Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Fernand M. Guelf - Charlotte auf dem Dorfe

    A senger neier Novell “Charlotte auf dem Dorfe“, déi am Passagen Verlag erauskoum, setzt de Fernand M. Guelf sech erëm mam Zäitalter vun der Technologie auserneen. Dës Kéier awer an engem Duerf, dat an dëser Entwécklung näischt Positives gesäit. D‘Valerija Berdi mat enger Kritik

    6 min
  • De Max Feller an d'Museksmécher - Midlife Party Vol.1
    Vum House DJ zur Lëtzebuerger L-Pop Ikon: de Max Feller huet seng Singelen zu engem Album gebündelt a mat dräi Musekerkolleegen ee Live op d'Bün gestallt. Iwwer déi nei Plack "Midlife Party Vol.1" an ee Concert am Gudde Wëllen de 17. Januar schwätzt hien um Mikro vum Marc Clement.
    11 min
  • Leverage
    Eng Fernsee-Serie, an där mir eng Grupp Krimineller begleeden, déi sech awer elo fir déi gutt Saach asetzen.
    6 min
  • Exotesch Instrumenter: Hangs and Handpans
    À Toulouse, rencontre avec David Charrier. David est un hang player de la première heure et un professeur qui gère aussi le site “Master the handpan” recensant pas moins de 160 makers de handpans dans le Monde ...
    Rencontre également avec Cédric Pla, fondateur de Pan'H Instruments et initiateur de la plus grande convention mondiale de handpans.
    26 min
  • D’Fro no der Konservéierung vum Patrimoine aus verschiddene Perspektiven
    Esou, déi éischt Woch am neie Joer ass scho bal gepackt, mee a Gedanke sidd Dir nach bei Iessen a Paus respektiv Party maachen? Da gëtt et Zäit, den Denkapparat nees op Touren ze bréngen. Eventuell mat der Publikatioun “Mémoires futures/ künftige Erinnerungen”. Dëse Sammelband, deen d’Commission luxembourgeoise pour l’UNESCO an Optrag ginn hat, thematiséiert eist Verständnes vun der Mënschheet, vun der kollektiver Memoire, d’Roll vu Kulturierwen an deem Kontext, a wat mir vun eisem Patrimoine zu Lëtzebuerg preservéieren an un déi nächst Generatioune weider gi sollten. De Choix vun den Auteuren an Autorinne fir de Recueil plus déi ganz Koordinatioun huet d’Nora Schleich iwwerholl. D’Kerstin Thalau huet sech virun eiser Sendung mat der Philosophin ënnerhalen.
    14 min
  • The James Brown Experience - Gespréich mam Guy Kelton Jones
    Net nëmmen ass de Mann selwer eng änlech Stëmmungs-, Danz- a Funk-Kanoun wéi de Pätter vum Soul, dovunner kënnt Dir Iech op YouTube-Videoe selwer iwwerzeegen, mee seng Band ass eng vun deene beschten. Déi 9-käppeg New Soul Generals si mam Jamiroquai opgetrueden, hunn d’Leadsängerin Martha Reeves vu Martha and the Vandellas begleet, an am Orchester vum Mark Ronson an der Amy Winehouse matgemëscht. De Marc Clement war virwëtzeg.
    7 min
  • Wuessen engem Mënsch duerch eng Open-Air-Foto-Expo Flilleken?
    Ënner dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D'Curatrice Sandra Schwender wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi aktuell Fotoserië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, datt déi ausgestallte Motiver fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An der Chrëschtvakanz ware mir mat hir duerch d'Expo gaangen, dee Reportage fannt Dir wéi gewinnt an eiser Mediathéik.
    D'Sandra Schwender huet zu Wien studéiert, grad esou wéi de Pasha Rafiy, deem seng Aarbecht si zanterhier suivéiert. Den iranesch-lëtzebuergesche Fotokënschtler, Realisateur an ausgebilte Publizist, presentéiert bei de "Storylines" säi Kapitel "Birdwatcher". D'Kerstin Thalau war dovunner begeeschtert an huet de Pasha Rafiy fir e Gespréich an eis 100,7-Kulturen-Emissioun invitéiert.
    27 min
  • Réckbléck Literaturnobelpräis 2025
    Den ungaresche Schrëftsteller Laszlo Krasznahorkai ass de Laureat vum Literaturnobelpräis 2025. Mir hate bei engem Expert nogefrot, wat dësen Auteur esou aussergewéinlech mécht. Den Dr. Martin Schauss huet sech fir seng Dokteraarbecht intensiv mam Laszlo Krasznahorkai befaasst an huet eis seng Andréck matgedeelt.
    16 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners