Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Film vun der Woch: L'Affaire Bojarski
    Dem Fransous Jean-Paul Salomé säi Krimi ass e Kaz-a-Mausspill tëschent engem geniale Geldfälscher an engem Flic am Nokrichs-Frankräich. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic haten de Film am Grousse Kino beschwat.
    11 min
  • Auszeechnung fir dem Fränz Hausemer säin "Terre rouge" um Max Ophüls
    Um Max Ophüls Filmfestival zu Saarbrécken – engem wichtege Rendez-Vous fir de jonken däitschsproochege Kino – ass dëst Joer mol nees eng Kéier eng Lëtzebuerger Contributioun ausgezeechent ginn. Dem Realisateur Fränz Hausemer säi Film «Terre rouge - Topographie du poète» krut de Präis vum Jury fir de beschten Documentaire. De Maurice Molitor konnt mam Realisateur driwwer schwätzen an huet hie gefrot, wéi vill dee Präis him da bedeit?
    5 min
  • "Pardonner, pas excuser": Les voleurs d'amour am TNL
    Histoire de la violence: Vläicht hat sech den Edouard Louis deemools net geduecht, dass den Titel vu sengem vum Ostermaier fir d’Bün adaptéierte Roman eng Zort Paradigmewiessel am Theater géif annoncéieren: Kaum ass Mémoire de fille, eng Adaptéierung vun engem Roman vun der Annie Ernaux iwwert sexuell Gewalt, am Kapuzinertheater ausgelaf, steet dat nächst Stéck an de Startlächer, an deem Gewalt een Haaptthema ass. An Les voleurs d’amour geet et em eng scho bal hyperbolesch brutal Elterekoppel, déi hir dräi Kanner an eng Spiral vu Gewalt aspären – an ëm d’Fro, wéi ee sech aus där Hell befreie kann. Den Auteur vum Stéck – oder ass et een Dréibuch –Nicolas Steil, de Metteur en scène Frank Hoffmann an d’Schauspillerin Clara Hertz si beim Jeff Schinker am Studio fir ee Gespréich.
    26 min
  • Anne Sauber-Lemaître - Vengeance programmée
    Hei erzielt d’Autorin d’Geschicht vun hirer Frëndin, dem seng glécklech Kandheet op ee Coup beendegt war. Wat sexuelle Mëssbrauch mat engem Kand mécht, virun allem wann den Täter och nach eng Persoun ass, déi engem u sech no steet, a wéi eng Auswierkungen dat op dat ganzt Liewen huet, a mat wat fir engem Bléck een säin Emfeld wouer hëlt.
    Ee vun den dräi rezente Publikatiounen, déi d’Valerija Berdi an de Michel Delage de leschte Sonnden an der Literatursendung “Déi wonnerbar Valibrairie” beschwat hunn, ass der Anne Sauber-Lemaître hire Roman: “Vengeance programmée” aus dem Verlag Phi. Mir lauschteren dësen Extrait.
    9 min
  • De Materialdesigner Jules Péan experimentéiert mat New Rocks a Potatoes
    Trotz Renovatiounsaarbechten...d’Equipe vun de Rotonde fënnt, an hire fréieren Zuchatelieren, ëmmer nach Maueren an Ecker, déi sech als Plattform fir di aktuell Konscht eegnen. Momentan kënnt dir gläich zwee nei Projeten entdecken: der Experimentalfilm-Kënschtlerin a Fotografin Léa Giordano hire Film-Loop “As long as it lasts” iwwert dem Bar vun der Buvette, plus dem Materialdesigner Jules Péan seng Installatioun "New Rocks" am Cube, also tëscht der Rotonde2-Entrée an der Buvette. D’Kerstin Thalau huet de Jules Pénar dëser Deeg beim Montage vu sengem Wierk begéint.
    17 min
  • The Studio
    Eng satiresch Comedie déi Hollywood subtil kritiséiert. Dës Serie huet an hiren 10 Episoden ëmmer nees eppes Neies ze bidden. Am ganzen huet d’Produktioun 13 Emmy Awards gewonnen.
    4 min
  • Amélie Vrla - Enfanter une étoile qui danse
    Am Roman begleede mer d’Mélodie duerch verschidden Etappe vun hire Liewen. Déi wichtegst ass hei, datt déi 37-järeg Fra schwanger ass an net weess, ob si dëst Kand iwwerhaapt wëll. Eng Decisioun, déi si net einfach huele kann a bei verschiddene Leit, vun Experte bis Leien, no Rot a Hëllef freet. Diskussioune mat hirem Partner, mat Frënn bréngen si net richteg weider,
    Anerersäits léiere mer och dat berufflecht Ëmfeld vun der Fra kennen. Si lieft u sech an enger Welt, wou keng richteg Plaz fir e Kand ass. Oder dach?
    De leschte Sonnden hunn d’Valerija Berdi an de Michel Delage an der Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valirairie” dräi Bicher aus Lëtzebuerg beschwat. Een dervun ass der Amélie Vrla hire Roman “Enfanter une Étoile qui danse” , eraus komm bei Hydre Editions.
    10 min
  • Am Gespréich mam Pascal Schumacher
    De Pascal Schumacher ass net just ee vun den erfollegräichste Lëtzebuerger Jazz-Museker a -Komponisten, deen a sengen Aarbechten de Begrëff Jazz deent an iwwert seng Grenzen eraus féiert, ma och de Curateur vum Reset Festival, deen dëst Joer a seng 9. Oplag geet. Am Interview mam Jeff Schinker verréit hien eis méi iwwert de Festival an d’Residenz, an där aacht international Museker a Musekerinnen zesumme fannen.
    22 min
  • ROUNDTABLES fir 50 Joer Casino a Mudam ze feieren
    2026 gëtt grouss gefeiert: de Casino an de Mudam gi 50 Joer al.....also: zesummen! De Casino, deen am éischte lëtzebuerger Kulturjoer als Provisorium fir di aktuell Konscht opgaangen ass, hält ewell zanter 30 Joer an der Ënneschtgaass d’Stellung, ouni ze alteren; de Mudam hat zwar schonn eng Virgeschicht als Wander-Expo-Musée, ma konkret sinn d’Diere vum Pei-Musée am Summer virun 20 Joer opgaangen. Casino a Mudam di sech an dem Kontext zesummen a lancéieren d'"Roundtables".
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners