Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • En e bëssen anere Portrait vum Paul Auster
    Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen. E Schrëftsteller , dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D’Valerija Berdi ass eent vun deenen, déi ganz faszinéiert vum Paul Auster senger Literatur sinn a huet sech mat sengem Schreiwen ausernee gesat.
    13 min
  • En e bëssen anere Portrait vum Paul Auster
    Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen.  E Schrëftsteller ,  dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D’Valerija Berdi ass eent vun deenen, déi ganz faszinéiert vum Paul Auster senger Literatur sinn a huet sech mat sengem Schreiwen ausernee gesat. Mir lauschteren en Extrait. De ganze Portrait vum Paul Auster ass a “Kultur um 5” ze lauschteren.
    5 min
  • Zanter 2022 ouni "Ouni": déi alternativ Akafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat
    Iwwert d’Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d’Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d’Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D’Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.
    14 min
  • Wiltz Sessions sinn zeréck am Prabbeli… a Villes méi
    Nächste  Mëttwoch ass den Optakt vun enger spannender Saison am Prabbeli zu Wolz, wou zanter enger Zäitchen net nëmmen de Programmateur Marc Scheer zeréck ass, mee och d‘Sessions am Brandbau. Villes ass geplangt, besonnesch elo am Mee an am Juni. De Marc Clement wollt méi wëssen an huet de Marc Scheer an de Studio matbruecht.
    16 min
  • Marker Starling
    De kanadesche Sänger Marker Starling kënnt den Owend an d‘Rotonden, ee Mann vun Toronto, dee wéi duerch Zoufall Deel ass vun der klenger internationaler Krautrockzeen, déi d‘Londoner Stereolab a Vanishing Twin mat de Kölner Von Spar an hirem Entourage labber verbënnt. Ëmmer erëm héiert ee bei de Kölner een ee gewëssene Chris Cummings oder Marker Starling op de Vocals, brittesch-melancholesch a stilsécher. An och Solo mécht de Marker Starling scho laang super Musek. De Marc Clement wollt vun him wëssen, wéi ee Kanadier vun Toronto dozou kënnt, mat Kölner Neokrautrocker op enger Plack ze landen.
    8 min
  • Am Gespréich mat der Pauline Collet
    Fir den Ofschloss vun der Saison 23-24, wärend där den TOL seng 50 Joer gefeiert huet, inzenéiert déi jonk Metteure en scène, Schauspillerin an Auteurin Pauline Collet, "Times Square" vum Clément Koch - ee Stéck, dat als Celebratioun un den Theater geduecht ass an eis hannert d'Kulisse vun de Beruffer aus der Theaterwelt féiert. D'Metteure en scène ass haut bei eis live am Studio.
    13 min
  • De Prix Laurence a seng Laureat:innen
    Dëse Weekend hunn d‘Finalistinnen a Finaliste vum Prix Laurence hir Texter ze Beetebuerg virgedroen an de Jury huet dann och decidéiert, wien an den zwou Alterskategorien, 12 bis 17 an dann 18 bis 26 Joer ausgezeechent ginn. De Prix Laurence gëtt am Kader vum Literaturfestival „LiteraTour“ ze Beetebuerg organiséiert a riicht sech u jonk Mënschen, déi schreiwen. Valerija, Berdi huet mam Antoine Pohu, dee Member vum Jury ass, iwwer d‘Editioun 2024 geschwat.
    Alterskategorie 12-17 Joer:
    1. Präis - Prix Laurence 2024 :
    Ruben Chardome (16), Luxembourg - A poet's mind / One centimeter
    2. Präis :
    Alara Klopp (17), Luxembourg - AT THE HAIDRESSER’S. Your hair apparently likes to talk.
    3. Präis :
    Hugo Bouvier De La Fuente (13), Luxembourg - Clonalité.2.0
    Mention spéciale du Jury :
    Noémie Turquin (17), Luxembourg - Pilule Rose
    Coups de coeur du Jury :
    Charlotte Lindsey (15), Luxembourg - The Butterfly / A Ballerina
    Charles Nys (12), Luxembourg - LA chute, Le déclin d’un monde
    Publikumspräis (Onlinevoting) :
    Martina Adami (15), Italy – Gaia e l'abisso magico
    Alterskategorie 18-26 Joer
    1. Präis - Prix Laurence 2024 :
    Leni Georges (18), Luxembourg – Preacher liked the cold
    2. Präis :
    Priscille-Marie Chevrier (26), Luxembourg – De l’ailleurs / Soirées languides
    3. Präis :
    Jana Schockmel (20), Luxembourg – I am a poet
    Mention spéciale du Jury :
    Raquel Kisch (21), Luxembourg - (UN)SOCIAL MEDIA or the consumption of empty promises
    Coup de coeur du Jury :
    Cora Frank (23), Germany - Franglais, denglish et autre Wirrwarr!
    Publikumspräis (Onlinevoting) :
    Sofia Alami Laroussi (21), Luxembourg – The dark realm of solitude
    5 min
  • Den éischten Album vun der Lara Grogan
    D‘Lara Grogan huet scho mat 14 Lidder geschriwwen an d‘Leit ronderëm se iwwerrascht. No éischten Erfolleger, mat elo 20 bréngt si hir éischt Plack eraus, „The Sculptor“, mat direkt zwee Release-Concerten. De Marc Clement huet mat der jonker Musekerin geschwat.
    11 min
  • Dëse Sonndeg: B-Radio - Skateboard
    Wie Skateboard fiert, entwéckelt en anere Bléck op den urbane Raum. Den neie B-Radio leeft dëse Sonndeg um 11 Auer. De Michel Delage diskutéiert mat de Skate-Cracken Dan Luciani, Ornello Haan, Nicolas Calmes a Pierre Reyland.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners