Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kee Kabes: "La nature" de Néckel Scholtus
    Zanter 10 Joer versichen d‘Membere vun der ASBL Lët‘z Arles déi Lëtzebuerger Fotografie am Kontext vun de Rencontres de la photo d‘Arles international méi bekannt ze maachen. An zwar net just duerch Fotokonscht-Expoen um renomméierte Festival. D‘Fotografin Néckel Scholtus, zum Beispill, war mat hirem neie Projet fir eng länger Kënschtlerinne-Residenz zu Arles selektionéiert ginn. Wat si dëse Februar, Mee a Juli a Südfrankräich erlieft, a wéi de Projet evoluéiert huet, ass d‘Kerstin Thalau wärend der Semaine d‘ouverture des Rencontres vun der Néckel Scholtus gewuer ginn.
    0 min
  • Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort
    Dëse Summer proposéiert d‘Valerija Berdi nees eng Rei Bicher, déi hir ganz besonnesch gefall hunn. Hei ass et d‘Gedichtband vun der Srdjana Jovanovic mam Titel: “Überall ohne Ort”.
    D'Buch koum an Zesummenaarbecht mat Ënnert de Radar - Produktiounen a fata.luxembourg eraus.
    7 min
  • "Eng wonnerschéi Wäertschätzung"
    Viru Kuerzem gouf den Dirigent an Enseignant Pit Brosius als Gewënner vum Prix Arts et Lettres 2026 ugekënnegt. De jonken Dirigent an Enseignant gëtt domat vum Institut Grand-Ducal fir seng Verdéngschter am Beräich vun der Kultur zu Lëtzebuerg geéiert. Fir hie selwer koum dës Nouvelle ganz iwwerraschend, wéi hien am Opus-Interview verroden huet.
    0 min
  • "Monsieur Steichen" nieft "La nature d'Edward Steichen" zu Arles
    Bis ufanks Oktober ass d’Foto-Expo “La nature d’Edward Steichen” um renomméierte Fotofestival “Les Rencontres d’Arles” ze gesinn. Direkt niewendrun presentéiert déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, hir kënschtleresch Reaktioun op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk mat enger Rauminstallatioun. D’New Yorkerin ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt, fir déi si heefeg, no akribesche Recherchen, Bildmaterial aus Archiver an anere Sammlungen op hir Manéier verschafft. D'Kerstin Thalau gouf vun der Lisa Oppenheim ënner anerem gewuer, firwat den Edward Steichen fir si ee vun de mysteriéiste Personnage vum 20. Joerhonnert war.
    0 min
  • Déi kinneklech Schwane-Parad
    Et ass eng Traditioun, déi an d‘12. Joerhonnert zeréckgeet, déi awer all Joer op en Neits stattfënnt: Zielen a Markéiere vu jonke Schwanen op der Themse. Dat Ganzt nennt sech Swan Upping a vermëscht Folklor, Ëmweltschutz an d‘Wuelbefanne vun den Déieren. Eis London-Korrespondentin Marie Billon huet matgezielt.
    0 min
  • Festival d'Avignon: Am Häerz vun der Däischtert
    Zënter enger Woch ass de Jeff Schinker zu Avignon, wou dëst Joer 1.800 Stécker am Off lafen. Um Enn vu sengem Theater-Marathon, deen deels bis spéit an d’Nuecht gaangen ass, héiert Dir hei live vun Avignon e Bilan aus dem In an dem Off.
    0 min
  • En neie Bléck op dem Edward Steichen säin Oeuvre op de Rencontres d’Arles
    Déi 57. Editioun vun de Rencontres de la photo zu Arles ass mat “Des mondes à relire” iwwerschriwwen. Also mat enger Invitatioun, d’Aktualitéit oder wichteg Sujeten, mat Hëllef vun der Konschtfotografie, oppen an nei ze hannerfroen; respektiv d’Oeuvre vu confirméierte Kënschtler:innen anescht ze kucken. Déi Lëtzebuerger Fotografie ass, duerch den Engagement vun der ASBL Lët’z Arles, eng zéngte Kéier um renomméierte Festival present: eng alleréischte Kéier gi Fotoe vum lëtzebuergesch-amerikanesche Kënschtler a Curateur Edward Steichen gewisen. An zwar net déi bekannt Portraiten oder Moudfotografien, och net en Echantillon vun der “Family of Man”. D’Expo an der Fondatioun LUMA dréit den Titel “La nature d’Edward Steichen”. D’Kerstin Thalau war bei enger Visitt vum Expo-Commissaire Ruud Priem vun eisem Nationalmusée mat dobäi.
    14 min
  • Off Campus
    Eng weider Äishockey-Romanz gëtt zum weltwäite Serien-Hit: De Sportler an d'Streberin - D'Handlung vun esou enger Libesgeschicht huet ee schonn Honnerte Mol gesinn, oder? "Off Campus" fänkt als typesch Teenie-Serie un an iwwerrascht mat méi schwéieren Theemen a positive Männerbild.
    0 min
  • Figure vun der Monstruositéit 2/2
    "Monstre-moi" ass ee queere Psycho-Thriller, an deem sengem Zentrum en Interrogatoire tëschent enger Psychiaterin an enger Massemäerderin steet. Am Stéck, dat mat den Erwaardunge vun den Zuschauer:innen an de Mechanisme vum Thriller spillt, geet et ëm d’Erfuersche vun der Figur vun der (weiblecher) Monstruositéit. "Monstre-moi" ass eent vun de ville Stécker, déi am Off vun Avignon lafen.
    De Jeff Schinker huet sech mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Clara Hertz an der Autrice a Metteuse en scène Laëtitia Leroy iwwer d’Stéck ënnerhalen – an doriwwer, wéi ee mat enger onbekannter Produktioun an ouni grouss finanziell Ënnerstëtzung als eng vun de ronn 1.800 Produktioun zu Avignon iwwerlieft.
    11 min
  • E Musée, wou d'Kanner d'Soen hunn 2/2
    Plomm - dat kléngt no Liichtegkeet an Duussheet. Plomm - dat ass den Numm vum Kannermusée, deen zu Wolz säi Sëtz huet. A wat esou besonnesch un dësem Musée ass, wisou e mat engem klassesche Musée absolut näischt ze dinn huet a wéi e Gewiicht d'Meenung an Aktivitéit vu Kanner a Jugendlechen hunn, dat erzielt den Nick Friedl vum Kannermusée am Gespréich mam Valerija Berdi.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners