Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Hang and Handpans
    An eiser Mini-Serie iwwer exotesch Instrumenter gi mir op Toulouse bei den David Charrier. Den David Charrier ass en Hangplayer, deen och op senge Site “Master the handpan” ronn 160 Handpansmaker vun der ganzer Welt zesummebréngt. Weider héiere mir de Cédric Pla, de Grënner vu Pan’H Instruments an Initiateur vun der weltwäit gréisster Handpans Convention.
    27 min
  • Ausbléck: Album-Releasen 2026, op déi gespaant gewaart gëtt
    D’Museksindustrie ass en Domän, an deem den Hype zwar net alles ëmmer alles ass, mee esou richteg ronderëm kënnt een dann awer net. Wann dann och nach en neit Joer ugeet, da geet et lass mat de Spekulatiounen an natierlech och mat enger gudder Portioun Virfreed. 5 vun dësen antizipéierte Placken, op déi d’Popmuseksfrënn sech d’nächst Joer freeën dierfen, huet de Marc Clement an de Studio matbruecht.
    18 min
  • “Just let go”: de Virsaz fir sechs Méint Kënschtlerinneresidenz
    D’Marianne Villière, Joergang 1989, lieft a schafft als fräischaffend Kënschtlerin a Konschttheoretikerin zu Nanzeg. Hir kënschtleresch Praxis: si hannerfreet de Moment, wou et kippt. Si poolt a Gedanke Muechtverhältnisser ëm, amenagéiert a komponéiert erstaunlech Situatiounen. Fir gewéinlech mat Performancen, Film, Foto a vill Konfetti. Dëst zanter Juli déi Säit vum grousse Pull: d’Marianne Villière gouf näämlech zu Lëtzebuerg mam Edward Steichen Award, kuerz ESAL, ausgezeechent. D’Recompense fir dëse Präis ass eng Kënschtler:inneresidenz vu 6 Méint zu New York. D’Kerstin Thalau hat sech, kuerz virun hirem Depart, mat der Marianne Villière ënnerhalen. Mir proposéieren Iech en Extrait aus dem Gespréich.
    10 min
  • Déi lescht Nuecht - en Ausbléck
    Déi, déi eis kennen, wëssen et scho laang: An der Silvesternuecht loosse mir et kraachen hei um 100,7! Vun 8 Auer bis 2 Auer an der Nuecht gehéiert d’Antenn 3 Lëtzebuerger DJen. D’Affiche gouf zesummegestallt vum Andrea Mancini alias Cleveland, deen eis um Mëtternuecht mat engem Set am neie Joer begréisst. Den Yves Stephany mat den Detailer
    5 min
  • Réckbléck: Musek zu Lëtzebuerg am Joer 2025
    30 Joer Atelier, 20 Joer Rockhal, Lëtzebuerg um ESC, Encore an der Rockhal, den Trounwiessel um Glacis, eng ganz Partie Präisser, nei Projeten, déi vill verspriechen an al Gesiichter, déi sech nei erfannen oder dat weiderentwéckelt a professionaliséiert hunn, wat si schonn zanter Jore mat vill Begeeschterung maachen. D’Museksjoer 2025 war fir Lëtzebuerg eng schéin Occasioun, ee Réckbléck op déi vergaangen 30 Joer, en Etat des lieux vun haut, en Ausbléck op muer ze maachen. De Marc Clement an de Jeff Schinker blécken zesummen op d’Joer zeréck.
    26 min
  • Réckbléck op d'KI-Kulturassisen, Mëtt November 2025
    Bei de leschte Kulturassisen, Mëtt November 2025, stoung net de Kulturentwécklungsplang oder ee bestëmmte Kultursecteur am Mëttelpunkt, mee eng Thematik: an zwar déi kënschtlech Intelligenz. Zanter gutt 5 Joer beschäftegt sech déi national Politik mat KI, zanter dem Lancement vun ChatGPT an aneren open-source-Servicer méi intensiv. Dem Kulturminister Eric Thill läit de Sujet besonnesch um Häerz, well hien do beim Kultursecteur eng gewëss Vulnerabilitéit spiert. Dowéinst goufen d’Alessandra Luciano an de Cédric Kayser vum Kulturministère beoptraagt, a Saache KI, e Plang an e “Livre blanc” fir d’Assisen auszeschaffen. D’Kerstin Thalau an de Marc Clement mat engem KI-Assise-Réckbléck ganz ouni KI
    14 min
  • Réckbléck: Lëtzebuerger Literatur
    All Joer ginn och zu Lëtzebuerg literaresch Wierker ausgezeechent. Wéi eng dat sinn, ëm wat et an deene Bicher geet a wéi et soss ëm Lëtzebuerger Literatur steet, erzielt d'Valerija Berdi am Gespréich mam Jeff Schinker.
    15 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners