méi urbanem oder esouguer ländleche Kader. Musikalesch ginn et Indie-Decouverten aus alle Beräicher, vun elektronesch iwwer Rock hin zu Jazz. Responsabel fir d’Programmatioun ass de Sebastien Cuvelier vun der benevoller Ekipp, déi all Joers dëse klenge Bijou organiséiert.
    15 min
  • Mat Nonhuman Nonsense Attitudë changéieren, fir Verantwortung plädéieren
    Ufanks Februar hat den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg en neie Konferenzzyklus lancéiert, an zwar ënner dem Titel TASTE, als Ofkierung fir “Transforming through art, science, technology”. Elo geet en, am Casino Lëtzebuerg an déi zweet Ronn. Diskussiounssujet ass “On bodies and practices”, an zwar ënner anerem mat der Kënschtlerin Justine Blau. Vu datt den éischten Debat e grousse Succès war, wollt d’Kerstin Thalau Iech nach ee vun de Participante virstellen: de Filips Stanislavskis vum Design-a-Konscht-Kollektiv Nonhuman Nonsense.
    21 min
  • De Floss vun der Leipziger Buchmesse ...
    Dëst Joer gëtt et kee Gaaschtland mee e Gaaschtfloss op der Leipziger Buchmesse. "Donau - Unter Strom und zwischen Welten" ass de Motto vun der dësjäreger Editioun, déi ee vum 19. bis den 22. Mäerz besiche kann. Valerija Berdi mat Detailer
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners