Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ashgar Farhadi - "Histoires parallèles"
    Den neien Drama vum Iraner Ashgar Farhadi, "Histoires parallèles", leeft an der offizieller Kompetitioun vum Festival vu Cannes. Zesumme mam Michel Delage huet d'Valerija Berdi de Film de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier eis Diskussioun.
    9 min
  • Sound of Falling: Vun der Palme d'Or zum Krisemanagement zu Cannes
    "Sound of Falling" huet de Film d’Ouverture vum leschte Festival de Cannes geheescht - a keen hätt geduecht, dass den Titel eng gutt Ëmschreiwung kéint sinn vun deem, wat an de leschte Méint an der Lëtzebuerger Filmbranche gelaf ass. Virun engem Joer ass um 78. Festival de Cannes mam Jafar Panahi säin “It Was Just an Accident” eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat der Palme d’Or ausgezeechent ginn. Ee Joer drop schéngt et der Filmindustrie zu Lëtzebuerg finanziell allerdéngs net besonnesch gutt ze goen: eng Produktiounsfirma huet Faillite gemaach an d’Studioen am Filmland maachen zou. D’Stëmmung um Lëtzebuerger Dag um Samschden op der Croisette war dowéinst och liicht méi bedréckt, wéi soss. De Jeff Schinker war fir eis op der Platz an huet sech mam Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, iwwert déi schwiereg Situatioun a méiglech Ausweeër ënnerhalen.
    24 min
  • De “Boy from home” a Kënschtlerresidenz zu Maacher
    Dëse Weekend sinn d’Luxembourg Museum Days, bedeit porte ouverte bei eise Muséeën a Kulturzentren, an deemno d’Méiglechkeet, eise Patrimoine, Konscht- a Kultursammlunge ze entdecken, eventuell e spezielle Kaderprogramm ze genéissen oder bei Workshops matzemaachen. Am Maacher Kulturhuef erwaart iech dofir zum Beispill den Damien Diudice. Den ausgebilte Kommunikatiounsdesigner a Kënschtler ass fir eng Kënschtlerresidenz vun engem ganze Joer am Kulturhuef. An d’Kerstin Thalau hat d’Méiglechkeet, mam Damien Diudice am hausinternen, respektiv eisem nationalen, Dréckereimusée ze schwätzen.
    0 min
  • "Psycho" aus der Perspektiv vum Duschrideau: Nouvelle vu Cannes
    "Psycho" gefilmt aus der Perspektiv vum Duschrideau: Dat ass ee vun de villen zitatwierdege Sätz aus der Jane Schoenbrun hirem verréckte Metaslaher "Teenage Sex and Death at Camp Miasma", ma vläicht och eng gutt Manéier, de Metakino, deen oft zu Cannes leeft, op ee gemeinsamen Nenner ze bréngen. Well gëschter Feierdaag war, de Festival de Cannes awer keng Paus kennt, ënnerhalen sech de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher haut direkt iwwert eng ganz Partie Filmer: nieft der Jane Schoenbrun hirem Metahorrorfilm hëlt de Jeff Schinker déi zwee éischt Wettbewerbsfilmer "Nagi Notes" vum Koji Fukoda an "La vie d’une femme" vun der Charline Bourgeois-Taquet ënnert d’Lupp, wärend de Marc Trappendreher eis Spannendes aus de Masterclasses vum Peter Jackson an der Claire Denis bericht.
    17 min
  • Tracey Emin am Tate Modern
    D’Tracey Emin ass wuel déi bekanntste Kënschtlerin aus Groussbritannien. An den 80er an den 90er Joren ass si mat hirer rauer, provokativer Konscht zum Superstar vun der brittescher Konscht ginn. An hirem Wierk geet et em Aarmut, Sex, Mëssbrauch, Ofdreiwung an awer och em Léift a Freet. Den Tate Modern zu London kuckt elo op hir laang Karriär zréck. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken.
    6 min
  • Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung an zwielef Kantonen
    Wat leeft? Do dréint der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hier Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hier Ronnen; fält dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Thema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, esou ass dat, wann eng wichteg Kulturinstitutioun e ronnen 30. Gebuertsdag feiert: de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung. Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung si momentan duerch zwielef Kantonen “on tour”, sinn a lokale Muséeën, Administratiounen, Bibliothéiken, Kulturzentren ze gesinn. Ënnert anerem och e Leporello vun der Etel Adnan am nationale Literaturarchiv, wou dëse Freiden d’Aktioun “Dodeka” offiziell lancéiert gëtt. D’Kerstin Thalau ass vun der Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam, méi gewuer ginn.
    10 min
  • Festival de Cannes 2026: d’Ouverture vun der 79. Oplag
    Gëschter Owend ass den 79. Festival de Cannes mat dem Pierre Salvadori sengem "La vénus électrique" lass gaangen. De Jeff Schinker ass déi nächst 12 Deeg fir eis op der Croisette. Haut liwwert hien ass seng éischt Andréck – a verréit, op een de Film d’Ouverture, deen haut och an eise Kinoen uleeft, soll kucke goen.
    11 min
  • 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

    Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

    Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

    De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

    Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
    Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

    Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

    Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

    Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

    0 min
  • Lasauvage léisst d'Poppen danzen.
    Vum 19. bis de 24. Mee u kann een ze Lasuavage d'Poppespënnchen entdecken. En Haus, dat all Sonnde Marionetten, Handpoppen an all aner Zorte vu Figuren d'Bün fräi mécht. Elo steet hire Festival virun un der Dir an d'Valerija Berdi huet d'Poppespënnchen besicht a sech mam Georges Liesch, dem President vun der ASBL Poppespënnchen, dem eenzege Figurentheater zu Lëtzebuerg, ënnerhalen.
    0 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners