Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche
    “In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchner Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur -plus Inhalt- interesséieren, ma och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer, d’Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm “Kunstpark Ost”; aktuell entsteet do d’“Werksviertel”, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d’”Konzerthaus München”. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D’Kerstin Thalau huet se gesinn a sech duerno mam Alain Roche ënnerhalen.
    16 min
  • D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse
    U wat schafft d’Kënschtlerin Marie Capesius den Ament? D’lescht Joer krut si d’Fotografie-Bourse vum Centre National de l’Audiovisuel, a mat där wäert si hir rezent Aarbecht publizéieren. De Joé Birchen wollt vun der Marie Capesius wëssen, wéi si sech genee dofir uleet, a wat een sech vum Projet erwaarden däerf.
    4 min
  • Kulturagenda
    De LiteraTour, Literaturfestival vun der Gemeng Beetebuerg; de Printemps des Poètes, Literatusfestival an der Kulturfabrik; vill Theater an nei Ausstellungen: dat sinn e puer vun de Kulturevenementer vun dëser Woch. Presentéiert vum Nicolas Calmes.
    8 min
  • D'Woch am Theater: "Nornen" a "My Body Keeps Changing My Mind"
    Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker ware sech "Nornen" vum Jacques Schiltz an der Claire Wagener am Ariston an "My Body Keeps Changing My Mind" vun der Marion Rothhaar am Kapuzinertheater ukucken. An als Epilog zu der Rezensioun vum leschte Richtung 22 Theaterstéck war den Nicolas Calmes och "Stëmm vu Lëtzebuerg" kucken.
    20 min
  • D'Woch am Theater: "D'Julie an den Aprikosejong"
    No der Molière-Quadrilogie geet d'Theatersaison am Centaure mat engem Kannerstéck, geschriwwe vum jonke Lëtzebuerger Auteur Cosimo Suglia, weider. Ëm wat et an "D'Julie an den Aprikosejong" geet a wat d'Erausfuerderunge vun enger Produktioun fir déi ganz jonk sinn - dat erzielen eis d'Metteuse en scène Daliah Kentges an de Schauspiller Luc Lamesch.
    19 min
  • Wuert von der Woch: Dekadenz
    Wéi gewinnt proposéiert eis de Jean Portante eis all Woch e Wuert, dat hien etymologesch zerpléckt. Haut ass et d‘Wuert Dekadenz. Dat hien am Gespréich mam Philippe Hansen erläutert.
    10 min
  • An enger rouder, grénger Wüüst
    Landschafte mat der Literatur verbannen? Dat ass méiglech, an zwar duerch d’Geopoesie. Si erméiglecht ee sensibele Bléck op d’Ëmwelt, a fir d’Geopoesie ze praktizéieren ass et am beschte wann een dobaussen ënnerwee ass. De Schrëftsteller a Paleontolog Robert Weis mécht dat méi dacks – hie war mam Joé Birchen zu Péiteng um Giele Botter ënnerwee, an zesummen huelen si eis mat op ee geopoeeteschen Ausfluch.
    9 min
  • Magnus & John - Snowbirds EP
    Zanter e puer Joer maachen zwee zougewandert Kolleegen zu Lëtzebuerg zesumme Musek, a verstoppen sech dobäi hannert de Kënschtlernimm Magnus & John, an heiansdo och hannert engem Ganzkierperkostüm. Hir Musek hält den Ideal vun der Techno-Musek héich – fräi a friddlech zesummen danzen - a gëtt mat der Zäit ëmmer méi raffinéiert. Haut bréngen déi zwee hir nei EP „Snowbirds“ eraus, an hunn dem Marc Clement e bësse méi iwwert déi nei Scheif erzielt.
    6 min
  • Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire
    “Perpectives”, esou heescht de Cours, deen un d’Schafen transversal erugeet. Schonn elo gi Schauspill, Jazz a Klassik hei matenee verbonn. Tëscht den dräi Gestalter vu “Perspectives”, e puer vun de Schüler:innen, an dem Direkter vum Conservatoire goung d’Gespréich ronderëm.
    Et schwätzen de Jazz-Pianist Francesco Schlimé, d’Schauspillerin Nora König, d’Schüler:innen Mathis a Gina, Den Direkter vum Conservatoire Marc Meyers an de Perkussionist Pascal Schumacher.
    13 min
  • Andréck vun engem virwëtzege Reesenden
    Poetesch-witzeg Momenter, onheemlech Situatiounen, glécklech Zoufäll. A senger Textsammlung "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" (Black Fountain Press) faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen, hannert deene méi stécht, wéi ee mengt, zesummen.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners