Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dem Claude Luisier seng nei erfonnte Balafonen
    Dee belsche Journalist Jean-Bernard Rauzer trëfft sech mam Claude Luisier, e fréiere Schwäizer Holzfäller, dee sech vun der éischter Nout un an de Balafon verléift huet, a säi Liewen dem Perfektionéiere vum westafrikaneschen Xylophon verschriwwen huet. An dann ass do nach de Christophe Erard, e renomméierte Multiinstrumentalist, deen Concerten a Musekscoursen am Ex-Rex, dem Weltmusekzentrum zu La Chaux-de-Fonds, ubitt, an dat natierlech fir Balafon.
    27 min
  • Op der Plage mam Churchill a mam Chaplin: "Zwei Herren am Strand"
    Den Charlie Chaplin an de Winston Churchill trëppele laanscht d’Mier a schwätzen iwwer Depressioun - dat kéint och d’Prämiss vun engem Witz sinn, ass awer de facto d’Ausgangssituatioun vum Michael Köhlmaier sengem Roman “Zwei Herren am Strand”. Dee verstuerwene Frank Feitler wollt de Roman op d’Bün bréngen, schlussendlech ass et awer den Ivan Panteleev, deen de Luc Feit an de Steve Karier dirigéiert. De Jeff Schinker war sech d'Stéck ukucken a liwwert eis seng Andréck.
    16 min
  • Positive Bilan fir Arles 2025 a Pläng fir d’Zukunft
    Viru 55 Joer hunn de Fotograf Lucien Clergue, den Auteur Michel Tournier an den Historiker Jean-Maurice Rouquette d’Rencontres internationales de la Photographie d’Arles an d’Liewe geruff. Dëst fir am agreabele südfranséische Summer der Fotokonscht méi Unerkennung ze verschafen. Hir Pläng sinn opgaangen. Zanter 2017 engagéiert sech d’ASBL Lët’z Arles dofir, datt och Lëtzebuergesch Kënschtler:innen um, ewell renomméierte, Festival hir Plaz kréien. De leschte Summer huet, ënner anerem, d’Carine Krecké an der historescher Chapelle de la Charité ausgestallt an d’Marie Capesius hat eng länger Residenz zu Arles. D’Kerstin Thalau kuckt nach emol zeréck an och e bëssen no vir, also op Arles 2026.
    13 min
  • Film vun der Woch: "The Secret Agent"
    Eng Horrorfilm-Ambiance à la “Jaws” an “The Omen” schwieft iwwer dësem Polit-Thriller, an deem de Kleber Mendonça Filho d'Zäit vun der Militärdiktatur a Brasilien opschafft. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic hunn de Film am Grousse Kino beschwat.
    8 min
  • Eng Frechheet: "Le journal d'un prisonnier" vum Nicolas Sarkozy
    Fir déi eng ass et den optimale Chrëschtdagskaddo, mat deem ee seng Famill ka quälen, fir déi aner een "objet de risée", wéi een op Franséisch esou seet. Wärend de Sarkozy a säin Editeur Fayard sech also d’Hänn reiwen, well d'Buch sech wéi waarm Bréidercher verkeeft, weess déi franséisch Intelligentsia grad net, ob se soll a Fremdscham versénken oder iwwer dat seele penibelt Machwierk just de Kapp rëselen a laachen. Wien déi 210 Säite vun “Le journal d’un prisonnier” awer liest, deem vergeet d’Laachen. Den Tom Haas an de Jeff Schinker hu sech derduerch gekämpft - a liwweren Iech hir Andréck.
    16 min
  • Wann dech de schwaarzen Hond bäisst: "Zwei Herren am Strand" am Ariston
    “Zwei Herren am Strand” - dat sinn als éischt eemol déi vum Schrëftsteller Michael Köhlmeier virgestallte Renconteren tëschent dem Charie Chaplin an dem Winston Churchill. Duerno ass et ee Projet vum Frank Feitler gewiescht, deen eis virun zwee Joer verlooss huet. Déi zwee Häre sinn awer bliwwen, gespillt vum Luc Feit a vum Steve Karier, déi den Churchill an den Chaplin ënner der Regie vun Ivan Panteleev inkarnéieren - an déi de Jeff Schinker am Studio begréisst.
    18 min
  • YLA 2025 bis den 23. Januar 2026

    Déi 3 Buschtawen Y/ L / A stinn zënter 2021 fir Young Luxembourgish Artists, net fir "why L.A." respektiv "firwat Los Angeles". Am Kontext vun der Luxembourg Art Week hunn d'Galeriste Lou Philipps a Gerard Valerius dës Plattform fir jonk Lëtzebuergesch Kënschtler:inne lancéiert, also fir Konscht, déi an hiren Ae villverspriechend ass, déi nach net hir Plaz op enger Konschtfoire huet, awer dach eng interessant Ergänzung dozou an enger Zort Off-Programm bidde kann. An doriwwer eraus? Déi 5. Editioun vun den YLA ass bis den 23. Januar 2026 ze gesinn. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau d'Lou Philipps, als Expo-Organisatrice a -Curatrice an eise Studio invitéiert.

    24 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners