Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Interview mam Jacques Schiltz iwwer den neien ILL-Projet "Nornen"
    Laang Zäit goufe si vu méi lukrative Gottheeten an de Schiet gestallt - Gottheeten, déi mat vill Testosteron an décken Himmer op groussen Ecranen d’Keese vun den Hollywood-Boîtte gefëllt hunn. Dobäi sinn et si, déi Schicksaler wiewen - an ouni déi den Thor an de Loki net wéissten, wiem si den Hummer op d’Poute solle schloen. Rieds ass vun den Nornen, dräi Gëttinnen, déi ronderëm ee Buer Geschichte flechten.
    No enger Plongée an der Sarah Kane hiren donkelen Universum iwwerleet de Kollektiv ILL, wat et heescht, haut Geschichten ze erzielen - a verréckelt de Schwéierpunkt, deen nach ëmmer um Held, dem Gott au masculin läit, op dräi Fraen. Am Studio ass awer ee Mann - de (Ko-)Regisseur Jacques Schiltz.
    19 min
  • "Schrëftsteller gëtt, wien den Néierlage widdersteet"
    Et gëtt spekuléiert, datt hanner dem Pseudonym “Elena Ferrante” deen haut 81-Joer alen neapolitanesche Schrëftsteller an Dréibuchauteur Domenico Starnone stécht ...
    An Italien hat de Starnone säi literareschen Duerchbroch mat sengem 2000 verëffentlechten autobiografesche Roman “Via Gemito” - déi rezent englesch Iwwersetzung war dëst Joer fir d’Longlist vum International Booker Price nominéiert.
    De Michel Delage huet viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam Domenico Starnone geschwat - an hien un en eeleren Text erënnert, wou de Schrëftsteller nach doriwwer gezweiwelt hat, ob seng Texter nach laang géife gelies ginn ...
    8 min
  • Rentrée littéraire (8) Traversée du feu vum Jean-Philippe Blondel:
    An enger neier Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am aachte Bäitrag beschwätzt hien "Traversée du feu" vum Jean-Philippe Blondel, ee Buch, an deem den Auteur no enger Kriibserkrankung fréi traumatesch Erfarungen opschafft.
    4 min
  • D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse
    U wat schafft d’Kënschtlerin Marie Capesius den Ament? D’lescht Joer krut si d’Fotografie-Bourse vum Centre National de l’Audiovisuel, a mat där wäert si hir rezent Aarbecht publizéieren. De Joé Birchen wollt vun der Marie Capesius wëssen, wéi si sech genee dofir uleet, a wat een sech vum Projet erwaarden däerf.
    8 min
  • "Man ist, einmal gegangen, immer ein Gehender"
    Wéi definéiert ee seng Identitéit als Vertrieder vun der däitschsproocheger Minoritéit a Rumänien? Méiglech Äntwerte liwwert d'Iris Wolff an hirem neie Roman “Lichtungen” (Klett-Cotta Verlag). Déi präisgekréinte Schrëftstellerin weess vu wat si schwätzt: si gouf 1977 zu Sibiu respektiv Hermannstadt gebuer, als Nokomme vu Banater Schwaben.
    De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mat der Iris Wolff ënnerhalen.
    14 min
  • Marie Capesius - Ee Buch fir Heliopolis
    Héliopolis - dat ass eng Sidlung op der franséischer Île du Levant am Mëttelmier, an och den Titel vun der Marie Capesius hirer rezentster fotografescher Aarbecht. Zu verschiddenen Zäitpunkten iwwer dräi Joer ass si op der Insel op Entdeckungstour gaangen an huet hei d’Landschaften an hir Awunner festgehalen.
    D’lescht Joer goufen hir Fotografien an der Cité de l’Image zu Klierf ausgestallt, an elo soll mat der finanzieller Hëllef vum CNA ee Buch aus der Fotoserie entstoen.
    De Joé Birchen wollt vun der Kënschtlerin wëssen, wéi et fir si ass déi Biller nees opzeschaffen an an den Drock ze bréngen.
    4 min
  • Interview mat der Band Tvesla
    Tvesla ass eng vun de Lëtzebuerger Formatiounen, déi schonn iwwer 20 Joer dobäi sinn, mee déi hir Verweigerungshaltung esou pfleegen, datt een heiansdo den Androck kritt, si selwer hätte vergiess, datt et si gëtt. Reegelméisseg dauchen si dann awer aus der Vergiessenheet nees op an iwwerrasche mat hirer instrumentaler Musek, déi tëschent Stoner-, Noise-, Post-, Math- a Surferrock ugesidelt ass. Bei eis am Studio sinn haut de Gittarist Serge an de Yatsch, deen sech hanner dem Grapesound-Collective verstoppt a fir d'Artwork vun der Plack verantwortlech ass.
    20 min
  • Albumrezensioun: Elbow - Audio Vertigo
    Déi Brittesch Band Elbow brénge mit hirer 10. Studioplack "Audio Vertigo" ee Ruff äus der Liewensmëtt eräus, dee bal wéi eng Neigebuert kléngt. Ee Frontmann, deen nach net äusgeschwat huet, an eng Band. déi all nei Iddi mat vill Gefill ausmoolt.
    21 min
  • Ptolemea Musek vun de Sphären am Bartrenger ArcA
    D’Iddi, datt d’Distanz tëschent de Planéite kéint a musikaleschen Intervalle gemooss ginn, gehéiert zu enger vun deene méi kontroverséierte vum Astronom Claudius Ptolemäus, dee ronderëm 100 no eiser Zäitrechnung gelieft huet. De Lëtzebuerger Museksprojet Ptolemea, deen sech viru gutt fënnef Joer ronderëm d’Sängerin a Musekerin Priscilla da Costa kreéiert huet, gräift dës Iddi op. Der Metapher no expandéiert den Universum, well eis mënschlech Séilen dat och maachen, a genee dat Wuessen an u-sech-Schaffen ass zentral fir d‘Sängerin.
    Ganz speziell ass dofir de Concert, dee Ptolmea dëse Samschdeg, den 13. Abrëll zu Bartreng am Arca opféieren: eng Selektioun vu Musek aus hirem leschten Album “Balanced Darkness”, dee mat Videoprojektiounen hannerluecht d’Musek vun de Sphäre soll spierbar maachen. De Marc Clement war intrigéiert an huet der Priscilla da Costa, alias Ptolemea, einfach e puer Froe gestallt.
    13 min
  • Kulturagenda
    Ee Comedie-Festival, eng Fantasy a Science-Fiction Konventioun, eng Operett an eng Liesung. Dat sinn d’Kulturevenementer vun dëser Woch. Presentéiert vum Nicolas Calmes.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners