Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mr. Mercedes
    Eng Thrillerserie, déi op enger Roman-Trilogie vum Stephen King baséiert. Mir begleeden hei e pensionéierte Polizist, dee probéiert e psychopathesche Mäerder ze kréien, deen hie viru Joren net festhuele konnt.
    4 min
  • Chansons d'amour
    Mat de berüümte franséische Chansone kënnt déi däitsch-lëtzebuergesch Kënschtlerin dës Kéier an d‘Fondation Valentiny op Rëmerschen. Iwwer hir Musek awer och iwwer déi aktuell Situatioun an den USA schwätzt déi Wal-New-Yorkerin um Mikro vum Valerija Berdi.
    Hir Show ass de 17. Januar an der Fondation Valentiny um 19:00. Infoe fir Ticketen: www.luxembourg-ticket.lu
    22 min
  • "Seven Methods of Killing Kylie Jenner"
    Vergëften, erschéissen, erdrénken, haiten, verbrennen: Dëst si fënnef vun de siwe "Methods of Killing Kylie Jenner". Nom Wedekind sengem "Spring Awakenings" inzenéiert d’Anne Simon der Jasmine Lee-Jones hiert Stéck - e Text wéi ee Pamphlet aus der Zäit vun de sozialen Netzwierker, an deem strukturelle Rassismus, Homophobie an d’Smartphone-Hatere gläichermoossen eng zolidd op den Deckel kréien. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker waren den Dënschdeg op der Première am Centaure - a liwweren hir Andréck.
    13 min
  • Éischt Andréck vum Eurosonic
    D’Traditioun wëllt, datt de Radio 100,7 als Antenne publique all Joer ee lëtzebuergesche Museksprojet auswielen däerf, fir d’Ländchen um Eurosonic Noorderslag ze vertrieden, ee vun deene gréisste Showcase-Festivalen op der Welt. De Marc Clement mellt sech aus Holland a seet eis méi.
    12 min
  • Wat baussen a wat bannen

    D'Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis a Florent Toniello hunn dem Schwäizer Schrëftsteller Nicolas Bouvier säi Gedichtband "Le dehors et le dedans" op Lëtzebuergesch iwwersat. Wat déi zwee Auteure mam Bouvier verbënnt a wisou dës Lyrik haut nach bedeitend ass, erziele si um Mikro vum Valerija Berdi. "Wat baussen a wat bannen" koum bei Michikusa Publishing eraus.

    23 min
  • Wéi aus dem Bam vun der Erkenntnis "Der Baum der Er-kennt-nix" gouf
    Et gëtt Neits vun der Patricia Lippert: d'Molerin a Sculptrice, déi es net midd gëtt, esouwuel a Soloprojeten, wéi a Kollaboratioune mat anere Kënschtler:innen, drop hinzeweisen, datt de Mënsch nu wierklech net d'Kréinung vun der Schëpfung ass, an datt dat esouwuel fir d'Natur ronderëm hien, wéi och fir seng eege bannenzeg Natur, e Problem ass, huet Enn 2025 zwee Konschtbicher erausbruecht. Eemol am grousse Format "Der Baum der Er-kennt-nix" an dann, méi handlech, "Niko und die Friedens-Laus". Grond fir d'Kerstin Thalau d'Patricia Lippert emol an den 100,7-Studio ze ruffen.
    24 min
  • De Fuedem fannen: Am Gespréich mam Jean Portante
    Am Dezember huet de Jean Portante säi 75. biologeschen a säin 42. literaresche Gebuertsdag gefeiert. Mee fir de Lëtzebuerger Schrëftsteller ass dëse Réckbléck just eng Etapp: mat sengem neie Gedichtband "La panthère parfumée" an der Oper "Le siècle de Lucia/Non trovo il filo" gëtt et direkt zwou literaresch Aktualitéiten. Am Gespréich mam Valerija Berdi a Jeff Schinker erkläert de Jean Portante ënner anerem, wat et mat der "langue-panthère" op sech huet - a wéi ee klengt Heft seng Familljegeschicht bouleverséiert huet.
    20 min
  • E Journalist géint de System
    D'Massaker vu Mylai wärend dem Vietnam-Krich. Folter am Prisong vun Abu Ghraib am Irak an nach aner journalistesch Scoopen, déi d'Weltëffentlechkeet beweegt hunn, si mam Numm Seymour Hersh verbonnen. An hirem Documentaire fir Netflix zeechnen d'Laura Poitras an de Marc Obenhaus de Portrait vun der amerikanescher Legend vum Investigativ-Journalismus. De Michel Delage huet de Film gekuckt.
    17 min
  • Film vun der Woch: "Chronology of Water"
    Mëssbrauch am Elterenhaus a Resilienz duerch d'Literatur sinn d'Sujete vum Debutfilm vun der amerikanescher Actrice-Realisatrice Kristen Stewart. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dësen Drama am Grousse Kino beschwat.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners