Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Prix de la photographie zu Klierf ënnersträicht d’Relevanz vum Medium
    De leschte Weekend war Photo Weekend an der Cité de l’image, also zu Klierf, bedeit Vernissage vun der Expo “Prix de la photo” inklusiv Präisiwwerreechung am historesche Brahaus an der Montée du Château, plus Vernissage vun der neier Open-air-Ausstellung “All is but temporary” vum Éisträicher Kai Walkowiak. Den Organisateuren no waren, trotz Canicule, eng 100 Leit bei de Visitten an Ateliere mat dobäi. Dir net?
    D’Expo “Prix de la photo” kënnt Dir bis den 30. August gesinn, dem Kai Walkowiak seng Serien zum Theema “All is but temporary” bis Enn Mee dat anert Joer. A fir Iech e puer zousätzlech Informatiounen an Explikatioune mat op de Wee ze ginn, huet d’Kerstin Thalau d’Sandra Schwender, Responsabel fir d’Programmatioun vun der Cité de l’image, an de Studio invitéiert.
    15 min
  • Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou
    No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? De Jeff Schinker hat Vertrieder vun Editiounshaiser, vum Kulturministère an Auteuren an de Studio invitéiert, fir de Sujet ze verdéiwen. An enger Zort Introduktioun hat d’Ronn en Etat des lieux gemaach, duerno déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen an och d’Visibilitéit an d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Literatur zu Lëtzebuerg, par rapport zum Ausland, diskutéiert. An engem leschten Deel geet et ëm Distributioun vu Lëtzebuerger Literatur. De Jeff Schinker am Gespréich mat den Editeuren Anne-Marie Reuter plus Marc Binsfeld a Jo Kox vum Focuna.
    15 min
  • De Screaming Fields 2026 - jonkt Geméis an der Rockhal
    De Screaming Fields ass de Rockhal hiren Nowuessconcours, bei deem all Joer 8 jonk Museksprojeten e klenge Schubs de Bierg erop kréien. Dozou gehéiert op der Bün vum Rockhal Club ze spillen, wat den 11. Juli wäert sinn. Kuerz nom ausgewielt-ginn a guer net méi esou laang virum groussen Dag, war de Marc Clement an der Rockhal an huet Impressioune bei deene jonke Bands a Museker:inne gesammelt. Wéi komme Jonker haut op d'Musek, a wéi eng Visioune verbannen si domat? Entdeckt ConFusion, Sousa, den Destiny Flexboy, d'Mici, de Steko, Friday Formal, Tears on Her Rings a The Environment.
    14 min
  • "Yesteryear": Vun der Tradwife-Fantasie an d'Realitéit vun 1855
    Wat geschitt, wann eng Tradwife-Influencerin op eemol an der brutaler Realitéit vum Joer 1855 erwächt? Genee mat dëser Fro beschäftegt sech der Caro Claire Burke säi Roman “Yesteryear”. D’Buch erzielt d’Geschicht vun der Natalie Heller Mills, enger Instagram-Tradwife-Influencerin, däer hiert Liewen online perfekt schéngt. Mee hanner där perfekter Fassad gesäit d’Realitéit ganz anescht aus. D’Emma Hizette huet d’Buch gelies.
    9 min
  • Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou
    No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall ee méi déiwen, strukturelle Problem? De Jeff Schinker hat Vertrieder vun Editiounshaiser, vum Kulturministère an Auteuren an de Studio invitéiert, fir de Sujet ze verdéiwen. An engem éischte Beitrag hat d’Ronn en Etat des lieux gemaach, an engem zweeten iwwer déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen diskutéiert. Hei geet et ëm d’Visibilitéit an d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Literatur zu Lëtzebuerg, par rapport zum Ausland. De Jeff Schinker am Gespréich mat der Anne-Marie Reuter an dem Marc Binsfeld
    11 min
  • Mam Vëlo bis op Teheran
    Si ass Autorin an Illustratorin. Iwwer Bierger klammen, d'Welt mam Vëlo entdecken an dat zeechnen an doriwwer schreiwen - déi jonk Bretonin huet sech matten an der Corona-Pandemie zu Plouër-sur-Rance op de Vëlo gesat an ass 15.000 km bis op Teheran gefuer. D'Valerija Berdi huet mat der Isabel Del Real geschwat.
    8 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    10 min
  • Film vun der Woch: "Jim Queen"
    Eise Film vun der Woch ass "Jim Queen", e franséischen Anime vum Studio Bobbypills, an deem eng nei Geschlechtskrankheet Homosexueller lues a lues heterosexuell mécht. Ee verréckte Film géint Homophobie, dee batter néideg ass an Zäite vu politescher Radikaliséierung. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker aus dem Grousse Kino.
    12 min
  • "Famesick" vun der Lena Dunham
    D’Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt huet. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an hirem neie Memoire “Famesick”. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners