Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "The Music is Black" am V and A East zu London
    D'Beatles, d'Rolling Stones, d'Kate Bush, den David Bowie, Radiohead, Pink Floyd, d'Spice Girls – Dës sinn just puer vun de erfollegräichen Museker:innen, déi Groussbritannie produzéiert huet. D'musikalesch Kontributioune vun Schwaarze Museker:inne gëtt allerdéngs dacks iwwersinn. Deen neie Musée V&A East zu London kuckt an enger innovativer Ausstellung, wéi Black Music déi kulturell Landschaft a Groussbritannie gepräägt huet.
    7 min
  • Den Opwand hanner enger Edward-Steichen-Expo fir den MNAHA am Ausland
    Den 8. Juli ass de Vernissage vun der Foto-Expo “La nature d’Edward Steichen” bei de renomméierte Rencontres de la Photo zu Arles. Ufanks Juni sinn dem Edward Steichen seng Fotoen aus verschiddene Lëtzebuerger Sammlungen a Südfrankräich ukomm, Enn leschter Woch hunn Ekippe vum MNAHA a vum CNA de Montage vun der Ausstellung ofgeschloss, eng Fotospezialistin den Zoustand vun de Wierker iwwerpréift. Et geet hinnen anscheinend gutt. Alles prett? D’Kerstin Thalau gouf vun der Directrice vum Nationalmusée, d’Tania Brugnoni, méi iwwer de Balanceakt tëschent Presentatioun a Preservatioun gewuer.
    13 min
  • "Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwert "Wagner"
    "Wagner oder Gebrauchsanweisung für Fortgeschrittene in der sorgenfreien Liebe zum Bayreuther Meister": dës nei ILL-Produktioun leeft den Donneschdeg an de Samschdeg am Mierscher Theater. De Metteur en scène Jacques Schiltz ass beim Jeff Schinker am Studio, fir mat him iwwert d‘Stéck iwwert de kontroverse Richard Wagner ze schwätzen.
    19 min
  • Nei am Kino
    Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
    5 min
  • De roude Fuedem (net) verluer: déi nei Spillzäit am Escher Theater
    Keng Orientéierung méi: de roude Fuedem vun der nächster Spillzäit vum Escher Theater ass, datt mir de roude Fuedem verluer hunn. Ob den Theater kann hëllefen en zeréckfannen a wat eis, manner existenzialistesch gefrot, vu September 2026 un am Escher Theater erwaart, dat verréit eis d’Carole Lorang, Intendantin vum Escher Theater, déi beim Jeff Schinker am Studio ass.
    17 min
  • Der Filmredaktioun hire Filmtipp vun der Woch

    Bräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stoungen de leschte Samschdeg am Zentrum vun eiser Emissioun De grousse Kino: am Steven Spielberg sengem Blockbuster “Disclosure Day” d’Wiederfee, déi vun elo op gläich sämtlech Sproochen, jo esouguer “ausserierdesch”, beherrscht; an der Johanna Moder hirem “Mother’sBaby” eng Orchestercheffin, déi dorunner zweiwelt, datt hire Bëbee tatsächlech hire Fils ass; an an der Leyla Bouzid hirem “A voix basse” eng Walparäisserin, mat tuneeseschen Originnen, déi sech op eemol an der Heemecht fir hir Unerkennung asetzt. Eise Film vun der Woch ass ...”A voix basse” vun der Leyla Bouzid. Dozou méi vum Jeff Schinker a Vesna Andonovic

    10 min
  • Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou
    No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou: d’Bicher vum Verlag gëtt et da just nach bei Librairen, a Bibliothéiken a second hand. Wat bedeit dat fir d’Zukunft vum Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall vläicht esouguer ee méi déiwen, strukturelle Problem? Doriwwer huet de Jeff Schinker mam Eric Steffen, deen Op der Lay déi lescht Jore mat der Doris Bintener zesumme geleet huet, mam Marc Binsfeld vun den Éditions Guy Binsfeld plus Vizepresident vum Verband vun den Editeuren, mat der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press a mat der Claudine Muno, als concernéiert Op-der-Lay-Autorin, geschwat. An engem éischten Deel geet et hei ëm eng Zort Bestandsopnam vun der Situatioun vun de Verläg.
    12 min
  • Dem DJ Nosi säi viralen Hit
    Den NOSI, aka Eric Nosbusch, ass heiheem keen Onbekannte méi. No Rap-Lidder wéi “Schëdden”, “Klengen Drénken” a “Marrakesch” huet dee 26-Järege sech an de leschte Joren als DJ a Produzent profiléiert. Den internationalen Duerchbroch huet hien elo mat engem viralen Hit gepackt.
    9 min
  • "Locker Room Talk"
    D’Theaterstéck vun der Romy Weyrauch, der Therese Lösch an dem Jan Jaroszek hat den 9. an 10. Juni seng Première am Mierscher Theater a geet der Fro no, wat et haut bedeit männlech ze sinn, a wéi eng Wäerter a Virstellunge vu Männlechkeet Jugendlecher prägen. Bei eis am Studio erzielt d’Emma Hizette, wat ee bei dësem Stéck erwaart..
    7 min
  • Nuits en Or
    Déi beschte Kuerzfilmer aus aller Welt goufen et gëschter zu Paräis bei den Nuits en Or ze gesinn. Déi renomméiert Académie des César huet 36 Court-metragë selektionéiert, déi an hire respektive Länner den nationale Filmpräis gewonnen hunn. Lëtzebuerg war dann och direkt zweemol vertrueden. De Max Tholl war fir eis gëschter dobäi.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners