No "Seven Methods of Killing Kylie Jenner" huet d’Lëtzebuerger Theatersaison nach net mam Thema Gewalt ofgeschloss: An "Mémoire de fille", eng Bünenadaptatioun vun engem Roman vun der Literaturnobelpräisträgerin Annie Ernaux, geet et em déi physesch, ma virun allem psychesch Gewalt, déi eng éischt brutal sexuell Erfarung vun enger jonker Fra gezeechent huet. An "Les voleurs d’amour" geet et em dräi Gesëschter, déi versichen, aus der Spiral vun extreemer Gewalt, an déi hir Elteren se zanter der Kandheet agespaart hunn, auszebriechen. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hire Rezensioune vun den zwee Stécker – an enger Analyse vun der Duerstellung vu Gewalt am Theater.