Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Aus dem Forum d’art contemporain gëtt de FORA
    1995, also fir dat éischt Kulturjoer zu Lëtzebuerg, gouf an der Ënneschtgaass en temporären Espace opgemaach, fir Ausstellungen ze empfänken. Dat Joer drop ass doraus de Sëtz vun der Casino Lëtzebuerg ASBL ginn, déi vun deem Moment un Expoen an eng Hellewull aner Aktivitéiten zum Theema aktuell Konscht proposéiert huet. A wa se net gestuerwen ass, ...? Nee: de Casino hält sech daper, ass ewell Établissement public a feiert Mëtt Mäerz e ronnen 30. Gebuertsdag. D’Kerstin Thalau mam Detail vun der Programmatioun
    19 min
  • Braake - Eng Berliner Band am Gudde Wëllen
    Déi Berliner Band Braake suivéiert selbstsécher e manner bereeste Wee an der däitscher Popszeen. Dëse Wee féiert si op Lëtzebuerg an de Gudde Wëllen, wou si de 17. Februar zesumme mat Autumn Sweater spillen.
    D'Musek vum Braake kann als eng waarmt, klanglech Tapisserie vu 70er Folk beschriwwe ginn, duerchzu mat Elementer vu Krautrock an New Wave. Dëst weist sech och an hirer neier Single "Scheussliche Stadt". D'Claudia Klasen huet dës Single an de kommende Concert de 17. Februar als Geleeënheet genotzt fir mam Sänger Benno Bings ze schwätzen.
    17 min
  • TASTE: "Transforming through art, science, technology“
    Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg huet deen neie Konferenzzyklus TASTE lancéiert: jo, et geet souzesoen ëm schmaachen, mee TASTE steet och als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology“. Invitéiert si Kreativer a Fuerscher:innen, déi interdisziplinär, eeben tëschent Konscht/Wëssenschaft/Technologie ënnerwee sinn, an hir Projeten an Erfarunge mat engem Public deele wëllen.
    Am éischten Tour mat dobäi war d‘Christl Baur, d‘Directrice vum renomméierten Ars Electronica Festival zu Linz. An d‘Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Christl Baur e puer Froen ze stellen.
    18 min
  • Dem Tschechov seng Méiw ...
    Muer den Owend ass d’Première vum Anton Tchechov sengem Stéck "D’Méiw" am Kasemattentheater.
    D’Stéck ass op Lëtzebuergesch a Franséisch iwwerdroen an op der Bün stinn d’Eugénie Anselin, d’Marie Jung, d’Magaly Teixeira an de François Camus. Dat Ganzt ënner der Regie vum Thierry Mousset.
    D’Sara Goerres, Produktiounsleederin am Kasemattentheater a Regie-Assistentin bei dësem Stéck, ass eis Invitée a Kulturen fir iwwer d’Méiw ze schwätzen.
    25 min
  • Film vun der Woch: "La Cache"
    Véier Generatioune vun enger Famill liewen an engem Paräisser Appartement wärend der Studenterevolt vu Mee 1968. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dës Drama-Comedie vum Schwäizer Lionel Baier, eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.
    10 min
  • Lionel Baier am Gespréich
    Déi Schwäizer-Lëtzebuerger-franséisch Filmproduktioun “La cache” ass kierzlech an eise Kinoen ugelaf. De Jeff Schinker war dem Realisateur Lionel Baier d'lescht Joer op der Berlinale begéint, wou och dëse Film gewise gouf, an huet mat him iwwer d'Verfilmung vun der Familljegeschicht vum Christophe Bolanski geschwat. D'Geschicht, déi am Buch an am Film aus der Siicht vum néngjärege Christophe erzielt gëtt, spillt an der Zäit vum Mee 68 zU Paräis, bezitt sech awer och op d'Liewen am besate Paräis wärend dem Zweete Weltkrich.
    11 min
  • Ratboys - Singin' To An Empty Chair
    Ratboys sinn eng Band vu Chicago, déi sech an déi momentan Well vu Country-gefierftem Indie-Rock araume loossen. Mee do ass och eppes méi! De Marc Clement hue d'Plack fir eis gelauschtert.
    14 min
  • Kresse 3 - Nei Single "Kassandra" a Scoop op Debutalbum
    De Pit Steffen ass deen eenzege Lëtzebuerger Member vun der Berliner Band Kresse 3, déi Aflëss aus Krautrock a Postpunk mat wäertvollem Textmaterial verbënnt. No engem EP mam schéinen Titel "Die Mutigen die schlafen", iwwert déi mir och hei um 100,7 bericht haten, an enger Partie Singles ass di villverspriechend Combo grad bei engem neie Label ënnerkomm a bréngt am Mee hiren Debut eraus: "Die Welt ist gestreckt".
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners