Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Aurélie D’Incau: mat Trauer kann een tatsächlech spillen
    “Squatfabrik”: ënner deem Titel invitéiert d’Escher Kufa, zanter Fréijoersufank an allkéiers fir dräi Wochen, zwou/zwee Kënschtler:innen fir eng Kënschtler:inne-Residenz. Den Term ass eng Referenz op d’Originne vun der Kulturfabrik, wou Kreativer d’Areal besat haten, well de Lieu hinnen ideal geschéngt huet, fir ze kreéieren, fräi ze denken a sech auszedrécken. De fënnefte Juni invitéieren Iech d’Vietnameesin Hién Hoàng an d’Lëtzebuergerin Aurélie D’Incau op hire “get out”, also den Ofschloss vun hire Residenzen. D’Kerstin Thalau huet mat der Aurélie D’Incau e wéineg “gesquat”.
    21 min
  • Deen anere Bléck op Pornofilmer: "Porn for the Blind" am TOL
    "Porn for the Blind": Dat kléngt no engem Widdersproch, tatsächlech stinn awer am Zentrum vum Victorien Robert sengem Stéck dräi Mënschen, déi Audiodescriptioune fir Pornofilmer ophuelen - fir datt och déi blann eppes dovunner hunn. Op Besuch beim Jeff Schinker am Studio ass mat der Metteuse en scène Pauline Collet an der Schauspillerin Clara Hertz de weiblechen Deel vun enger Produktioun, déi net mat ganz schlechte Wuertspiller gäizt - an trotz allem eng interessant Reflexioun iwwer d’Saturatioun u plakege Kierperen, déi mir haut um Internet opruffe kënnen, duerstellt.
    16 min
  • TalentLAB 26: Am Gespréich mam Tom Leick-Burns
    Wann d’Saison bal eriwwer ass an de Public schonn esou lues de Programm vun der nächster Spillzäit entdecke kann, leeft an den Théâtres de la Ville de Luxembourg den TalentLAB - ee Kreatiouns-Laboratoire, an deem vun Enn Mee bis Ufank Juni Kulturschafender a Public zugläich eng dacks méi alternativ Programméierung entdecke kënnen, wärend sech an de Kulissen nei Projeten entwéckelen. Beim Jeff Schinker am Studio ass den Tom Leick-Burns, Direkter vum Groussen a vum Kapuzinertheater, fir iwwer de Programm an d’Héichpunkte vum TalentLab ze schwätzen.
    20 min
  • Nei am Kino
    Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt de Luca Di Santolo d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
    9 min
  • Film vun der Woch: "In the Grey" vum Guy Ritchie
    Siwe Joer no "The Gentlemen" ass de Guy Ritchie zeréck mat "In the Grey", engem Film, dee leider keng Grozone kennt a sech un engem Klischee no deem aneren ofschafft. Mir lauschteren nach eemol dem Marc Trappendreher an dem Jeff Schinker hir Diskussioun iwwer de Film.
    9 min
  • D'Liesungsformat entstëbsen: Am Gespréich mam Georges Goerens
    Literatur héich dräi: dat gëllt dës Woch an der Kufa, wou direkt dräi Liesungen an dräi ganz ënnerschiddleche Formater stattfannen. De Georges Goerens ass beim Jeff Schinker am Studio a stellt déi verschidde Liesunge vir - zesumme ginn déi zwee der Fro op de Grond, wéi een en dacks e bëssen ze formatéiert Konzept kann entstëbsen.
    15 min
  • Einfach verschwannen: Am Gespréich mam Max Blom a Florian Hirsch
    "Disappear Here" heescht den neie Projet vum Max Blom, deen nom Stéck "High Fever" d’Iddi vu Sound an Textcollage weiderféiert a sech ganz mam Theema vum Verschwannen, vum sech lues a lues Opléisen, befaasst. De jonke Realisateur a säin Dramaturg Florian Hirsch si beim Jeff Schinker am Studio, fir sech mat him iwwer d’Stéck ze ënnerhalen.
    20 min
  • David Attenborough: iwwer 70 Joer erfollegräichen Naturfilmrealisateur
    Net vill Telepresentateure si weltwäit esou bekannt wéi den David Attenborough. Seng roueg Stemm a seng Begeeschterung fir d‘Natur hunn aus dem brittesche Presentateur e Weltstar gemaach. Den Naturforscher huet am Mee seng 100 Joer gefeiert. D‘Claire Barthelemy kuckt op seng laang Karriär zeréck.
    7 min
  • Shortlëscht Prix Inter: Dysfunktional Famillen
    De Prix Inter ass e bëssen en Ovni an der Landschaft vun de sëllege Literaturpräisser, déi et a Frankräich gëtt, eleng, well en net am Hierscht, mee am spéide Fréijoer vergi gëtt an domat eeben net just Bicher vun der Rentrée littéraire op der Shortlëscht huet. Gegrënnt vu France Inter huet de Präis ee wiesselende Jury, deen dëst Joer vum Laurent Mauviginier, Gewënner vum Prix Goncourt 2025, presidéiert gëtt. De Jury selwer besteet aus 24 Auditeuren an Auditricë vu France Inter. Zanter dem Mëttwoch stellt de Jeff Schinker déi zéng Bicher vun der Shortlist vir, dat, éiert de Gewënner um nächste Méindeg bekannt gëtt. Hei stinn déi lescht dräi Romaner um Programm.
    26 min
  • Lupin
    “Lupin’’ ass eng franséisch Krimi Serie, déi 2021 ugefaangen huet. Et geet em de Protagonist Assane Diop, deen duerch säi Charisma an seng Intelligenz Déifställ ausféiert ouni dobäi erwëscht ze ginn.
    D’ Serie ass e groussen Hit a krut bis elo multipel international Präisser.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners