Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Concert: La Dispute an der Rockhal
    La Dispute ass eng amerikanesch Post-Hardcore Band aus Grand Rapids, gegrënnt 2004, déi fir hir intensiv a gefillsbetounte Musek bekannt ass. Gëschter war déi amerikanesch Band an der Rockhal zu Gaascht an de Jeff Schincker an de Marc Clement ware fir eis do.
    14 min
  • Film vun der Woch: "Marty Supreme"
    Den Amerikaner Josh Safdie zeechent den nervöse Portrait vun engem ambitionéierte jonke Schongverkeefer, deen an den 1950er Jore mengt, mam Dëschtennis kënnen dat grousst Geld ze maachen. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen de Film.
    11 min
  • “Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 2)
    Kino misst onpolitesch bleiwen, hat de Jurypresident a Kult-Realisateur Wim Wenders um Ufank vun der Berlinale gesot - an domat eng Poleemik ausgeléist, déi och hir Spueren am Palmarès hannerlooss huet. Deen ass nämlech duerch an duerch politesch. De Jeff Schinker mat engem Bilan vun der 76. Berlinale, an deem hien net just op de Palmarès, mee och op 10 Deeg Festival zeréckbléckt - an iwwer d'Berlinale-Poleemik, den Owend op der Lëtzebuerger Ambassade an onkritesche Kulturjournalismus an anere Medie schwätzt. Am zweeten Deel vum Berlinale-Bilan lauschtere mir ënner anerem en Interview mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Anne Klein, déi eng kleng Roll am Marcus Schleinzer sengem Film "Rose" huet.
    13 min
  • “Let’s go and have some Anschauung”: Ee subjektive Bilan vun der Berlinale (Deel 1)
    Kino misst onpolitesch bleiwen, hat de Jurypresident a Kult-Realisateur Wim Wenders um Ufank vun der Berlinale gesot - an domat eng Poleemik ausgeléist, déi och hir Spueren am Palmarès hannerlooss huet. Deen ass nämlech duerch an duerch politesch. De Jeff Schinker mat engem Bilan zur 76. Berlinale, an deem hien net just op de Palmarès, mee och op 10 Deeg Festival zeréckbléckt - an iwwer d'Berlinale-Poleemik, den Owend op der Lëtzebuerger Ambassade an onkritesche Kulturjournalismus an anere Medie schwätzt.
    8 min
  • Berlinale: Eppes ganz Besonnesches?
    Eppes ganz Besonnesches sinn d’Figuren an eise Filmer vun haut, obwuel si et deels guer net ëmmer wëlle sinn oder esouguer dorënner leiden. Mir ginn eng leschte Kéier op Berlin, wou de Jeff Schinker nach ëmmer op der Berlinale ass. Haut rezenséiert hien “Etwas ganz Besonderes”, “The Loneliest Man in Town” an “Soumsoum, la nuit des astres”, dräi Filmer aus dem Concours, d’Lëtzebuerger Koproduktioun “Roya” - a mécht eng Analys vun der Kompetitioun.
    13 min
  • The Chair Company
    An eisem Serientipp kucke mer haut op eng méi witzeg Serie, nämlech "The Chair Company". Den Zach Kanin an den Tim Robinson hunn d'Serie geschriwwen, an den Tim Robinson spillt och selwer dran. Eng Verschwörungstheorie iwwert Still, an dat alles an engem grousse Sketch.
    8 min
  • 40 Joer Saatchi Gallery

    D‘Saatchi Gallery zu London huet mat hire kontroversen Ausstellunge jonk brittesch Kënschtler:innen an den 90er Joren zu Weltstare gemaach. Fir hire 40. Gebuertsdag weist d‘Galerie elo nach eemol grouss Blockbuster-Installatiounen, déi hir Geschicht markéiert huet. Mee och nei zäitgenëssesch Konscht gëtt presentéiert. D‘Claire Barthelemy war kucken.

    6 min
  • Berlinale: Vu Mécken, Rassisten, demente Fraen an drogéierte Männer

    Wat mir eis méi op de leschten Drëttel vum Concours vun der Berlinale zoubeweegen, wat ee méi gespaant ka sinn, ob d’Favoritte weiderhin um perséinlechen Troun vun eisem Filmkritiker zu Berlin bleiwen oder ob d’Kaarten nach eemol nei gestéckelt ginn. De Jeff Schinker huet den Dënschdeg a Mëttwoch “Wolfram” vum Warwick Thornton, “Queen at Sea” vum Lance Hammer,  “A New Dawn” vum Yoshitoshi Shinomiya a “Moscas” vum Fernando Eimbcke gesinn - a war och der Koxi hir Adaptéierung vun der Elfriede Jelinek hirem Roman “Die Liebhaberinnen” kucken.

    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners