Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • TASTE steet fir “Transforming through art, science, technology”
    Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg lancéiert en neie Konferenzzyklus ënnert dem Titel TASTE, als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology”. Di éischt dräi Diskussiounssujete sti fest: den néngte Februar ass mat “On art, nature and technology” iwwerschriwwen; de 25. Februar mat “On bodies and practices”; de véierte Mee mat “On data and (dis)information”. Responsabel fir d’Programmatioun sinn déi ausgebilt Architektin, aktuell Chercheuse, Nathalie Kerschen plus d’Kulturmanagerin Anouk Wies, déi zanter knapps véier Joer als strategesch Beroderin fir kulturell Affairen op der Uni um Belval aktiv ass. D’Kerstin Thalau wollt mat der Anouk Wies schonn emol e bësse pre-TASTEN.
    20 min
  • The Pitt
    Emergency Room 2.0?: “The Pitt” léisst eis een Dag an d’ Noutopnam vun engem Spidol andauchen. De Gilles Schreurs stellt d’ Serie fir.
    4 min
  • Concert-Bespriechung: White Lies am Atelier
    White Lies, eng englesch Indie-Postpunk-New-Wave-Band aus England, ware gëschter zeréck am Atelier, fir hiren neien a siwenten Album "Night Light" virzestellen. Funktionéiert huet awer haaptsächlech hiert alt Material. De Jeff Schinker war um Concert – dem Marc Clement seng Andréck.
    7 min
  • Pilotprojet fir Venedeg 2026: Mentorship “Take off” fir di jonk Konscht
    Lescht Woch hate mir iech op dëser Plaz mat op déi offiziell Presentatioun vun der Kënschtlerin Aline Bouvy hirem Projet “La Merde” fir de Lëtzebuerger Expo-Raum bei der Biennale vu Venedeg 2026 geholl. An dësem Kontext hat de Kulturminister Eric Thill och annoncéiert, datt Kultur:LX um Lido e Pilotprojet lancéiert: de Mentorship “Take off” fir di jonk Konscht. Dowéinst huet d’Kerstin Thalau fir haut d’Simone Decker invitéiert, déi zanter engem knappe Joer Kultur:LX-Responsabel fir de Volet plastesch Konscht ass.
    25 min
  • Den Dréibuchauteur Mehdi Mahmoudian gouf zu Teheran festgeholl
    Den Dréibuchauteur Mehdi Mahmoudian gouf am Iran festgeholl. De Mehdi Mahmoudian huet d’Dréibuch fir de Film "It Was Just An Accident" vum Jafar Panahi matgeschriwwen. Dese Film huet d'lescht Joer d'Gëlle Palm um Filmfestival zu Canndes gewonnen an ass elo fir Oscare fir dat bescht originellt Dréibuch a fir beschten internationale Film nominéiert.
    11 min
  • Photographie: Kim Lang
    De Kim Lang ass e Fotograf, deem säit 15 Joer zu London lieft a schafft. Spezialiséiert ass hien op Moudefotografie. Säit e puer Joer schafft hie lo allerdéngs och u perséinleche Projeten. D‘Claire Barthelemy huet hien zu London getraff.
    5 min
  • Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern
    Eng Oper, déi d’Mënscherechter vertount, gekoppelt un eng zweet, déi an engem KZ entstanen ass an 1975 nei entdeckt gouf. Dat ass dem Stéphane Ghislain Roussel, den artisteschen Touche-à-tout hannert dem pluridisziplinäre Kreatiounsbureau PROJETEN, säin neien ambitiéise Projet, deen den Zuschauer vum European Convention Center bis an de groussen Theater mathëlt. Hannert "Zu Unsern Schwestern, zu unseren Brüdern" verstoppe sech d’Kreatioun "En vertu de..." an eng Mise en scène vum Victor Ullmann sengem "Der Kaiser von Atlantis". Ee spannenden Diptychon. Fir méi gewuer ze ginn, huet de Jeff Schinker haut de Stéphane Ghislain Roussel an de Kulturmagasinn agelueden.
    23 min
  • Rentrée littéraire: "Les explorateurs" vum Iegor Gran
    Lescht Woch hate mer de Fokus op Rentrée-Romaner geluecht, déi sech mam zweete Weltkrich ausernaner setzen, dës Woch rezenséiert de Jeff Schinker zwee Romaner, an deenen zwee Schrëftsteller mat hiren Originnen ofrechnen – an déi nei kapitalistesch Heemecht kritesch beliichten. D’Kinga Wyrzykowska, eng Schrëftstellerin mat polnesche Wuerzelen, verëffentlech mat "Princesse" eng radikal Farce iwwert ee Polen, dat vu rietsextreme Politiker an d’Mëttelalter zeréck versat gëtt. An den Iegor Gran bréngt mat "Les explorateurs" een touchante Bildungsroman iwwert d’Jugend vun engem russeschen Immigratiounsbouf an engem franséische Lycée an den 80er eraus.
    17 min
  • Rentrée littéraire: "Princesse" vun der Kinga Wyrzykowska
    Lescht Woch hate mer de Fokus op Rentrée-Romaner geluecht, déi sech mam zweete Weltkrich ausernaner setzen, dës Woch rezenséiert de Jeff Schinker zwee Romaner, an deenen zwee Schrëftsteller mat hiren Originnen ofrechnen – an déi nei kapitalistesch Heemecht kritesch beliichten. D’Kinga Wyrzykowska, eng Schrëftstellerin mat polnesche Wuerzelen, verëffentlech mat "Princesse" eng radikal Farce iwwert ee Polen, dat vu rietsextreme Politiker an d’Mëttelalter zeréck versat gëtt. An den Iegor Gran bréngt mat "Les explorateurs" een touchante Bildungsroman iwwert d’Jugend vun engem russeschen Immigratiounsbouf an engem franséische Lycée an den 80er eraus.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners