Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Death by Lightning
    Eng aktuell Netflix-Miniserie. 1881: Den James A. Garfield gëtt éischter iwwerraschend amerikanesche President. Seng Zäit un der Spëtzt vum Land ass awer nëmme vu kuerzer Dauer, nodeems et zu engem fatalen Zesummentreffe mam Glécksritter Charles Guiteau kënnt. De Gilles Schreurs stellt déi aktuell Netflix-Miniserie vir.
    5 min
  • Mudlarking
    London war eemol déi gréisst Hafestad vun der Welt an d’Thamse, de Floss deen duerch d’Stat leeft, huet dausende vu Joren Mënschheetsgeschicht materliewt. Och haut nach ginn Objeten aus der Vergaangenheet un d’Ufer gespullt. Dat zitt dann och Schatzsicher un. D’Claire Barthelemy bericht vu London.
    5 min
  • A Tribute to Coldplay an der Rockhal
    Nieft dem Temple of Metal a gudde Concerten, déi zum Deel och vum Atelier organiséiert ginn, huet d’Rockhal och nach eng Programméierung, déi aus Tribute-Bands, Balleten oder de Chippendales besteet. De Jeff Schinker, deen alles, awer kee Fan vum spéide Coldplay-Wierk ass, war sech de Coldplay-Tribute-Owend vun der däitscher Coverband A Sky Full of Stars an d’Rockhal ukucken - a féiert eis net just duerch säin Owend, mee och duerch eng méi philosophesch Approche vun der Tribute Band.
    31 min
  • Marc Meyers demissionéiert
    De Stater Conservatoire soll fir déi nächst Rentrée am September 2026 eng nei Direktioun kréien. De Marc Meyers huet nämlech gëschter annoncéiert, datt hie säi Posten als Direkter op den 1. September d’nächst Joer opgëtt. No 15 Joer un der Spëtzt wéilt hien d’Direktioun enger neier Generatioun iwwerloossen, seet de Marc Meyers am 100,7-Interview.
    4 min
  • Néckel Scholtus: no Arles ass virun Arles
    Et ginn Nouvellë vu Lët‘z Arles, also vun der ASBL, déi sech zanter 10 Joer dofir asetzt, datt op de renomméierte Rencontres de la photo vun Arles Lëtzebuerger Fotokonscht eng Plaz huet. Lët’z Arles vergi jo ewell zwee Luxembourg Photo Awards, kuerz LUPA: den Haapt-LUPA beinhalt eng Ausstellung wärend de Rencontres zu Arles; un de LUPA Mentorship ass eng Kënschtler:inne-Residenz zu Arles plus en Encadrement duerch Profie gekoppelt. And the LUPA Mentorship 2026 goes to ... Néckel Scholtus, Fotografin a -Pedagogin, 1982 zu Esch gebuer. D’Kerstin Thalau huet virun eiser Kulturen-Emissioun mat der frëschgebakener Laureatin geschwat.
    10 min
  • E Concert voller Chrëschtdagsstëmmung
    "Christmas à la Hollywood". De Chrëschtconcert vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL) de 15. Dezember an der Philharmonie huet geliwwert, wat e versprach huet: en Owend voller festlecher Musek fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen. De Christoph König, Chefdirigent vun den SEL, ass selwer e grousse Fan vum Kitsch a vu Chrëschtdag, an huet e Programm op d'Bee gestalt, dee klassesch Wierker wéi dem Tschaikowski seng “Nussknacker Suite” mat amerikaneschen Hits vum Leroy Anderson verbënnt. Säi Wierk "The Typewriter" ass weltberüümt a bréngt och bei dësem Concert d'Nolauschterer an d’Nolauschterinnen zum Laachen. E Concert, dee vun Ufank bis Schluss wéi eng richteg Christmas Show ass!
    Dir kënnt en nach bis de 14. Januar 2025 an der Mediathéik vum Opus op opus.radio lauschteren, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen oder ze bleiwen.
    7 min
  • Jean-Paul Maes - De Léiw gëtt rout
    A siwen Erzielungen erlaabt de Jean-Paul Maes en Abléck a Liewensepisode vu Mënschen, déi u sech ganz gewéinlech sinn. Onerwaart Situatioune bréngen hiren Alldag aus dem Konzept a jidderee geet mat esou Momenter an de Konsequenzen anescht ëm. D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dem Jean-Paul Maes säi Buch "De Léiw gëtt rout" (Kremart Editions) gelies.
    9 min
  • Christmas à la Hollywood live um Opus
    "Ich mag Weihnachtsstimmung und auch ein bisschen Weihnachtskitsch", seet de Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL). Haut den Owend, 15.12., triede si ënner dem Motto "Christmas à la Hollywood" an der Philharmonie op. An Dir kënnt de Concert um hallwer 8 live um Opus iwwer DAB+ oder online op opus.radio an um Radio 100,7 lauschteren.
    En ongewéinlecht Instrument
    Um Programm stinn nieft der berüümter Suite aus dem “Nussknacker” vum Tschaikowski och Wierker, déi deene meeschte Klassik-Fans vläicht net ganz bekannt sinn an awer ëmmer iwwerall ze héiere sinn. Et si Chrëschtwierker vum Leroy Anderson. Dat Bekanntsten ass wuel säin "The Typewriter", bei deem net nëmmen den Orchester Musek mécht, mee och eng Schreifmaschinn.
    Matsangen erlaabt
    Dat Besonnescht bei dësem Concert ass, datt de Public bei de Chrëschtlidder deels matsange kann. Et gëtt e Concert voller beréierender Musek, bei deem richteg Chrëschtstëmmung opkënnt. Weider Abléck an de Programm gëtt den Dirigent Christoph König am Harmonesche Moien.
    Programmm:
    Engelbert Humperdinck: Hänsel et Gretel, Prélude
    Piotr Illitch Tchaïkovski: Nussknacker-Suite, op.71a
    Leroy Anderson: Greatest Hits
    Sandpaper Ballett
    Sleigh Ride
    A Trumpeter’s Lullaby
    Jazz Pizzicato
    Forgotten Dreams
    Fiddle-Faddle
    The Typewriter
    The Syncopated Clock
    Belle of the Ball
    The Waltzing Cat
    Bugler’s Holiday
    Interpreten:
    Solistes Européens, Luxembourg
    Christoph König, Direktioun
    Den Opus iwwerdréit dëse Concert Live, de 15. Dezember 2025 um 19:30 Auer. Rediffuséiert gëtt de Concert de 26. Dezember um 8 Auer an en ass bis de 14. Januar 2026 an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners