Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal
    Suergen, Ängschten, Dreem a Realitéit vun engem Kand huet d'Anna Valentiny an dëser kuerzer Geschicht mat vill Empathie a Poesie zesummegepak. D'Illustratioune vun der Edith Burggraff ënnersträichen enorm liewes d'Fantasie vum klenge Kannibal. D’Valerija Berdi iwwer d'Buch "De klenge Kannibal", dat bei Point Nemo Publishing erauskoum.
    5 min
  • Beautiful Decay 2026
    Eng Ruin an en Trupp Museknerds, dat ergëtt dach normalerweis eppes Guddes. De Beautiful Decay investéiert vun haut den Owend erëm d‘Käercher Schlass mat Musek, Freed a Yoga ... an e puer waarmen Headliner. De Marc Clement ënnerhält sech mam Thierry Schmitz vun der Organisatioun iwwer eng Editioun mat staarken Highlighten.
    8 min
  • Seven Methods of Killing Kylie Jenner
    Am Theaterstéck huet d'Marie-Christiane Nishimwe d’Roll vum “Internet” gespillt. Do huet si d’Roll vum politesche Kierper vun der Schwaarzer Fra thematiséiert an der Klassik, esou wéi d’Fro vun der Schwaarzer Identitéit. An dësem leschten Extrait vu Klassik Talk verréit si dem Marie Trussart, wat et fir si heescht eng Schwaarz Fra ze sinn.
    6 min
  • Widow's Bay
    De Buergermeeschter Tom Loftis wëllt jo eigentlech just seng Gemeng méi attraktiv fir Touriste maachen. Allerdéngs schlummert ënner där verschlofener, onscheinbarer Uertschaft Widow’s Bay eng donkel Vergaangenheet, déi lues a lues erëm un d'Uewerfläch kënnt. De Gilles Schreurs stellt d’Serie “Widow’s Bay“ vir.
    0 min
  • D’Guangju-Biennale 2026 ass mat “Du muss däi Liewen änneren” iwwerschriwwen
    2026 ass schonn een aussergewéinlecht Joer fir de Casino Lëtzebuerg: de Forum fir zäitgenëssesch Konscht feiert déi ganz Saison mat engem spezielle Programm 30. Gebuertsdag a kuratéiert de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale zu Venedeg. Elo koum nach d’Nouvelle, datt de lëtzebuergesch-däitschen Duo M+M, also d’Multimedia-Kënschtler Marc Weis a Martin De Matia, d’Casino-Ekipp gefrot hunn, fir mat hinnen hir immersiv 3D-Videoinstallatioun “The Day of the Mantis” op der Biennale zu Guangju, a Südkorea, ze montéieren an ze presentéieren. D’Kerstin Thalau ass vum Kevin Muhlen, Direkter vum Casino Lëtzebuerg, méi iwwer de Projet gewuer ginn.
    0 min
  • De Soundtrack vu "La Merde" an de Mann hannendrun

    Fir et nach eemol an d’Gediechtnes ze ruffen: déi Filminstallatioun, déi am Moment am Arsenale zu Venedeg op der Konschtbiennale Lëtzebuerg representéiert, weist eng Strull Kaka, meeschterhaft mat Schauspillerei a Spezialeffekter op den Ecran gezaubert, op där hirer Spur, ähem, den Zuschauer duerch d’Gefill vun der Schimmt a verschiddene Situatioune geféiert gëtt. Dozou gehéieren och Geräischer, déi den Haaptpersonnage mat sech ronderëm dréit: Flatulenzen, Gespruddels a verschiddene Konsistenzen, Loftblosen an Eruptiounen.

    Fir nach eemol den Aperçu vum Wierk ze kréien, lauschtert an eiser Mediathéik den Interview mat der Kënschtlerin Aline Bouvy. Hei soll et ëm den Toun, ganz am Spezielle, goen. De Pierre Dozin, Partner am Tounstudio Sonic Shelter zu Bréissel a reegelméissege Kollaborateur vun der Aline Bouvy, hat zu Venedeg dem Marc Clement erkläert, wéi hien un d’Aarbecht fir de Film erugaangen ass.

    10 min
  • Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles
    De Mëtteg um fënnef Auer ass op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles Vernissage vun den 2 Fotoexpoen “La nature d’Edward Steichen” plus “Edward Steichen nei interpretéiert vun der Lisa Oppenheim”; dëst ë. a. a Presenz vun der Groussherzogin an eisem Kulturminister Eric Thill. An natierlech Lët’z Arles, d’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie engagéiert um Festival vertrëtt, an déi fir hire ronnen 10. Gebuertsdag dat Onméiglecht méiglech gemaach huet: d’Memberen hu Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Kollektiounen zesummebruecht, fir gemeinsam eng Steichen-Expo fir d’Rencontres op d’Been ze stellen. Eng Weltpremière! Wat den Edward Steichen fir de Festival bedeit, firwat eng Expo mat sengen Naturopnamen och besonnesch gutt bei den aktuellen Arles-Motto “Des mondes à relire” passt, ass d’Kerstin Thalau vum Rencontres-Direkter Christophe Wiesner gewuer ginn.
    4 min
  • Buchkritik: "Rejection"
    Wei steet et ëm déi mënschlech Verbindungen, wann d‘Liewe sech ëmmer méi um Bildschierm ofspillt? A sengem Buch “Rejection” zielt den Tony Tulathimutte Geschichte vu jonke Leit, déi an der Realitéit net méi Fouss fänken a sech dann am Internet verléieren. Dobäi entsti ganz grotesk Situatiounen, déi witzeg si mee och e battere Goût beim Lieser hannerloossen. D‘Claire Barthelemy huet eragelies.
    5 min
  • Ingeborg Bachmann - "Wir müssen wahre Sätze finden"
    Déi éisträichesch Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann gëtt en Abléck an hiert Schreiwen, hir Haltung zur Gesellschaft, zur Politik an och zur Sprooch. Wat et heescht, wouer Sätz an enger beschiedegter Sprooch ervirzebréngen, doriwwer méi vum Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Net vun dëser Welt: Ghinzu an der Rockhal
    De Concertsmarathon vum Summer geet weider: Nodeems déi lescht Deeg The Offspring, de Moby, d’Gorillaz, de Keanu Reeves mat senger Band Dogstar an A Perfect Circle queesch uechter d’Land gespillt hunn, huet gëschter déi belsch Band Ghinzu hire Concert nogeholl, dat nodeems de Sänger John Stargasm sech verletzt hat an de Concert am Juni huet misse verluecht ginn. De Jeff Schinker huet gëschter säi Concert-Marathon an der Rockhal weidergeféiert an ass beim Valerija Berdi am Studio mat sengen Andréck.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners