Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert
    Interpretéiert ginn se vun der Mezzo-Sopranistin Anna Bineta-Diouf an der Pianistin Eugenia Radoslava. D'Komponistin Albena Petrovic huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wat den Titel vum Album, Sanctuary, fir si bedeit. Si huet hir eegen Interpretatioun vun der Ermesinde hirer Biografie an erkläert, wéi een déi historesch Figur an engem modernen, feministesche Kontext nei interpretéiere kann. Zudeem verréit si, wéi eng Stécker een héiere sollt, fir sech mat hirer Musek vertraut ze maachen.
    11 min
  • De Bléck op déi wonnerbar VaLibrairie
    De Sonnde geet et an eiser Literatursendung ëm d’LeipzigerBuchmesse. D’Valerija Berdi an de Michel Delage haten do d’Geleeënheet mataacht Autorinnen an Auteuren ze schwätzen. Am Kultur um 5 gouf et e klengen Avant-Goût.
    8 min
  • Ausbléck op den TalentLab 2024
    Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann.
    Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Direkter vum Groussen Theater nogefrot.
    All weider Informatiounen iwwer d‘Programmatioun fannt Dir op theatre.lu.
    4 min
  • D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift
    Et huet alles mat enger typescher Kooperatioun tëschent engem Komponist an engem Orchester ugefaangen. D'Militärmusek an de Jean-Claude Braun hu schonn eng Rëtsch Wierker vum éisträichesche Komponist Otto Schwarz opgeholl. Dat ass och schonn de Fall gewiescht mat verschidde Wierker vum Lëtzebuerger Komponist a Militärmuseker Georges Sadeler. Zanter dem leschte Joer koum eng Komponent dobäi. Den neie Verlag Symphonic Dimensions vum Otto Schwarz huet zwee Lëtzebuerger Komponisten, den Tim Kleren an de Georges Sadeler, ënner Vertrag. Dat ass och ee vun de Grënn fir déi aktuell Opnamen hei zu Lëtzebuerg.
    De Christophe Mirkes huet sech mam Lieutenant Jean-Claude Braun, mam Otto Schwarz a mam Georges Sadeler iwwer d'Entwécklung vun dëser Zesummenaarbecht ënnerhalen.
    9 min
  • "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am fënnefte Bäitrag beschwätzt hien "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret.
    7 min
  • Ausbléck op den TalentLab 2024
    Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann.
    Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Direkter vum Groussen Theater nogefrot.
    All weider Informatiounen iwwer d‘Programmatioun fannt Dir op theatre.lu.
    12 min
  • "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am fënnefte Bäitrag beschwätzt hien "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret.
    6 min
  • Make it Brass
    Zu Housen ginn Ufank Abrëll Masterclasse fir Blechbléiser gebueden. Vun der Trompett iwwer de Cor an d'Trombonn, bis zum Tuba sinn all Instrumenter um Make it Brass Festival vertrueden.
    Den Directeur artistique Robin Rinchard huet dem Christophe Mirkes am Interview verroden, wéi néideg e Festival fir Blechblosinstrumenter ass, a wéi vill Umeldunge schonn erakoumen.
    8 min
  • De Weekend am Theater
    Dëse Weekend waren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker sech just ee Stéck ukucken - mee eent, dat mat gutt fënnef Stonnen an dräi Deeler bal méi intensiv war, wéi eng ganz Saison Lëtzebuerger Produktiounen. Mat "Extinction" bréngt de Julien Gosselin den Arthur Schnitzler, den Hugo von Hoffmansthal an den Thomas Bernhard, eng Rave Party, eng biergerlech Demeure an eng Konferenz op d'Bün vum Groussen Theater. Fir deen een ass et Miles Davis an David Foster Wallace an engem Owend, fir deen aneren eng perfekt Illustratioun an dräi Uleef vun engem Joerhonnert, an deem d'Mënschheet sech der Barbarei verkaf huet. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hiren Andréck.
    10 min
  • Usina Festival 2024
    De Festival zu Diddeleng geet a seng drëtt Editioun mat Cro, English Teacher, Say Yes Dog, Tali a ville méi. Rendez-vous ass den 1. an 2. Juni.
    22 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners