Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • ENGLBRT - Nei Single "Godspeed"

    Den Duo ENGLBRT besteet aus dem Georges Goerens an dem Niels Engel. De Frontmann vu Seed To Tree a One-Man-Show-Songwriter Bartleby Delicate begéint den Jazz-Drummer mam oppenen Horizont. De “Bert” äus ENGLBRT ass bei eis am Studio fir méi z’erzielen iwwert hir nei Single an d'Pläng vun desem Joer.

    7 min
  • De Printatelier Empreinte presentéiert “Printmakers’ Square”
    D’Facette vun der traditioneller Drockkonscht gräifbar maachen, haaptsächlech se engem jonke Public iwwerhaapt emol méi no ze bréngen: dofir maachen sech di ronn 40 Membere vum Printatelier “Empreinte” aus dem Rollengergronn staark. Zum Beispill andeems se Ausstellungen organiséieren, wou een hier Drockkonscht net just gesinn, ma se an Atelieren och konkret erliewen a kreativ entdecke kann. Esou zum Beispill momentan am Ettelbrécker CAPE. Eng vun den Empreinte-Kënschtlerinnen, déi bei der Expo “Printmakers’ Square” mat dobäi ass, ass d’Anneke Walch. Vu datt hier CAPE-Contributioun d’Kerstin Thalau nawell intriguéiert huet, wollt et vun der Anneke Walch méi dozou gewuer ginn.
    12 min
  • Schluechthaus Season Opening
    D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm d’Animatioun vum Site vum Ale Schluechthaus zu Hollerech - a stellt dëse Samschden hir nei Saisonvvir. Dat geschitt mat engem grousse Fest dese Samschden. Nei Richtunge ginn ageschloen, Begéignungen encouragéiert an ee Programm vu Concerte suergt fir Convivialitéit. An et sinn der schlechster Bands keng... D’Creme de la Creme quasi. Bei eis ass de Bob Seyler vun der Stad Lëtzebuerg fir mat eis - net nemen de Season Opening - mee och d’Saison selwer ze schwätzen.
    15 min
  • Exit: eng Expo “aus dem Bauch eraus”
    “Exit” steet fir d’Sortie, eventuell fir en Noutausgang. D’Erzielkënschtlerin a plastesch Kënschtlerin Josée Bourg huet décidéiert, hier aktuell Konschtexpo an der Biekerecher Kulturmillen “Exit” ze deefen. Alles muss eraus...och potentiell Visiteuren? Nee: d’Saach ass déi, datt d’Josée Bourg wärend dem kreative Prozess alles eraus gelooss huet, also alles wat hier um Mo louch, respektiv géint de Stréch gaangen ass, fir et mat engem perséinleche Stréch kënschtleresch ze thematiséieren. Zanter dem Montage vun hirer Molereien-, Illustratiounen-, Haiku-Expo fillt si sech vill besser. Mam Resultat a schwaarz a wäiss a gro an allen Nuancë wëllt si iech eppes mat op de Wee ginn. D’Kerstin Thalau ass an der Biekerecher Kulturmillen méi doriwwer gewuer ginn.
    12 min
  • De Pete Doherty beim LuxFilmFest
    Mam Pete Doherty, dem Matbegrënner vun de Libertines an de Babyshambles, an e puer anere Journalistekolleegen ronderëm en Desch ze sëtzen, fir iwwer seng Participatioun um Jury vum LuxFilmFest a seng Implicatioun an der Filmwelt iwwerhaapt ze beschwätzen, erschéngt op den éischten Ablack skuril.
    12 min
  • Eng hoffnungsvoll Apokalypse: "News from Planet Zombie" vun The Notwist
    The Notwist verëffentlechen eng nei Plack – knapp fënnef Joer no "Vertigo Days". Fir déi däitsch Band, déi sech meeschtens vill Zäit tëschent den Albe léisst, kléngt dat scho bal no enger Zort Urgence. Wisou "News from Planet Zombie" weder apokalyptesch ass, nach no Schnellschoss kléngt – doriwwer schwätzen de Jeff Schinker an de Marc Clement an hirer Plackerezensioun.
    25 min
  • "Film ass politesch"
    Si gëllt zënter den 80er Joren als Ikon vum franséischen Auteurs-Kino. D'Actrice Emmanuelle Béart war Jury-Member vum leschte Luxembourg City Film Festival. Um Mikro vum Michel Delage huet d'Emmanuelle Béart ënnert anerem iwwer Engagement an all senge Forme geschwat.
    12 min
  • Eva Schockmel - Eng Gittaristin zu London
    D‘Eva Victoria Schockmel ass eng jong Gittaristin déi an Europa schonn immens vill areecht huet. Elo gëtt si zu London vun der International Guitar Foundation ënnerstëtzt, wärend si fir hire Master studéiert. D‘Claire Barthelemy mat hir zu London iwwert hire Metier an nei Opportunitéiten geschwat.
    6 min
  • Nei am Kino
    Dës Woch gëtt et ënner Aneren eng Rei vu méi seriöen, auteur-orientéierte Filmer, mat Fokus op staark Geschichten a bekannte literaresch Virlagen.
    3 min
  • Mat de visuellen Erwaardunge vum Spektateur briechen
    De spuenesche Realisateur Rodrigo Sorogoyen ("El Reino", "Madre", "As Bestas") war de President vun der internationaler Jury um leschte Luxfilmfest. De Michel Delage huet sech mam Sorogoyen ënnerhalen iwwer d'Roll vun der Politik a senge Filmer, iwwer Zeenen, déi an hirer Kontinuitéit gefilmt ginn, iwwer seng rezent Serie "Los años nuevos".
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners