Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Zum Doud vum Robbie Martzen
    Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim Nationale Literaturconcours. Seng éischt eegestänneg Publikatioun "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" ass ze Lëtzebuerg bei Black Fountain Press erauskomm. An dëser "Textsammlung " faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen zesummen. Mir lauschteren dem Michel Delage seng Andréck.
    5 min
  • Film vun der Woch: "Hen"
    E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.
    0 min
  • Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés

    Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.

    4 min
  • Liestipp: "Dans la jungle" vun der Adeline Dieudonné
    An der Adeline Dieudonné hirem véierte Roman "Dans la jungle" erfuerscht d’Belsch Schrëftstellerin eng toxesch Bezéiung, déi tragesch endegt. De Jeff Schinker huet de Roman gelies, a verréit, wisou de Roman sech, trotz senger Donkelheet, wéi ee spannende Thriller liest.
    0 min
  • Filmkritik: "The Last House" (Netflix)
    Den amerikaneschen Horror-Survival-Thriller "The Last House" setzt eng Famill an Zeen, déi wärend engem forcéierte Confinement zolitt op d'Prouf gestallt. De Michel Delage mat enger Kritik vun dësem Netflix-Film.
    4 min
  • Liestipp: "Famesick" vun der Lena Dunham
    D'Lena Dunham hat immens Erfolleg mat hirer Serie "Girls", an där si d'Liewe vu jonke Fraen zu New York an den 2010er Joren duergestallt hat. Ganz ongefiltert ass et hei ëm Relatiounen, Sex, Aarbecht a Famill gaangen. Wéi et awer hanner de Kulissen ausgesäit, wann ee jonke Mënsch esou séier berüümt gëtt an dann och nach mat chronesche Krankheeten ze kämpfen huet, dat beschreift d'Lena Dunham an hirem neie Memoire "Famesick". D'Claire Barthelemy huet d'Buch fir eis gelies.
    6 min
  • Liestipp: Birgit Bachmann – "Ein Samstag im August"
    Datt Familljen net just eng Plaz vu Sécherheet, Léift a Zesummenhalt sinn, dierft gewosst sinn. Déi däitsch Schrëftstellerin Birgit Bachmann stellt an hirem Debut-Roman "Ein Samstag im August" eng ganz Rei Persoune vir, déi duerch familiär Liene matenee verbonne sinn. Queesch duerch Generatioune weist d‘Autorin op Geheimnisser, Suergen, Dreem a Verbatterung hin, an datt Famill alles ka sinn. Op alle Fall esou licht wéi den Titel et versprécht, ass dëst Buch net. E Liestipp vum Valerija Berdi. "Ein Samstag im August" vun der Birgit Bachmann ass am Penguin-Verlag erauskomm.
    0 min
  • Eng Woch Stuerm

    "Eng Woch Stuerm" passéiert, wann de Gudde Wëllen an der Helleggeescht Gaass dem Label Two Steps Twice de Schlëssel fir eng Woch gëtt a seet: "Maacht wat dir wëllt". Wat si wëllen, ass Panels iwwer Filmsynic, Songwriting-Workshops, Echangen iwwer Film, Musek an hire Marketing, an natierlech ee Concert an eng House-Party. Reportage vum Marc Clement um vum Freiden den Owend, kuerz viru Schluss vun der "Woch Stuerm".

    9 min
  • Slow Fiction - Dollhouse

    E Poppenhaus ass eng kleng Welt, déi ee kontrolléiert. schützt, an agencéiert wéi ee wëllt. Mee och eppes Fragilles. Op "Dollhouse" gesi Slow Fiction eist Privatliewen als esou eng Welt a beschreiwe, wat passéiert, wann d'Baussewelt sech net méi ofwiere léisst. 

    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners