Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Roland Meyer – Um Horizont
    E Mord un zwou Fraen an de franséischen Alpen, e Verdächtegen, dee keen ass, eng suspekt Léierin,
    an eng jonk ambitionéiert Regisseurin an hiren e bësse komesche Frëndeskrees – dat ass de Kader, deen de Roland Meyer a sengem Roman "Um Horizont" opstellt fir ganz aktuelle Sujeten nozegoen: cancel culturel, Diskriminatioun, toxesch Männlechkeet, kulturell Uneegnung, an wien décidéiert, wat d’Wouerecht ass?
    An der Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valirairie” hunn d’Valerija Berdi an de Michel Delage de leschte Sonnden dräi Bicher aus Lëtzebuerg beschwat. Haut lauschtere mer den Extrait, wou et ëm dem Roland Meyer säi Roman “Um Horizont” geet. D’Buch ass op der Lay eraus komm.
    12 min
  • Vu Selbstmord, Cyber-Mobbing, der Shoah an enger Familljegeschicht
    Zweemol Theater fir oder iwwer Jugendlecher an eng Oper, déi eng Consecratioun vum Jean Portante sengem Wierk ass: Mat “norway.today”, “Michelle doit-on t’en vouloir d’avoir pris un selfie à Auschwitz?” an “Le siècle de Lucia” rezenséieren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker haut direkt dräi Theaterstécker, déi lescht an dës Woch un-, awer och nees ausgelaf sinn.
    20 min
  • Nei Direktioun am Mierscher Theater
    Olivier Garofalo a Pit Ewen – dat sinn déi zwee nei Nimm, déi vum 1, August u,un der Spëtzt vum Mierscher Theater wäerte stoen. Den aktuellen Direkter Claude Mangen, Matbegrënner a laangjärege Mataarbechter a Programmchef vum Radio 100, 7 hat d’Leedung vum Kulturhaus ze Miersch 2018 iwwerholl, elo geet de Claude Mangen mat de Wierder“ Ech si frou dësem jonken an dynameschen Team d’Haus vum 1. August un, ze iwwerloossen “.
    2 min
  • Kulturtouristen tëscht Erwaardung, Desorientéierung a Lethargie
    Ënnert dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D'Curatrice Sandra Schwender wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoserië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An der Chrëschtvakanz ware mir mat hier duerch d'Expo, dee Reportage fannt dir wéi gewinnt an eiser Mediathéik. Grad esou wéi den Interview mam iranesch-lëtzebuergesche Fotokënschtler a Realisateur Pasha Rafiy, dee bei de "Storylines" säi Kapitel "Birdwatcher" presentéiert. De Fotograf Olivier Schillen "watch"t dergéint fir säi Liewe gär Konscht. Seng Opnamen zu Klierf zeechnen e kritescht Bild vum Kulturtourismus. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Olivier Schillen.
    27 min
  • D'Welt ass midd (3) Dräimol literaresch Apokalypse
    Kaum huet een sech duerch déi iwwer 400 Bicher, déi am September de franséische Marché iwwerschwemmen, duerchgelies, steet am Frankräich schonn d’Wanterrentrée virun der Dir. Éiert de Jeff Schinker nächst Woch ufänkt, iech do seng Coups de coeuren ze verroden, komme mer nach eemol op e puer Bicher zeréck, déi (bal) vun de Jurye vergiess goufen. An "Les Dernières Écritures" vun der Hélène Zimmer, "Le monde est fatigué" vum Joseph Incardona an "La confrontation" vun der Clara-Dupont-Monod geet et ëm d’Zukunft vun der Mënschheet – an déi gesäit éischter donkel aus.
    9 min
  • D'Welt ass midd (2) Dräimol literaresch Apokalypse
    Kaum huet een sech duerch déi iwwer 400 Bicher, déi am September de franséische Marché iwwerschwemmen, duerchgelies, steet am Frankräich schonn d’Wanterrentrée virun der Dir. Éiert de Jeff Schinker nächst Woch ufänkt, iech do seng Coups de coeuren ze verroden, komme mer nach eemol op e puer Bicher zeréck, déi (bal) vun de Jurye vergiess goufen. An "Les Dernières Écritures" vun der Hélène Zimmer, "Le monde est fatigué" vum Joseph Incardona an "La confrontation" vun der Clara-Dupont-Monod geet et ëm d’Zukunft vun der Mënschheet – an déi gesäit éischter donkel aus.
    8 min
  • D'Welt ass midd (1) Dräimol literaresch Apokalypse
    Kaum huet een sech duerch déi iwwer 400 Bicher, déi am September de franséische Marché iwwerschwemmen, duerchgelies, steet am Frankräich schonn d’Wanterrentrée virun der Dir. Éiert de Jeff Schinker nächst Woch ufänkt, iech do seng Coups de coeuren ze verroden, komme mer nach eemol op e puer Bicher zeréck, déi (bal) vun de Jurye vergiess goufen. Bei "Les Dernières Écritures" vun der Hélène Zimmer, "Le monde est fatigué" vum Joseph Incardona an "La confrontation" vun der Clara-Dupont-Monod geet et ëm d’Zukunft vun der Mënschheet – an déi gesäit éischter donkel aus.
    7 min
  • Eurosonic Spezial
    De Marc Clement an den Yves Stephany melle sech live vu Groningen. Den Eurosonic Festival ass de wichtegste Rendez-vous fir de Musekssecteur. E feiert dëst Joer säi 40. Anniversaire - doriwwer geet Rieds mam Programmateur Robert Meijerink.
    dasRADIAL an de Josh Island sinn déi zwee Lëtzebuerger, déi dëst Joer zu Groningen optrieden. Si erzielen eis, wat si sech vum Festival erwaarden. An den Giovanni Trono vu Kultur | lx kuckt zeréck op d'Lëtzebuerger Participatioun beim Eurosonic am Laf vun de Joren.
    56 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners