Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • “Superimposition”: Eng ongewéinlech Klangkompositioun
    Wann d’Klangkënschtler vum italieenesche Kollektiv Polisonum annoncéieren, datt si de Phänomen “Ouerewierm” an Ugrëff huele wëllen, kann een dovunner ausgoen, datt si net eng Aart Insektizid fir e Sënnesorgan entwéckelen. Di lescht Joren hunn d’Memberen, mat Hëllef vun enger spezieller Software, 10.000 musikalesch Ouerewierm, déi tëscht 2000 an 2022 erop an erof gespillt goufen, analyséiert. Interesséiert huet si zum Beispill d’Répétivitéit bei Musek an Text. Mat de charakteristeschste Schnëppel hunn si d’Soundinstallatioun “Superimposition” montéiert. An déi kënnt dir bis den 30. Juni am Cercle Cité lauschteren...a kucken! D’Kerstin Thalau am Gespréich mat den Expo-Curatricen Anastasia Chaguidouline a Francesca Ceccherini.
    17 min
  • Trick vum Ian De Toffoli
    Gehierverbrannt - esou bezeechent den Nicolas Calmes "Trick",dat lescht Stéck vum Ian de Toffoli, dat aktuell am Kasemattentheater ze gesinn ass.Gehierverbrannt am Gudden, am Schlechten, oder Béides? Dat ass d’Fro.
    5 min
  • Kulturagenda
    D’Luxembourg Museum Days; de Koll an Aktioun Festival; een engleschsproochegt Theaterstéck ënner der Organisatioun vum Anne Simon; an de KonschTour zu Veianen: dat a vill méi ass d’Kulturaktualitéit vun der Woch. Presentéiert vum Nicolas Calmes.
    7 min
  • Wéi goufen d'Punkte verdeelt?
    Et war eng enk Course tëscht der Schwäiz a Kroatien. D'Schwäiz krut am meeschte Punkte vun der Jury a Kroatien vum Public. A wouru läit et, dass Lëtzebuerg am meeschte Punkten aus Israel krut? D'Sophie Schroeder mécht ee Bilan.
    6 min
  • Out Of The Crowd Festival 2024
    De schéinste Festival fir alternativ Musek an Underground-Kultur feiert säin 20. Anniversaire. Mir si live an der Kulturfabrik dobäi a schwätze mat Maserati, bdrmm, Cola a Gilla Band.
    56 min
  • De Steve Albini war (k)ee Produzent...
    Analogopname mat vill Dynamik, déi op dat Präziist d’Zesummespill vun der Band afänke wollten – dat waren an e puer Wieder d‘Markenzeeche vum amerikaneschen Tountechniker Steve Albini, deen iwwer Jorzéngten de Sound vum amerikaneschen Indie matgepräägt huet. De leschten Dënschden ass de Steve Albini un engem Herzinfarkt gestuerwen. Hie war 61 Joer al. Ee Réckbléck op séng Karriär.
    11 min
  • D'Stëmmung no der Halleffinall
    Zanter gëschter wësse mer, datt d'Tali et an d'Finall vum ESC gepackt huet, a Lëtzebuerg de Samschden an der Finall vertrëtt. D'Sophie Schroeder huet op der Plaz e puer Stëmmen agefaangen.
    5 min
  • De Lëtzebuerger-Saarbrécker Kënschtler:innen-Austauschprogramm Artmix 2024 ënnert dem Motto “Gossip – Matters hard to grasp”.
    Grenziwwerschreidende Kënschtleraustausch fir eng nei Zort vu Kollaboratioun a Renconter tëscht Kënschtler:innen. Mat dësem Zil hunn d’Stied Lëtzebuerg a Saarbrécken 2005 de Programm “Artmix” lancéiert a weider ausgebaut. Fir déi aktuell 12. “Artmix”-Editioun huet e Jury d’Multimedia-Kënschtler Noé Deboutay fir Lëtzebuerg an Darja Linder fir Saarbrécken selektionéiert, déi hirersäits nach Sophia Löckenhoff an Hannah Mevis invitéiert hunn, fir zu véier, bal zu Lëtzebuerg, bal zu Saarbrécken, de Sujet “Gossip – Matters hard to grasp” konstruktiv z'attackéieren. D’Kerstin Thalau huet d’Quartett um Enn vun der Residenz am Cercle Cité begéint an ass méi iwwert den Echange gewuer ginn.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners