Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am Trëndel vun der Gewalt (1) "Mémoire de fille" am Kapuzinertheater
    No "Seven Methods of Killing Kylie Jenner" huet d’Lëtzebuerger Theatersaison nach net mam Thema Gewalt ofgeschloss: An "Mémoire de fille", eng Bünenadaptatioun vunengem Roman vun der Literaturnobelpräisträgerin Annie Ernaux, geet et em déi physesch, ma virun allem psychesch Gewalt, déi eng éischt brutal sexuell Erfarung vun enger jonker Fra gezeechent huet. An "Les voleurs d’amour" geet et em dräi Gesëschter, déi versichen, aus der Spiral vun extreemer Gewalt, an déi hir Elteren se zanter der Kandheet agespaart hunn, auszebriechen. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hire Rezensioune vun den zwee Stécker – an enger Analyse vun der Duerstellung vu Gewalt am Theater.
    12 min
  • Fir d’Aline Bouvy si „knaschteg“ a „propper“ gestéiert gebaut Kategorien
    “La Merde”: esou den Titel vun der immersiver Videoinstallatioun, mat der d’Aline Bouvy Lëtzebuerg op der renomméierter Biennale vu Venedeg vertriede wäert. Et geet ëm gesellschaftlech Normen, Tabuen, Fluiden, d’Schimmt, d’Perceptioun vum Aneren, Inclusioun an Exklusioun. Gëschter hate mir iech Extraite vun der offizieller Presentatioun am Kulturministère proposéiert: dee Beitrag fannt dir op eisem Site. Momentan schaffen Aline Bouvy a Co um Montage vum Film, dozou momentan also nach näischt Konkretes; d’Kerstin Thalau wollt iech dowéinst d’Aline Bouvy an hier Curatrice fir Venedeg, d’Stilbé Schroeder vum Casino, e wéineg méi no bréngen.
    16 min
  • Rentrée littéraire: "Une forêt" vum Jean-Yves Jouannais
    Wärend d’Situatioun e bëssen iwwerall op der Welt eskaléiert, hëlt de literareschen Interessi um Zweete Weltkrich net of. Déi franséisch Rentrée littéraire vum Januar proposéiert direkt dräi Romaner, déi d’Shoah, d’Resistenz an d’Entnazifizéierung vun Däitschland thematiséieren: An der Olivia Elkaim hirem Roman "La disparition des choses" geet et em dem Schrëftsteller Georges Perec seng Mamm, an "Une forêt" vum Jean-Yves Jouannais em ee ganz speziellen Entnazifizéierungscomité an am Timothée de Fombelle sengem kuerze Roman "La vie entière" em eng Resistenzlerin, déi hannert hirer Schreifmaschinn op de Chef vum Reseau waart. De Jeff Schinker huet déi dräi Romaner gelies – a verréit eis seng Andréck.
    8 min

  • Rentrée littéraire: "La vie entière" vum Timothée de Fombelle

    5 min
  • Rentrée littéraire: "La disparition des choses" vun der Olivia Elkaim
    Wärend d’Situatioun e bëssen iwwerall op der Welt eskaléiert, hëlt de literareschen Interessi um Zweete Weltkrich net of. Déi franséisch Rentrée littéraire vum Januar proposéiert direkt dräi Romaner, déi d’Shoah, d’Resistenz an d’Entnazifizéierung vun Däitschland thematiséieren: An der Olivia Elkaim hirem Roman "La disparition des choses" geet et em dem Schrëftsteller Georges Perec seng Mamm, an "Une forêt" vum Jean-Yves Jouannais em ee ganz speziellen Entnazifizéierungscomité an am Timothée de Fombelle sengem kuerze Roman "La vie entière" em eng Resistenzlerin, déi hannert hirer Schreifmaschinn op de Chef vum Reseau waart. De Jeff Schinker huet déi dräi Romaner gelies – a verréit eis seng Andréck.
    8 min
  • "Bonne merde" fir d'Biennale vu Venedeg 2026?
    Am September 2024 huet Kultur / lx matgedeelt, datt d'Aline Bouvy 2026 de Grand-Duché op der Biennale vu Venedeg vertriede wäert. Di belsch-lëtzebuergesch multidisziplinär Kënschtlerin, di ëmmer nees mat gewoten Decisioune fir Iwwerraschunge suergt, sollt domat och fir hier 25jäereg erfollegräich Lafbunn gewierdegt ginn. Och datt si am Summer 2025 eng gréisser Eenzelausstellung am Casino Lëtzebuerg hätt, war du scho gewosst. An datt dës Expo mam Titel "Hot flashes" net mam Venedeg-Projet identesch wier. Eréischt gëscht ass devoiléiert ginn, wat d'Aline Bouvy konkret vum Fréijoer un zu Venedeg weise wäert. D'Kerstin Thalau war op der Presentatioun am Kulturministère, bei der den Haushär, de Minister Eric Thill, als éischten d'Wuert ergraff huet.
    11 min
  • "Haute-Folie" vum Antoine Wauters
    Den Antoine Wauters, eng vun de méi bekannte jonke Stëmme vun der frankophoner Literatur, ass ee vun de seelene Belschen Auteuren, déi net just an hirer Heemecht bekannt sinn. Muer den Owend ass de Wauters am Institut Pierre Werner fir eng Liesung an ee Gespréich. Grond genuch, fir d’Valerija Berdi an de Jeff Schinker, Haute-Folie, säin éischte Roman bei de prestigiéisen éditions Gallimard, ënnert d’Lupp ze huelen.
    13 min
  • Literatur an der KUFA
    Wéi all Joer invitéiert d'Escher Kulturfabrik och elo sechs Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg fir hier rezent Wierker virzestellen. De Georges Goerens, Responsabel fir de Literatursecteur an der KUFA am Gespréich iwwer de Choix vun de Schreiwenden an iwwer weider literaresch Manifestatiounen an der Kulturfabrik.
    17 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners